Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg
Erkläert Stories

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg

Dat neit Buch Les mammifères du Luxembourg, wat vun natur&ëmwelt

Europäescht Parlament bedreift Loundumping
Erkläert Stories

Europäescht Parlament bedreift Loundumping

Et ass schonn eng lëschteg Band, d‘Technokraten an déi mandatéiert

Kenns du dës Uertschaften?
Erkläert Stories

Kenns du dës Uertschaften?

Kommt an trëppelt mat eis nees eng Kéier duerch d’Land.

De Weltflüchtlingsdag, erkläert

De Weltflüchtlingsdag, erkläert

Flüchtlingswell ass haut manner an der Press wéi virdrun. Mee et ass ëmmer nach e wichtege, globalen Thema. Dobäi ass et net nëmmen de Krich, deen Mënschen aus hirer Heemecht verdreift.

Wat ass de Weltflüchtlingsdag?

De Weltflüchtlingsdag gëtt et säit 2001. Dobäi soll ënnerstrach ginn, wéi staark Flüchtlinge Leiden a wat se alles op sech huelen, fir dem Leed doheem ze entkommen. Dëst Joer gëtt och genotzt, fir iwwert eng Petitioun international Ënnerstëtzung fir Flüchtlingen ze erreechen.

Wéi vill Flüchtlinge ginn et?

D’UNHCR (United Nations High Commissioner for Refugees) gëtt un, datt et 65 Millioune Flüchtlinge ginn. Dobäi kommen 5,5 Milliounen aus Syrien, 2,5 Milliounen aus Afghanistan an 1,4 Milliounen aus dem Süd-Sudan. All Dag kommen 28,300 Flüchtlingen dobäi. 84% vun dëse Flüchtlinge landen an sech entwéckelnde Länner. 1 vu 6 Mënschen am Libanon ass e Flüchtling.

Firwat flüchten d’Leit?

Souwuel Krich als och natierlech Katastrophen a politesch Verfolgung kënnen e Grond fir eng Flucht sinn.

Wéi ass Europa betraff?

Säit 2015 ass Europa méi konkret vun der Flüchtlingswell betraff. 17% vun de Flüchtlingen sinn hei ënner komm. Déi gréisste Populatioun (2,9 Millioune Mënschen) sinn an der Tierkei ënner komm. Däitschland krut 722,400 nei Asylunträg – déi meeschten op der Welt.

Wéi ass Lëtzebuerg betraff?

Den Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration (OLAI) hat Enn 2016 3.095 Persounen bei sech gehat ze hunn. Demanden fir eng Protection internationale sinn 2015 staark geklommen: Waren et der 2014 der 1.091, waren se d‘Joer drop op 2.447 geklommen. 2016 gouf et e liichten Réckgang op 2.035.

Dëst Joer gouf et bis an den Abrëll 868 Demanden. Déi gréisste Gruppéierung dovunner maachen d‘Syrer mat 160 Demanden aus. Nëmmen 21,8% vun den Demanden dëst Joer si positiv beäntwert ginn.

Ähnlech Sujeten Erkläert, Flüchtlingen, Lëtzebuerg, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel