Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen
Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt,
Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt,
De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter
Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu
No engem optrëtträiche Summer eng erfollegräicher EP, an enger gutt besichter Facebooksäit, hunn „Dead Sinners“ sech e Club-Owend zu Iernzen am Little Woodstock gegënnt. Fir d‘Fans an eng gelleg Band un „Rocker“ war et nees héich Zäit d‘Jonge Live ze erliewen.
An dat mannst wat ee ka behaapten, se hunn richteg Gas ginn. Et war en Owend ënner Frënn an d‘Freet, datt de Regis Orlando och nees endlech 100% a Form war, dat no engem klenge Malheur, riseg grouss. Den Dan Fastro huet säi bass kamoud duerchkniet an de Yves „Ditsch“ Deville senger Batterie kee Kaddo gemaach. Um Micro (an op de Gittar) e gelleg verléifte Lucas Ferraz.
Ofwiesselnd déi eege Kompositiounen an hei an do eng Reprise ageluecht, esou konnt et net langweileg ginn. Trotz enger kuerzer Paus, déi genotzt konnt gi fir e Maufel bei de Jonge vum Harley Club Lëtzebuerg z‘iessen, et war nees ee vun deenen Owender déi einfach ze schnell eriwwer ginn.
Nujee, de Little Woodstock awer ass eng gutt Adress fir een deen net weess wouhinner e säin Däiwelche soll entféieren. Gutt, et war och ganz kloer déi richteg Plaz, fir mat gudde Frënn bei knackeger Musek sech deen een oder anere Patt zu Gemitt ze féieren. Wéi och ëmmer, wien grad keen huet fir matzehuelen ass och wëllkomm an et ass mat Sécherheet een do fir ze schnëssen oder eng Partie Kicker ze maachen.
Fotosgalerie: © Martine de Lagardère/moien.lu