Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
Fail Kultur Stories

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht
Fail Kultur Stories

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
Fail Kultur Stories

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras

De Steampunk Festival am Fond-de-Gras, kann sech op säi Succès

dislike

Death Note ass e Remake, dee kee braucht

Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Death Note – Foto: James Dittiger
Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Death Note – Foto: James Dittiger
Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Death Note – Foto: James Dittiger
Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Death Note

Wat gouf net schonn alles iwwert des Netflix Ëmsetzung vun Death Note alles geschriwwen. Schonn am Virfeld war de Film problematesch, well en eng Geschicht, déi sech a Japan ofspillt, an d’USA versetzt. Dobäi kënnt, datt keng asiatesch Akteure geholl gi sinn, fir des Rollen aus dem Manga ze spillen. Mee elo wou de Film eraus ass, stellt sech eraus, datt dat bei wäitem net sou schlëmm ass, wéi d’Ännerungen am Plot a bei de Figuren.

Mord op Distanz

Am Original entdeckt den Yagami Light, héichintelligenten a musterhafte Schüler, d’Death Note. Wann een en Numm an dëst Buch schreift an dobäi där Persoun hiert Gesiicht virun An hält, stierft des Persoun ënnert de Konditiounen, déi ee beschreift. De Light decidéiert sech dorobber op eng extrem virsiichteg an iwwerluechten Aart a Weis zur Gottheet vun der Gerechtegkeet erop ze schaffen.

Sou vill Nuance gëtt et an dëser neier Versioun net. De Light hei ass onvirsiichteg, impulsiv an nach dobäi en Trottel, deen enger Matschülerin, déi e fir fënnef Minutte kennt, den Death Note weist, well en op hatt steet. An och wa seng Motivatioun a Backstory e Stéck wäit méi konkret si wéi an der Virlag an d’Relatioun mam Mia eng novollzéibar Dynamik huet, bleift en duerchgoend sympathesch. Ähnleches léisst sech och vun deenen anere Personnagen behaapten: Den L, en Detektiv dee probéiert eraus ze fannen, wien hannert de Morden stécht, huet einfach ze wéineg Zäit, fir sech ze entwéckelen. Dat schuet dem Film, ass des Dynamik tëscht him an dem Light d’zentral Achs am Manga.

Staark kompriméiert

Fir sech selwer betruecht ass de Film awer iergendwou och ganz interessant. E bréngt et fäerdeg esou vill Plotelementer vum Original ze kompriméieren, ouni dobäi total duercherneen ze maachen. Dat ass schonn eng Leeschtung, och wann dat ganzt duerch eng flaach Libesgeschicht zesumme gehale gëtt. Onspannend ass de Film och net, am leschten Drëttel packt en et souguer, ee relativ gutt mat ze huelen. Eng uerdentlech Inzenéierung wierkt hei reegelrecht Wonner! Mee et täuscht net doriwwer ewech, dat de Film iwwer laang Strecken langweileg ass an de Schluss eng akut Frechheet duerstellt.

Fans wäerten déi vill Ännerungen nerven. Neilinge langweile sech bei engem mëttelméissege Film. Do bleift da just nach d’Fro: Huet dat elo wierklech misse sinn? Death Note gouf als Anime, Videospill, dräi Filmer, enger Web-Serie, engem TV-Drama souwéi engem Musical (!) ëmgesat. Deelweis och ganz kompetent, wann een do un den Anime eleng denkt. Oder besser nach, einfach den Original liesen. Dovunner huet een och 14 Joer nom Erauskomme vum éischte Kapitel dat meescht.

Fotoen: Netflix

Ähnlech Sujeten Death Note, Film, Kritik, Kultur, Manga, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel