Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!

Trotz konservativem Däitschland um Ufank vun den 80er Joer hu

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado
Neiegkeeten

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2019 verëffentlecht de staatleche

E blesséierte bei engem Accident an en Iwwerfall zu Bus
Neiegkeeten

E blesséierte bei engem Accident an en Iwwerfall zu Bus

Um Méindegmuere géint 11 Auer ass zu Diddeleng op der

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert

Eng Woch laang Reen, wuel net iwwerdriwwe vill, mee genuch fir engem d‘Flemm anzedreiwen

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert

Zanter enger décker Woch sinn d‘Wënzer an der Lies a bal esoulaang reent et och schonn. Gutt et ass verhältnesméisseg wéineg Néierschlag an der Quantitéit, mee Dag fir Dag an der Nätzt schaffen an dat och nach an de géie Wäibierger, dat schléit op d‘Gemitt an och d‘Drauwe maachen e flemmsegen Androck. D‘Wäilies 2019 presentéiert deemno sech net vu senger schéinster Säit.

Wann d‘Wënzer sech ugesiichts der Meteo schonn op Verloschter agestallt hunn, esou mussen si och nach feststellen, datt d‘Drauwen erhieflech manner Jus Opweises hu wéi ee sech dat erwaart huet. Elo kënnt och nach den Zäitdrock derbäi. Verschiddentlech huet sech schonn op de Parzellen d‘Verfaulung gewisen, a si verbreet sech wéinst der Fiichtegkeet entspriechend séier.

An de Wiederdéngscht kann de Wënzer nach ëmmer keng Besserung ukënnegen. Méiglecherweis kann et géint Mëtt de nächster Woch besser ginn. Dat géif et erlaben de Recht vum Pinot ze liesen, an et kéint een duerch de Riesling goen. Net direkt fir dësen eranzehuelen, mee fir sech all deem ze entleedege wat beschiedegt ass, an esou dem Recht nach eppes Zäit fir ze räife vergënnen.

E weidere Problem deen de Néierschlag mat sech bréngt: wéinst den naassen Drauwe bréngt de Wënzer vill Waasser mat an de Kelter, wat natierlech den Oechselegehalt beaflosst. Laut dem Wënzerverband wier dat bei der Produktioun vun de Cremante wuel net de gréisste Problem, fir alles anescht awer wier dat „Waasser“ onerwënscht. Et gëtt also alles versicht deem lass ze ginn.

Wéi et dann awer um Enn ausgesäit, kann een eréischt mat Sécherheet soen, wann d‘Lies ofgeschloss ass. Net datt een erwaarde sollt datt sech d‘Situatioun wiesentlech verännert, mee et soll e jo d‘Hoffnung net opginn. En éischten Androck dierft sech de Konsument dann awer scho beim Fiederwäisse maachen. Op et dees vill gëtt an op een eppes méi deier wéi soss wäert sinn?

Foto: Hei e Beispill wéi sech d‘Riewen an enger Lag zu Éinen leschten Donneschdeg presentéiert hunn. Do ass et dann elo net méi fir nach laang ze waarden. © Martine de Lagardère/moien

Ähnlech Sujeten Cremant, Drauwen, Néierschlag, Pinot, Riesling, Wäilies, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel