Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politesch Kultur am Wahlkampf
Kultur Neiegkeeten

Politesch Kultur am Wahlkampf

An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten

Nëmme wann s du vu Gréiwemaacher bass, kriss de hei eng perfekt Punktzuel!
Kultur Neiegkeeten

Nëmme wann s du vu Gréiwemaacher bass, kriss de hei eng perfekt Punktzuel!

An eisem leschten Kantonsquiz reese mer op Gréiwemaacher. Wéi gutt

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
Kultur Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin éischter Nummer 1 Hit gelant. Um 20. Juni kënnt hie fir een exklusive Concert an den Atelier a wäert mat sengen emotionale Songs fir Héngerhautmomenter suergen!

D’Erfollegsgeschicht huet am Fliger ugefaangen. Den 32 Joer jonke Museker krut ee kreativen Impuls an esou ass nom Saz vun engem Radio-Moderator „I wish that was a place we’d known about“ säi Songs „A Place We Knew“ entstanen, wouduerch sech uschléissend den éischten Album mam selwechten Titel entwéckelt huet.

Mat Liebeskummer-Atmosphär an batter-séissen Erënnerunge bréngt hie seng Gedanken op d’Bühn an dréit se musikalesch aus. Mat „Be alright“ konnt hien esou d’Musekswelt komplett a säi Bann zéien, wouduerch och den Album mat sengen 12 Lidder immense Succès erliewe kann.

„All d’Lidder sinn duerch Bezéiunge geschriwwe ginn an deenen ech war, Haiser an deenen ech gewunnt hunn an Hotel-Zëmmeren“, sou de Lewis. Mat iwwert enger Millioun Streams vu senge Wierker, a sengem Opstig zum „Billboard Chart-Breaker“ am Oktober 2018 gehéiert hie momentan zu de beléiftste Sänger weltwäit.

Weider Informatiounen

Den australesche Singer-Songwriter Dean Lewis spillt Donneschdes, den 20. Juni am Atelier zu Hollerech. D’Dieren ginn um 19:00 Auer op, den Ticket kascht 27,00 €.

Ähnlech Sujeten Be Alright, Concert, Dean Lewis, Den Atelier, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel