Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann
Fail International https://moien.lu/marriage-not-dating-bed-scene-ep-14/

logout asian dating

Vum 11. bis den 28. Oktober fënnt een zu Stroossen

nail fungus dating
Fail International https://moien.lu/marriage-not-dating-bed-scene-ep-14/

De Chômage zu Lëtzebuerg weider réckleefeg

Aus dem leschte Communiqué vun der ADEM, geet ervir, datt

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!
Fail International https://moien.lu/marriage-not-dating-bed-scene-ep-14/

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen,

dislike

Besuch mat fadem Bäigeschmaach: de Yildirim bei der Kanzlerin

Besuch mat fadem Bäigeschmaach: de Yildirim bei der Kanzlerin

Déi diplomatesch Bezéiungen tëscht Däitschland an der Tierkei sinn am Ament net fräi vun Differenze. Den Afall a Nordsyrien, mam entscheete Wëllen, d‘Kurdemiliz YPG ze eliminéieren, oder d‘Schicksal vum Welt-Journalist Deniz Yücel laascht op de Gespréicher. Dat hënnert d‘Kanzlerin Merkel net dorunner, sech ze wënschen, datt ee sech nees méi no kënnt.

Fir den tierkesche Ministerpresident Binali Yildirim, war de Besuch zu Berlin awer e wichtegen. No deem et mam NATO-Partner USA op en zolitte Sträit erausleeft, well deen net gewëllt ass seng „kurdesch Alliéiert“ falen ze loossen, brauch d‘Tierkei nees Frënn, besonnesch därer vun deenen sech erhofft gëtt, datt se an der NATO Afloss hunn.

An esou ass dann och zu Berlin vill an haart doriwwer geschwat ginn, datt ee wierklech gewëllt ass d‘Bezéiungen ze verbesseren. Wéi dat soll goen, dat konnt bei der Pressekonferenz weder d‘Kanzlerin Angela Merkel, nach de Ministerpresident Binali Yildirim vermëttelen. Wann ee mat eidelen Hänn op Besuch kënnt, een awer mat vill Kaddoen nees wëll goen…

Eng Prioritéit: Deniz Yücel

D‘Angela Merkel huet sech bei der Pressekonferenz dann och betount „flexibel“ ausgedréckt: „De Ministerpresident an ech hu vereenbart, datt mir eis Kontakter intensivéiere wëllen, wa mir an Däitschland hoffentlech geschwënn eng Stabil Regierung hunn. (…) Ech hunn och op e neits drop higewisen datt dëse Fall (Deniz Yücel) eng besonnesch Drénglechkeet fir eis huet“.

Vum Binali Yildirim, deen ouni d‘Autorisatioun vum tierkesche President zu „dësem Fall“ näischt entscheeden an deemno och net versprieche kann, koum dës Äntwert: „D‘Tierkei ass e Rechtsstaat, an et ass un de Geriichter iwwert dëse Fall ze entscheeden“. Hie konnt awer d‘Zouso maachen, datt ee gewëllt wier, de Virgank unzedreiwen.

De Journalist Denis Yücel, setzt zanter engem Joer am tierkesche Prisong. Him gëtt ënner anerem Virgeworf, déi als terroristesch Organisatioun agestuuft PKK ze ënnerstëtzen. Och de Virworf, hie wier en däitsche Spioun (Originaltext Erdogan), weit schwéier. Experte ginn dann och ugesicht der aktueller Lag net vun enger schneller Léisung aus.

Keng Prioritéit: déi kurdesch Alliéiert géint den IS

Mat Sécherheet ass hannert de verschlossen Dieren d‘Operatioun „Olivenzweig“ ugeschwat ginn. D‘Tierkei wier jo duerch d‘Kurdemiliz YPG gezwongen a Nordsyrien anzedréngen, wou se mat däitsche Leopard II Kampfpanzer, géint déi vun Däitschland ausstafféiert kurdesch Truppe virgeet.

Do stinn sech aktuell däitsch Panzer, däitsche Panzerofwierrakéite géinteniwwer. Zudeem hätt d‘Tierkei gären seng eege Panzerfabrick, a Rheinmetall ass och benzeg deenen esou eppes opzeriichten. Wéinst dem Konflikt deen tëscht der tierkescher Arméi an der Kurdemiliz entflaamt ass kann Däitschland dem „Deal“ elo net zoustëmmen. D’Miliz gëtt nach just vun den USA „geschützt“.

Mat enger GroKo dierft den tierkesche Ministerpresident dann och net besser verhandele kënnen. Den aussepolitesche SPD-Politiker Niels Annen seet zu der gefuerderter Panzer-Oprëschtung: „Esoulaang wéi do am Nopeschland e Krich géint d‘Kurde gefouert gëtt, kann ech mir Waffeliwwerungen net virstellen“.

Verstéiss géint Mënscherechter am eegene Land an e Krich deen däitlech ethnesch Zich huet, hei muss sech déi international Communautéit d‘Fro gefale loossen, wéi esou ee Regimm nach ze stäipen ass? Zudeem gëtt et engem ze bedenken, datt sech op emol zwee NATO-Partner militäresch géinteniwwer stinn. Do kann et net eleng ëm d‘Flüchtlinge goen déi d‘Tierkei opgeholl huet.

mat AFP an Indymedia

Foto: D‘Kanzlerin Angela Merkel an den tierkesche Ministerpresident Binali Yildirim bei der Pressekonferenz . D‘Bundeskanzlerin hofft dann och, datt een endlech am Dossier Deniz Yücel virukënnt, de Ministerpresident wëll seng Panzerfabrick. © Stefanie Loos/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Binali Yildirim, Deniz Yücel, Kurdemiliz YPG, NATO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel