Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert
Neiegkeeten

D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert

D‘CGFP kënnt gutt virun, zumindest mat der Regierung an hei

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Neiegkeeten

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

CFL erënnert un d’Sécherheet bei de Schinnen

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um internationalen Dag vun der Verkéierssécherheet bei Barrièren aktiv deelgeholl huet. Zesumme mam Transportministère, der Police, der Verkéierssécherheet an dem Verband vun de Verkéiersaffer (AVR) wollt ee gëschter verstäerkt drun erënneren, op wat ee bei Barrièren oppasse soll.

Dëst Joer stoung dësen internationalen Dag (6. Juni) ganz am Zeeche vun de Beruffschaufferen, dozou ziele gréisstendeels Camion-, Bus- an Taxichaufferen. Well et reegelméisseg zu Tëschefäll bei – oder besser gesot tëschent – Barrièrë kënnt, ass een dobäi, d’Iwwergäng ofzeschafen, esou d’CFL an hirer Matdeelung. Fir den Ament ginn et zu Lëtzebuerg nach 117 esou Iwwergäng. Tëscht 2014 an 2019 sinn der 24 verschwonnen. An den nächsten néng Méint sollen der nach eng Kéier fënnef fortkommen.

Zwee Punkte fort an eng Geldstrof uewendrop

De Code de la Route schreift vir, datt ee bei rouder Luucht bei de Barrièren net méi duerchfueren dierf, och, wann d’Barrière nach op ass. Dëst gëllt iwwregens och fir Foussgänger. Virun allem wann et nees op eise Stroosse staut ass et wichteg, virun der Barrière ze waarden, bis datt d’Strooss hannendru fräi ass. Anerwäerts riskéiert een, op de Schinnen hänken ze bleiwen…

E Chauffer, deen déi rout Luucht bei der Barrière ignoréiert, verléiert deemno zwee Punkten op sengem Führerschäin a kritt uewendrop nach e Protokoll vun 145 Euro. Ausserdeem ass et verbueden, säin Auto op sou engem Iwwergang un d’Stoen ze bréngen. Esouguer, wann d’Duerchfaart fräi a keng rout Luucht ass, zitt dëst Vergoen e Protokoll vun 49 Euro no sech.

Mam Auto tëscht der Barrière gefaangen! Wat elo?

Wann een elo awer éieren eng Kéier tëscht zouene Barrièren hänke sollt: einfach duerchfueren! D’Barrièrë sinn aus Aluminium a knécke relativ séier ëm – déi eng oder aner Schréips um Auto dierft et engem no der Flucht aus dësem Mëssel wuel wäert sinn. Falls den Auto op de Schinnen eng Pann sollt hunn, soll ee sou séier wéi méiglech aus dem Auto klammen a sech a Sécherheet bréngen.

De Bremswee vun engem Zuch kann iwwregens bis zu 1,2 Kilometer laang sinn.

De Flyer vun der Campagne mat verständlechen Illustratioune fannt Dir hei.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Barrière, CFL, Journée Mondiale de la Sécurité Routière aux Passages à Niveau, Securité Routière, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel