Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eist Wieder verännert sech
International Stories

https://moien.lu/methods-of-dating-in-history/

Nodeems en Tornado d‘Uertschafte Péiteng a Käerjeng uerg a Matleedschaft

dating an older guy at 18
International Stories

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen

Wann déi venezuelanesch Oppositioun d‘Hoffnung hat, d‘Arméi iwwerzeegt ze kréien

money
TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen
International Stories

TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen

Am September 2016 war dat neit Gesetz iwwer d‘Déngschtleeschtunge vun

Deal oder No Deal?

Zäit fir e klengen Iwwerbléck iwwer déi neist Entwécklungen am britesche Parlament

Deal oder No Deal?

De Boris Johnson leescht verbatterte Widderstand, mee seng Géigner – déi sech net op e Brexit ouni Accord aloosse wëllen – hunn him op en Neits zolidd den Dicks gebéit. Gëschter huet d‘Regierung dann och matgedeelt sech net géint Gesetz ze stellen, nodeems sech am House of Lords zu dësem Gesetz bekannt huet. Dem Premierminister säin Appell fir Neiwahle gouf och net gehéiert…

Et gesäit deemno ganz duerno aus, datt e Méindeg d‘Gesetz géint en ongeregelten Austrëtt aus der europäescher Unioun endgülteg ugeholl gëtt. De Boris Johnson ass „not amused“ a weigert sech standhaft eng Verlängerung zu Bréissel unzefroen: „Léiwer dout am Gruef leien, wéi eng Brexit-Verlängerung ufroen“, esou de britesche Premierminister beim Besuch vun enger Policeakademie.

Stellt sech dann emol grondsätzlech d‘Fro: Wat bréngt dëst Gesetz? Sollt et net gelénge bis zum 19. Oktober en Ofkommes mat der EU ze ratifizéieren, misst de britesche Premier eng Verlängerung vun der Frist ufroen, well eng Scheedung ouni Accord da rechtlech net méi méiglech ass. Woubäi dat Gesetz net gläichbedeitend mat enger „Verlängerung“ ass, a Bréissel do och muss matmaachen.

An dat dierft komplizéiert ginn: dem Antrag mussen déi 27 Memberlänner eestëmmeg zoustëmmen, wat bis ewell scho vu Berlin a Paräis zréckgewise ginn ass. An awer muss een dierfe feststellen, datt den 31. Oktober als „Scheedungstermin“ esou net méi ze halen ass. Dat huet nees mat EU-Recht ze dinn, an deem net virgesinn ass, datt een e Member – och wann dëse goe wëll – net verjoe kann.

Schwéiert Ramouers bei de Konservativen

E weidere Problem stellt den Dissens an der Tory-Partei duer, wou sech Dissidente géint dem Boris Johnson seng Pläng opgestallt hunn. Dësen huet dann och no der Ofstëmmung déi „21 Rebellen“ aus der Fraktioun geworf a seng Majoritéit geaffert. Interessant hei: ënnert den Dissidente sinn esou prominent Personnage wéi den Alterspresident Ken Clarke oder den Nicholas Soames.

Nom Ausschloss vun de Rebellen huet déi gemässegt „One-Nation Group“ an der Fraktioun sech zu enger Erklärung hiräisse gelooss, an där si de Boris Johnson opfuerderen déi geschasste Memberen nees anzeglidderen. „D‘Moossnamen an de leschten Deeg, d‘Fraktioun vu gemässegte Memberen ze säuberen si prinzipiell falsch an eng schlecht politesch Praxis“, esou de Grupp am Schreiwes.

Schwiereg dierft et och fir de Boris Johnson sinn, Neiwahlen ze erzwéngen. Dofir brauch hien eng zweedrëttel Majoritéit am House of Commons an déi gëtt et aktuell net. Grond: d‘Oppositioun muss dovunner ausgoen, datt de Wahltermäin op en Datum nom Austrëtt geluecht gëtt, wouduerch et dann awer zum haarde Brexit komme géif, deen d‘Oppositioun jo eigentlech verhënnere wëll.

Wéi et méiglecherweis ka weidergoen

Et ass gewosst, datt d‘Sozialisten (Labour) vum Jeremy Corbyn sech virgezunnen Neiwahlen net verschléisse géifen, wann et dann zu enger Fristverlängerung komme sollt. Dat awer féiert direkt an eng „Patt-Situatioun“ vu datt de Boris Johnson erwisenermoosse keng Verlängerung zu Bréissel wäert ufroen. Et bleift keng aner Méiglechkeet, wéi e Méindeg nach emol Neiwahlen ze fuerderen.

A senger Ried op der Policeakademie huet de Premierminister zwar nees betount datt hien u sech keng Neiwahle wëll, déi aktuell Situatioun awer keng aner Optioune bereet hält. Trëtt dann elo ee Méindeg dat sougenannten „No Deal“ Gesetz a Kraaft, kéint Labour sech mam Wuert huele loossen an Neiwahlen zoustëmmen. Déi missten dann allerdéngs schonn de 15. Oktober ofgehale ginn.

Datt ausgerechent elo och nach de „klenge Brudder“ Jo Johnson dem Premierminister an de Réck fält, mécht et net besser. Deen huet net nëmme säi Job als Staatssekretär geschmass, hien huet och säi Mandat néiergeluecht. Et wier eng flott Zäit gewiescht, mee hie géif d‘Wuel vum Land virun ee gutt familiäert Verhältnis stellen, esou den Jo Johnson via Twitter. Dat léist déif blécken…

Politesch Achterbahn

Wien elo allerdéngs sollt unhuelen, datt de Boris Johnson um Buedem läit a sech sollt geschloe ginn, deen huet sech geschnidden. Vu Bréissel dierft et keng „Kaddoe“ ginn, zudeem een do der Usiicht ass, datt säi Beholl innepolitesch Ziler verfollegt. Dat hie mat senger „Zwangspaus“ fir d‘Parlament bewosst provozéiert huet fir Neiwahlen erbäizeféieren, gehéiert zum Kalkül.

Gutt, de Boris Johnson dierft sech net erwaart hunn, datt sech d‘Oppositioun esou vereent wéi dat de Fall ass, mee dës Eventualitéit dierft an d‘Iwwerleeunge mat agefloss sinn. A wann elo haut dat „No Deal“ Gesetz ugeholl gëtt, muss dat nach vun der Queen ratifizéiert ginn, an de Premier kann der hir noleeën dat net ze maachen, well et verfassungsrechtlech problematesch ass.

Tatsächlech géif d‘Regierung domatter „gebonnen“ an zwar an enger Aart a Weis wéi et dat nach ni ginn huet. An och wann sech d‘Queen aus dem politeschen Dagesgeschäft eraushält, zum Brexit huet si sech ni direkt geäussert. Et ass de Boris Johnson déi si an de „Konflikt“ agebonnen huet a si kéint duerchaus dem Premierminister noginn, an dëst Gesetz tatsächlech net ënnerschreiwen.

Et gett eis also nach en zimlech spannende Weekend an Aussiicht gestalt…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten BoJo, Boris Johnson, Brexit, House of Commons, House of Lords, Jeremy Corbyn, Jo Johnson, No Deal, Queen Elizabeth II
Nächsten Artikel Virrechten Artikel