Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
International Money Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

CHEM: Am Déngscht vum Patient
International Money Neiegkeeten

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
International Money Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

money

De Xi op Besuch beim Emmanuel

Et geet ëm Investitiounen an ëm Politik op Aenhéicht

De Xi op Besuch beim Emmanuel

De chinesesche President Xi Jinping ass zu Besuch bei sengem franséischen Homolog, Emmanuel Macron, a béid Staatsmänner hu sech schonn deen een oder aneren Tête-à-tête erlaabt. Bei dëser Staatsvisite geet et virrangeg ëm de Business. Zu dësem Zweck schléissen sech haut och déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel an den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker un.

Esou Konstellatiounen si seelen, mee spigelen, wéi an dësem Fall, d‘Wäitsiicht vum franséische President zréck, deen d‘Saache gären eppes méi „grouss“ gesäit. Interessant och wéi komplex sech d‘Politik iwwert den Alldag ewech mécht. Dat eegent Land dreet um „Macronismus“ ze zerbriechen an och innerhalb dem Club vun de 27 huet de Emmanuel Macron net nëmme Kollegen…

Haut awer ass hien en „Exempel“. E Staatsmann wéi een der an der EU – zumindest am Kontext vun der Aussepolitik – méi kéint hunn. Et ass e clevere politesche Schachzuch, datt de Fransous säi Staatsbesuch mat engem klenge „Multilateralismus-Sommet“ beschléisst. Mee wou ass de Message hannert dëser Aktioun? Wéi mussen oder sollen déi „aner“ mat dëser Polit-Show ëmgoen?

Et geet nëmmen ëm d‘Geschäft

Beim Emmanuel Macron senger Erklärung: „Mir maachen dat fir d‘Éischt am Kontext vun engem bilateralen Treffen, zum enge fir e Bild vun Europa ze presentéieren, datt sech organiséiert a kooperéiert. Zum aneren, fir an engem gudde Format de Multilateralismus ze diskutéieren. Esou hu sech eis chinesesch Partner dat gewënscht“. Oha, mir weisen de Chinese e Bild dat et net gëtt?

Also de Gedanken u sech ass jo net verkéiert, an et ass sécherlech och Richteg, datt et de Wonsch vun de Chinese war, dëse klenge Sommet ze organiséieren. Esou muss een och dem franséischen Ausseminister zoustëmmen, deen ugesiichts den Schwieregkeete mat den USA a Russland, eng Reorganisatioun vum Welthandel virausgesäit, an dofir brauch et eng gutt Bezéiung zu China.

Fir deem ganzen e positive Schlëff ze verpassen, huet de Jean-Yves Le Drian eng Behaaptung opgestallt: „Et kann een net géint d‘Äerderwiermung kämpfen, wann ee China net op senger Säit huet“. Dat ass Krass, well hien erwisenermoossen zu där politescher Klass gehéiert, déi sech fir de Klimaschutz nëmmen dann asetzen, wann d‘Prekariat an aarm Däiwelen d‘Laascht op sech huelen.

Investitioune mat Konsequenzen

China als Wirtschaftspartner unerkennen ass net verkéiert, Peking gesäit dat jo ähnlech. Wichteg wier och e politescht Partenariat, wat dann allerdéngs un de Wäerter vun der EU scheitert, well d‘Chinesen dat mat de Mënscherechter eppes differenzéiert interpretéieren. Woubäi d‘Faschisten an d‘Populiste schwéier beméit sinn, déi europäesch Standarden deene vu China unzepassen.

Den Emmanuel Macron huet dann nach festgestallt, datt den aktuellen „Zoustand vun der EU“, also enger Unioun vun Individualisten déi all hir eegen Zëppche kachen, Peking geleeë kënnt. China profitéiert wéi keng aner Natioun vun der Dommheet déi d‘EU auszeechent. Keen Zesummenhalt, jo nach net emol eng gemeinsam Strategie, hunn déi 27 Opweises. Geet iech elo e Liicht op?

Lëtzebuerg ënnerhält säi ville Joren eng Zort privilegiéiert Bezéiung zu China (am Beräich vun der Logistik a Finanz) an och Italien wëll sech un der neier Seidestrooss bedeelegen. Déi ost- a südeuropäesch Länner sichen och hir Avantage an den Handelsbezéiunge mat China. Rezent huet Italien, ouni Bréissel ze consultéieren, eng Rei Ofkomme mat de Chinesen ënnerzeechent.

Hinne geet zolidd ze Wapp

Zäit also elo ze erklären, firwat den Emmanuel Macron seng droleg Gesellen Angela a Jean-Claude zum Sommet agelueden huet. Hien, grad wéi d‘Ekonomiste vun der EU, gesinn den Opbau vun der neier Seidestrooss net nëmme positiv. China huet méi US-Dollar wéi d‘USA Scholden hunn, an et ongenotzt ronderëm trëllen ze loossen, géif eenzeg an eleng dem Donald Trump entgéint kommen.

Vill Geld dat fir de Projet Seidestrooss bereetgestallt ka ginn. An do sinn déi schwächst Länner vun der Unioun einfach „Affer“. Peking, setzt en Naturgesetz ëm: Grad wéi e Léiw sech als éischt un engem „geschwächten“ Déier vergräift, verhandelt China mat deenen EU-Länner, déi Investitiounen dréngend brauchen, fir hire Verflichtungen innerhalb der Wirtschaftsunioun gerecht ze ginn.

Den Emmanuel Macron huet dofir Suerg gedroen, datt franséisch Entreprisen, Verträg an engem Ëmfang vu 14 Milliarden Euro ofschléisse konnten. Kee Cent dovunner fléisst an Naturschutz oder Klimaschutz, mee de Gros gëtt an Atomkraaft an „Weltraumfuerschung“ gestach. Fakten déi dem Jean-Yves Le Drian bei senger Ausso entgaange musse sinn. Wat wuel Washington dozou mengt?

indymedia/par

Foto: „Si ganz frou de President Xi Jinping an seng Fra bei eis ze begréissen. Dëse Besuch wäert eist strategescht Partenariat stäerken, an d‘Roll vu Frankräich, Europa a China, zu Gonschte vun engem staarke Multilateralismus betätegen“ esou den Emmanuel Macron © Elysée

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Big Business, Emmanuel Macron, Jean-Claude Juncker, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel