Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
Neiegkeeten

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

Israelesch Noutstandsregierung steet
Neiegkeeten

Israelesch Noutstandsregierung steet

Et war schonn eng spannend Sëtzung vun der Knesset um

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un
Neiegkeeten

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un

2020 dierft a villen Hisiichten en mouvementéiert Joer fir d‘Haaptstad

Den Dealer a säin nekrophille Fetisch

Den Dealer a säin nekrophille Fetisch

Et gëtt där Gesellen op dëser Welt, déi een ëmmer nees op en Neits iwwerzeegen, dat et tatsächlech näischt gëtt, datt et net gëtt. Datt Droge schlecht fir d‘Gesondheet sinn, an een jee nodeem wat ee sech do agehäit séier dat zäitlecht seene kann, ass kee Geheimnis, mee wann den Dout zum Fetisch gëtt, sollt ee sech als Drogendealer Gedanken ëm de perséinleche Geeschteszoustand maachen.

Méiglech ass natierlech och, datt de Mann deen dem Untersuchungsriichter zougefouert ginn ass, sech geduecht huet: „Eng besser Stopp fënns de net“, wéi hien de Péitenger Kierfecht als déi ideal Lagerplaz fir säi Wuerenassortiment ausgewielt huet. Dat dommt mat de Kierfechter ass awer, datt mir Lëtzebuerger zuweile gären eis Verstuerwe besichen, firwat „Gestalten“ séier opfälleg ginn.

Esou gouf dann och um Freidegnomëtteg der Police eng Persoun gemellt, déi esouguer net an déi friddlech Landschaft gepasst huet. Et war Leit opgefall, datt eng Persoun eng Plastikstut – de Mann ass also och nach eng Ëmweltsau – um Kierfecht verstoppt huet. En Hiwäis deem d‘Zankerten no gaange sinn. D‘Police huet d‘Plastikstut mat onséilegen Inhalt entspriechend zügeg lokaliséiert.

Si hunn dann och dat eenzegt richtegt gemaach an dëse „Schatz“ emol onberéiert do gelooss, wou den Drogendealer dësen deponéiert hat. Si hunn sech nach just missen op d‘Lauer leeën a sollte fir dës Méi belount ginn. Den Drogendealer war no gewësser Zäit nees op der Plaz, an d‘Beamte konnten hien dann och ouni grousst Gedeessems festsetzen a mat op de Büro huelen.

Beim Borscht huet d‘Police dann 11 Gramm Kokain, nach emol 48 Gramm Heroin, wéi och eng beträchtlech Geldzomm (4.782 Euro) sécherstellen. Vill Erklärungen hu si vum Mann net verlaangt, d‘Beweislaascht war erdréckend genuch. Si hunn d‘Affär dem Procureur gemellt, deen de Mann verhafte gelooss huet. Hie konnt uschléissend seng Geschicht dem Untersuchungsriichter erzielen…

Illustratioun: Wann een anzwousch net higehéiert, da fält een op. An op engem Kierfecht, grad bei eis am Land wou sech bal all Mënsch kennt, seng Drogen ze stockéieren ass eng Denkbar domm Iddi, emol dovunner ofgesinn, datt een och d‘Rou vun de Verstuerwene stéiert. © Kenny Orr / unsplash

Ähnlech Sujeten Dealer, Drogen, Kierfecht, Péiteng, Police, Untersuchungsriichter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel