Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch
Neiegkeeten

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch

Wéi d‘Regierung sech e ganz besonneschen Deal mat der Bertelsmann-Duechter

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck
Neiegkeeten

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck

Am Kontext vum 20. Jubiläum vum féierende Lëtzebuerger Déngschtleeschter an

Dës Kanner huele kee Blat virun de Mond, wann se dem Trump säin éischt Joer bewäerten
Neiegkeeten

Dës Kanner huele kee Blat virun de Mond, wann se dem Trump säin éischt Joer bewäerten

Wien no brutal éierleche politesche Kommentare sicht, braucht am Fong

De Xavier, d‘Paulette an de Mëssel mat engem ongebiedene Gaascht

De Xavier, d‘Paulette an de Mëssel mat engem ongebiedene Gaascht

Bei der Pressekonferenz vu gëschter, huet d‘Regierung sech esouwäit ganz zefridde gewisen, wat d‘Wierkung vun de Mesure betrëfft, déi ergraff goufe fir déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris, op engem fir d‘Bevëlkerung erdréigleche Mooss ze halen. Mee de Premierminister Xavier Bettel (DP) huet och nach emol betount datt mir net iwwert de Bierg sinn.

Säitens der Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) heescht et, datt et duer geet sech an der onmëttelbarer Noperschaft ëmzekucken (Regioun Grand Est), fir sech bewosst ze ginn, datt eng Agrenzung vun der Verbreedung vun der Infektiounskrankheet, déi eenzeg Sécherheet bitt, eise Gesondheetssystem net ze iwwerlaaschten an esou Tragedien ze verhënneren.

Mat engem Optimismus, deen engem soss just vum Donald Trump ëm d‘Ouere geschloe gëtt, heescht et, datt déi kommend Woche ganz haart wäerte ginn, mee Lëtzebuerg prett ass sech dem Ustuerm ze stellen. d‘Kapazitéit vun den Intensivbetter ass vun 170 op 300 ugehuewe ginn, an et sinn elo och 43 zousätzlech Beotmungsapparater an weider wichtegt Material ukomm.

D‘Stierflechkeet läit den Ament zu Lëtzebuerg bei 1,1%. Um Freideg Moien hat et 2.612 „Fäll“, 232 Hospitalisatiounen (dovunner 43 op der Intensivstatioun) an ze bekloe waren zum Zäitpunkt vun der virtueller Pressekonferenz 31 Covid19-Affer. Ronn 500 Leit gëllen als geheelt. Alles allem sinn eng 21.500 Tester gemaach ginn. Dat klengt esou dréchen duergestallt net schlecht.

Mee den Däiwel stécht am Detail, wat eis nees zum Xavier Bettel senger Ausso „Mir sinn nach net iwwert de Bierg“ zréckbréngt. Laut der Gesondheetsministesch, wier festgestallt ginn, datt am Verlaf vun der leschter Woch vill „eeler“ Mënsche positiv getest goufen. Et wier deemno, esou de Premier, net wierklech den Ament sech d‘Zäit am Supermarché ze verdreiwen…

Ganz ouni Widderspréch geet et an der Politik net

De Motto „Bleift Doheem!“ gëllt also an erhéichtem Mooss fir eis Senioren, deene jo och am ganze Land ganz vill, a virun allem gutt Servicer ugebuede ginn, déi, wann se dann och benotzt ginn, gréisstméigleche Schutz bidden. Dat geet vun den Initiativen um Gemengenniveau bis hin zur Plattform corona-letzschop.lu. D‘Méiglechkeet sech selwer ze schützen ass denkbar einfach.

Wien elo mengt, nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) annoncéiert huet datt de Schoulbetrib – zumindest partiell – nees de 4. Mee opgeholl géif ginn, well ee jo awer d‘Examen zumindest fir déi „Grouss“, et kéint sech op eng Lackerung vun de Moossnamen astellen, dee muss op dëser Plaz enttäuscht ginn. Et wier weder den Zäitpunkt nach richteg elo nozeloossen.

Dat heescht natierlech net, datt sech d‘Regierung net scho géif Gedanken iwwert den „Duerno“ maachen. Et géif mat ganz vill Äifer an Asaz un de Pläng fir d‘Zäit no der Kris geschafft an et schéngt schonn emol festzestoen, datt en Enn vum Confinement progressiv, also an Etappe wäert stattfannen. A bis dohinner muss analyséiert, studéiert, getest a nach villes méi gemaach ginn.

Et kéint also méiglech sinn, datt deemnächst een un ärer Dier schellt an eng Bluttprouf wëll. Den Dispositiv fir Tester un engem „Echantillon“ vun der Residenten ze maache steet. Dës Mesure, ass wichteg fir sech eng Iddi dovunner ze maachen, wéi vill Persounen infizéiert goufen, a wien ënnert dësen Antikierper entwéckelt. Op déi Tester „fräiwëlleg“ sinn oder Zwang besteet, ass net gewosst.

Illustratioun: © Pacific Northwest National Laboratories / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid-19, Heemliwwer-Service, Paulette Lenert, vulnerabel Persounen, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel