Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
Money Neiegkeeten

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass
Money Neiegkeeten

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Fir déi „schnell“ hannert dem Steier gëtt et geschwënn eng

D‘Stad Lëtzebuerg – Service Logement: Nëmmen nach eng Telefonsnummer!
Money Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg – Service Logement: Nëmmen nach eng Telefonsnummer!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert den interesséierte Public, datt et ab dem

money

De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus

De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus

De STATEC: „Am Kontext vum global wirtschaftleche Wuesstemsréckgang huet Lëtzebuerg 2019 e gewësse Widderstand gewisen. Trotzdeem loossen déi vill negativ konjunkturell Signaler keng gutt Aussiichte fir 2020 zou“.

Bei de Statistiker mécht sech d‘Suerg breet, dat et mat der Konjunktur de Biergof geet. Et géif emol ze vill negativ Facteuren, déi op se awierken, an dat géif sech onweigerlech och op Lëtzebuerg auswierken. Déi international Spannunge wierken sech op de Wuerenaustausch, déi industriell Produktioun an d‘Investissementer néierschloen. De Wirtschaftsacteure gëtt och net méi vertraut.

D‘Eurozon steet matten dran an et wiere besonnesch eis däitsch Noperen, déi domatter en zolitte Problem kéinte kréien. De Wuesstem an der Eurozon 2020 wäert also wéineg ermonterend sinn, woubäi et och hei nees Gewënner a Verléiere wäert ginn. A wéi engem Mooss Lëtzebuerg zu där enger oder anerer Kategorie zouzeschreiwen ass, do kann och de STATEC nëmme spekuléieren.

2019 awer bleift „e gutt Joer“ fir d‘Lëtzebuerger Wirtschaft an déi staatlech Investitioune bleiwen eis erhalen. An awer weist de STATEC drop hinn, datt et villes gëtt, datt d‘Progressioun kuerzfristeg an d‘Stocke gerode kann. Esou wäert sech den internationalen Handelskontext och op eist Land auswierken, wat zu ënnerschiddleche Problemer an de verschiddene Secteure féiere wäert.

Inflatioun a Kafkraaft

Et dierf an dësem Kontext net vergiess ginn, datt dat gutt wirtschaftlecht Resultat vum 1. Semester 2019 net de Banke geschëlt ass – wéi dat ëmmer gären ugeholl gëtt – an déi dierften och 2020 wäit hannert den Erwaardunge bleiwen. Beim Konsum ass de STATEC zouversiichtlech, datt d‘Menage weiderhin alles kafe wat hinne vrun d‘Nues gestallt gëtt an och nees méi investéiert wäert ginn…

Dat awer kann, wann d‘Kris am Logement sech weider am bekannte Mooss (+11%) entwéckelt och séier eriwwer sinn. Déi bannenzeg Nofro u Gidder ass schliisslech enk mat der Kafkraaft verbonnen an déi gëtt vun ëmmer méi héije Loyere reell a Fro gestallt. De STATEC huet dann d‘Previsioune fir 2020 entspriechend revidéiert. Trotzdeem sinn si zouversiichtlech wat d‘Inflatioun betrëfft.

Opschwong

Bei der Inflatioun hat et am Fréijoer en Depassement vun den 2%, mee am Oktober huet se nëmmen nach bei 1,2% geleeën. Woubäi – esou de leschte Stand – et am Januar zu enger Indextranche kënnt. Net gewosst ass, wéi sech d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport op d‘Wirtschaft an d‘Inflatioun auswierke wäert. Dat verhënnert net datt een einfach emol unhëlt d‘Inflatioun 2020 läit bei 1,6%.

Manner Jobs a manner Goss fir d‘Staatskeess

Schlecht Prognose fir d‘Wirtschaft sinn och ëmmer schlecht Nouvelle fir wien op der Sich no enger Schaff ass. Laut dem STATEC ass d‘Beschäftegung an der Eurozon réckleefeg. Zu Lëtzebuerg war et 2019 nach zimlech ausgeglach, hei läit de Wuesstem bei +3,7%, mee 2020 géif dëse bei +3,2% ukommen. De Chômagetaux soll awer bei stabille 5,3%, also bal Vollbeschäftegung, bleiwen.

2019 huet de Lëtzebuerger Staat nach vun de Betribssteiere an enger dynamescher Konjunktur profitéiert. De wirtschaftleche Réckgang stellt dat alles awer a Fro an esou gesäit de STATEC och hei „schwaarz“. Huet et 2019 nach +7% bei de Steier-Recette ginn, esou dierft d‘Progressioun 2020 nach bei +3% leien. D‘Staatsausgaben dogéint, déi ginn nach emol ëm 11% an d‘Luucht.

Laut de Previsioune vum STATEC, géif den ëffentlechen Excedent sech 2019 ëm 2,8% vum BIP hale kënnen. A well et dann elo eppes „méi lues“ wäert virgoen, gëtt den Excedent fir 2020 nach just op 1,3% geschätzt. Interessant ass allerdéngs och, datt de Volet „Klimaziler & Klimaplang“ net mat kengem Wuert behandelt gi sinn. Mee och datt wäert sech konjunkturell bemierkbar maachen.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Index, Infaltioun, Konjunktur, Opschwong, Previsiounen, Statec, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel