Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne
https://moien.lu/dating-a-capricorn-man-forum/

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne

Am Bundesstaat Florida, zu Orlando huet den Donald Trump virun

debt speed dating
https://moien.lu/dating-a-capricorn-man-forum/

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer organiséiert en

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
https://moien.lu/dating-a-capricorn-man-forum/

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof

Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet bei de Gemengewahle vum 8. Oktober ronn 36.000 Matbierger net dovunner ofgehalen sech eppes méi interessantem zouzewennen. Eng provokativ Abstentioun, oder ebe just keng Loscht? Dorops well den Alex Bodry (LSAP) elo eng Äntwert fannen.

Am „Quotidien“ wëll een dann och schonn emol en Usaz fir d‘Ursaach vun der Abstentioun fonnt hunn. Esou géif sech de Wieler net méi eescht geholl fillen, wat een dann haaptsächlech un den deels drolege Koalitioune festmécht. Et huet eben net automatesch dee gewonne wou déi meeschte Stëmme kritt, mee déi „Formatioun“ wou eng Majoritéit zesummebréngt.

Et ass also falsch ze behaapten, datt wann et wéi dat zu Stroossen de Fall ass, sech den „Zweeten“ mam „Drëtten“ zesummendeet, enger Majoritéit vu Wieler onrecht gedoe géif. Aus réng demokratescher Siicht huet jo zu gudder Läscht d‘Majoritéit vun de Wieler hir Representanten am Schäfferot setzen.

An dofir muss een dann och emol drun erënneren, datt Demokratie näischt mat Gerechtegkeet ze dinn huet. Dat gëllt selbstverständlech och fir déi als „Gambia-Regierung“ benannten Dräier-Koalitioun. D‘CSV hat als Partei prozentual déi meeschte Stëmme kritt an huet sech um Enn awer misse mat der Oppositiounsbänk zefridde ginn. A jo, dat huet deem engen an anere Wieler net gefall.

Kloer gestallt

Et sinn dann och d‘Parteien déi eng Koalitioun bilden, net d‘Wieler. A fir datt sech eng Regierung aus dräi dach zimlech verschiddene politesche Lager zesummefënnt, muss déi Partei déi gefillt schonn ëmmer d‘Regierung gestallt huet et mat deenen net (ëmmer) gutt gemengt hunn.

Hätt also d‘CSV sech bei viregte Koalitiounen ëmmer gutt mam (Junior)Partner verstanen, hätt et dee berühmte Konsens ginn, da wieren se jo net zu hirer Drëtt op d‘Iddi komm, deenen de Stull vrun d‘Dier ze stellen. A Fakt ass jo um Enn dann och, datt eleng d‘CSV eben net d‘Majoritéit vun de Stëmmen hat. Hir Prozenter plus Null ass ebe manner wéi d‘Prozenter vun deenen aneren Dräi.

An hei ass dann och absolut irrelevant op d‘Wieler vun enger vun den dräi Parteien déi elo d‘Regierung stellen, et léiwer gesinn hätte wann hir Partei eng Koalitioun mat der CSV agaange wier. Mat der Stëmm deen de Wieler enger Partei senger Preferenz gëtt, kritt d‘Partei nëmmen d‘Mandat d‘Verspriechen aus der Wahlcampagne ëmzesetzen.

Näischt verstanen

Wann se dann am Quotidien dem Wieler d‘Fro an de Mond leeën „Firwat iwwerhaapt nach wiele goen?“ da bezéien sech an der Kanalstrooss op e puer wéineg Zouschrëften, déi hinne vun de Lieser an d‘Bréifkëscht geluecht goufen. An et ass och sécher richteg, datt sech e gewësse Prozentsaz u Wieler zu Recht dës Fro gestallt huet.

Op et eng Majoritéit ass déi sech déi Fro stellt, datt dierften zu gudder lescht d‘Parlamentswahle vun 2018 erweisen. Woubäi et hei dann awer schonn emol am viraus wichteg wier ze wëssen, wéi héich d‘Abstentioun bei de Parlamentswahlen (nom Putsch) 2013 war. Och eppes wat gäre vergiess gëtt, awer fir eng Erklärung oder d‘Ursaachefuerschung fundamental wichteg ass.

Wien 2013 ganz am eescht der Meenung war, datt iergendeen mat der CSV wéilt eng Koalitioun agoen, deen hat net verstanen, firwat et zu virgezunne Wahle komm ass. A wien dat net verstanen huet sech trotzdeem fierchterlech iergert an dowéinst de Gang zur Wal verweigert, deem kann een och mat Fakten net wierklech hëllefen.

Wou et klemmt

Wann also Leit et bewosst refuséieren sech um demokratesche Prozess ze bedeelegen, dann ass manner eng Fro vum „Averstane“ sinn wéi eng Koalitioun um Enn vun enger Wal erauskënnt, wéi déi firwat een de „Wieler“ net méi erreecht. Wien net wiele geet ass eben einfach generell net interesséiert oder huet kee fonnt vun deem en iwwerzeegt ass, datt dee seng Interesse verdeedegt.

Eng „onerwënschte“ Partei aus Protest ze wiele, schéngen dann och vill Wieler net als Optioun unzegesinn. Et läit also bei de Parteien sech nees dem Wieler ze stellen, deem nozelauschteren, seng Suergen an Ängschten unzehéieren an eescht ze huelen. Huet ee keng valabel Propose ze maachen, keng Äntwert op dat wat de Wieler als „Besoin“ betruecht, da kritt een ebe keng Stëmm. Och dat ass en Deel vum demokratesche Prozess.

An der Demokratie ass et eben net de „stäerksten“ dee gewënnt. Gewanne kann een als „stäerksten“ nëmme wann een eng absolut Majoritéit huet. Ass dat net de Fall, setzt sech d‘Majoritéit schlicht an ergräifend aus deenen zesummen, déi de néidege Konsens fonnt hunn an zesummen hiert bescht méiglechst maache fir aus ënnerschiddleche Programmer dat zesummenzeleeë vun deem se iwwerzeegt sinn et kënnen ëmzesetzen.

Et kritt keen op d‘Fangere geklappt

Wat een awer elo bei enger Abstentioun vu gutt 13% sollt interesséieren, ass wat dann all deene Leit blitt wëll sech net no Recht a Gesetz geriicht hunn. Den Alex Bodry deen, dorunner dierf och erënnert ginn, jo awer Affekot ass, stellt sech zwar berechtegterweis d‘Fro op de Parquet dat elo verfollegt oder op wéi ëmmer ënnert den Teppech gekiert gëtt.

Et ass weder him nach ons bekannt, datt jeemools een a jonker Vergaangenheet zur Rechenschaft gezu gi wier, well deen um Wahlsonndeg Besseres ze dinn hat wéi e wäissen Ziedel an eng Urn ze schmäissen. De wäissen Ziedel nämlech wier och eng Form vu Protest, leider gëtt dee Protest genau wéi d‘Abstentioun, ni wierklech berécksiichtegt. Wann een also um „Wahlzwang“ wëll festhalen, misst och d‘Gesetz uwennen, an deenen alleguerten op mannst e Protokoll heem schécken.

Wien sech dëser Aufgab beim Parquet sollt unhuelen, hei geet et ëmmerhin ëm 36.434 Fäll, ass leider net gewosst. Vläicht kéint een all deenen domatter entgéint kommen, wann de „wäissen Ziedel“ géif berécksiichtegt ginn. Da géif et zumindest Sënn maachen sech sonndes aus de Bett ze schielen, fir an de Wahlbüro ze goen ouni datt een engem eng Stëmm wëll ginn. An da wierkt och de Protokoll…

Ähnlech Sujeten Abstentioun, Alex Bodry, Gemengewahlen 2017, Gesetz, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel