Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung
online dating honey trap

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

Um Freideg huet den nationale Rot fir d’ëffentlech Finanzen (CNFP)

https://moien.lu/deaf-dating-hearing/
online dating honey trap

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!
online dating honey trap

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!

Theobald Böhm – een Numm, deen de Wéinegste bekannt wäert

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

Um Samschdeg haten de Gesondheets- an de Kooperatiounsminister op de Weltgesondheetsdag opmierksam gemaach. Si wëllen sech engagéieren, eng universell Ofsécherung fir jiddereen ze schafen. Si ginn dann och vum Prinzip aus, datt all Mënsch muss Zougang zu enger qualitativer medezinescher Versuergung erhalen.

Dat muss dann awer och fir Lëtzebuerg gëllen, an hei stinn d‘Usiichte vu béide Ministèren net am Aklang mat der Siicht déi d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) hunn. D‘ONG MdM geet mat enger virsiichteger Aschätzung, vu ronn 1.500 Mënschen aus, déi zu Lëtzebuerg liewen awer keen Accès zu der genannter „ qualitativer medezinescher Versuergung“ sollen hunn.

Et dierf keen ausgegrenzt ginn

Rieds ass hei vu Mënschen, déi vulnerabel sinn: Mënschen ouni Wunnsëtz, Migranten, Persounen aus dem Milieu vun der Prostitutioun, Toxikomanen. Dozou misst een och déi „Aktiv“ Mënsche rechnen, also Persounen déi zwar schaffen, trotzdeem ënnert der Aarmutsgrenz liewen.

„Ëmmer méi aktiv oder affiliéiert Mënschen, si vum nationale Gesondheetssystem ausgeschloss, well se an Aarmut oder sozialer Onsécherheet liewen“, stellt d‘Sylvie Martin, Chargée de Direction vun MdM fest. Schold dorunner wieren zum engen déi administrativ Hürden, mee och d‘Schimmt.

Déi Leit maachen dann och oft net déi néideg Demarchen, déi oft besonnesch komplex sinn, fir de sozialen Tiers Payant ze erhalen. A well dës Persounen d‘Behandlungskäschten net virstrecken, oder d‘Medikamenter net bezuele kënnen, hunn se de facto keen Zougang zur medezinesche Soinen. Aus dem gemeinsame Communiqué vun de genannte Ministère geet dat net ervir.

Mat der universeller Versécherung wier dat anescht

Fir d‘ONG Doktere vun der Welt, sinn et dann och d‘Zuelen déi de Mëssstand däitlech maachen. 2017 hunn d‘Equipe vun MdM, 784 Patiente bei 2.144 Consultatioune medezinesch versuergt. Bei dëser Zuel muss een awer nach eng ganz Rei weider Déngschtleeschtunge berécksiichtegen: Behandlung „op der Strooss“, Zänndokter, Aendokter a weider Spezialisten.

„Déi grouss a virun allem steigend Zuel vu Persounen déi zu Lëtzebuerg vum Gesondheetssystem ausgeschloss sinn, ass fir esou ee räicht Land net akzeptabel“, bemierkt de President Dr. Jean Bottu. „Et ass onerlässlech, datt de Staat jidderengem de Zougang zu medezinesche Soine garantéiert, an dat besonnesch fir Mënschen déi vulnerabel sinn an/oder an Aarmut liewen“.

Doktere vun der Welt hunn dann och de Weltgesondheetsdag genotzt, fir op e neits eng „Couverture Médicale Universelle“ anzefuerderen. „Et ass net d‘Vocatioun vun MdM eng Alternativ zum bestoende System ze bidden, mee d‘Changementer ze initiéieren déi de System méi inklusiv a méi gerecht maachen“, ënnersträicht den Dr. Jean Bottu.

Kritik ass gutt, realistesch Virschléi si besser

Bei der ONG Doktere vun der Welt gëtt et awer net nëmmen eng gutt argumentéiert Kritik. MdM huet fënnef Recommandatiounen ausgeschafft, déi eise Gesondheetssystem méi inklusiv an accessibel maache kënnen, dat mam Bléck op d‘Aféierung vun enger universeller medezinescher Versécherung.

  • 1) Den Accès zum nationale System vum soziale Schutz, soll verbonnen si mam Fait, datt den Demandeur um lëtzebuergeschen Territoire liewen.
  • 2) De vollen Accès zur medezinescher Grondversuergung fir all d‘Kanner déi zu Lëtzebuerg liewen ze garantéieren. Dësen Zougang misst besonnesch bei den Impfunge séchergestallt sinn.
  • 3) Et muss de Sozialbüroe vun de Gemenge méi Moyenen zur Verfügung gestallt ginn, esou datt d‘Demandë fir den TPS (Tiers Payant Social) zäitno verschafft kënne ginn. MdM recommandéiert d‘Prozeduren ze vereinfachen an d‘Offer vum TPS och bei Persounen unzewennen, déi a finanzielle Schwieregkeete stiechen.
  • 4) Den Tiers Payant soll generaliséiert ginn, fir all Akt den ambulant ausgefouert gëtt, esou datt kee Mënsch op eng Behandlung verzicht, well gefaart gëtt, datt e sech déi net leeschte kann.
  • 5) Déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur ënnerstëtzen, esou datt déi all Patient behandelen, onofhängeg vun hirem administrative Statut.

Op esou séchergestallt ka ginn, datt kee méi duerch de „Raster“ fält, ass wuel net garantéiert. Et wier dat awer eng reell Verbesserung vum lëtzebuergesche Gesondheetssystem. Et gëtt dann och genuch Beispiller bei eisen Noperen – an der Belsch d‘AMU an a Frankräich d‘CMU – déi weise wéi et geet.

Ähnlech Sujeten Doktere vun der Welt, Gesondheetssystem, Tiers Payant, Weltgesondheetsdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel