Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!
Neiegkeeten

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

No enger Rei Plainten ass de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt
Neiegkeeten

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!

Trotz konservativem Däitschland um Ufank vun den 80er Joer hu

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis

No enger Petitioun zur Legaliséierung vum Cannabis, war den Zousproch esou grouss, datt den Thema et zu enger Debatt um Krautmaart bruecht huet. Woubäi, wann ee sech am Ausland ëmkuckt, d‘Fro berechtegt ass, firwat et zu dësem Thema en Debat brauch. Et sollt ee bedenken, datt de Cannabis ee vun den am meeschte konsuméierte Genossmëttel zu Lëtzebuerg ass.

A fräi no dem Motto: „Legal, Illegal, Schäissegal“ wier et glat gelunn ze behaapten, datt een de Verbuet vum Cannabis géif duerchgesat kréien. Laut der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) hätte geschätzt 9,8 % vun den Awunner am Alter tëscht 15 a 34 Joer, iwwert déi lescht 12 Méint, méi oder manner regelméisseg Cannabis konsuméiert. Eng virsiichteg Schätzung.

Mee och déi vum Gesondheetsministère avancéiert Zuele maachen däitlech, datt dat wat een zu Lëtzebuerg joerzéngtelaang ënner „Drogepolitik“ verstanen huet, näischt bruecht huet. Repressiv géint de Cannabis-Konsum virzegoen huet vläicht Carrièren zerstéiert, net awer dozou bäigedroen, datt och nëmmen 1 Gramm manner verkaf gi wier. Et gëtt dann elo héich Zäit eppes ze änneren.

Hallefhäerzeg Zouso

Déi dräi Auteure vun der Petitioun hunn ee ganz zefriddenen Androck gemaach, nodeems de Marco Schank (CSV) hinne matgedeelt huet, datt sech am September eng Kommissioun op breeder Basis mat der Problematik vun den Drogen, dem Alkohol, de Medikamenter an der Spillsucht, befaasse soll. Eng Kommissioun, déi sech och déi ënnerschiddlech Modeller am Ausland wëll ukucken.

Fir de Guy Munhowen, ee vun den Auteure vun der Petitioun, ass dat schonn e Fortschrëtt. D‘Zil vun de Petitionnairen ass awer de rekreative Cannabis ze legaliséieren an eng Vente iwwert – wéi dat beispillsweis an Holland de Fall ass – „Coffee-Shops“ hierzestellen. De Guy Munhowen ass kee Cannabis-Konsument, an huet eng konkret Virstellung wéi mat Thema ëmzegoen ass.

„Mir ass de Jugendschutz wichteg, an iwwerhaapt soll d‘Gesellschaft an de Rechtsstaat geschützt sinn. Gläichzäiteg muss een de parallelle Mäert, an de Geforen déi mam Trafic zesummenhänken, en Enn setzen“, esou de Joé Schmit, e weideren Auteur vun der Petitioun. De Guy Munhowen weist och drop hin, datt d‘Legislatioun iwwert Drogen aus dem Joer 1973 staamt.

De Brigangen d‘Geschäftsfeld iwwerlooss

„Mat dësem Gesetz huet de Staat mafiéise Strukturen d‘Kontroll vum Maart iwwerlooss. Haut ass duerch de (gezwongener Moossen) illegalen Trafic, näischt méi ënner Kontroll“, ënnersträicht de Guy Munhowen, deem et souwisou léiwer wier, wann een hei vu Reglementéierung an net vu Legaliséierung géif schwätzen. Kee fräie Verkaf, mee e strikten Encadrement, ass wat gewollt ass.

Esou soll beispillsweis den Handel net am direkten Ëmfeld vu Schoule stattfannen (Mindestofstand 500 Meter) an en Erwuessene soll och net méi wéi fënnef kafen dierfen.

Um Krautmaart hunn déi Deputéiert de Message verstanen, haten dann allerdéngs och eng ganz Rei Froen: „Wa gewosst ass, datt vill Konsumente mannerjäreg sinn, wéi soll dann de Modell deen hei virgeschloe gëtt, ee parallelle Maart verhënneren?“. „Wéi steet et da mam Drogentourismus?“. „Wéi kann een d‘Qualitéit vum Produkt sécherstellen?“. „Wéi geet een domatter am Verkéier ëm?“.

E gliddegt Eisen

De Sujet „Cannabis“ ass eppes mat deem sech d‘Politiker aller Couleur zu Lëtzebuerg schwéier dinn, déi konservativ eppes méi wéi all déi aner. Esou ass mat der CSV esouwuel d‘Legaliséierung wéi och eng Reglementéierung net ze maachen, och wann e sech enger Diskussioun net verschléisse wëll. D‘ADR geséich et gären, datt et Reglementéierung op europäeschem Niveau gëtt.

All déi aner kënnen sech eng Reglementéierung virstellen, woubäi een hei den Terrain awer misst gutt virbereeden. Datt een de kanadesche Modell als Virbild kéint huelen – dee bitt gutt Usätz fir d‘Produktioun an d‘Distributioun, streng Strofen am Fall vum Verkaf u mannerjäreger, och wann déi es dierfe besëtzen – fënnt wéineg Zousproch an d‘Ministere ruffen zur Virsiicht op.

D‘Lydia Mutsch, dat Cannabis fir medezinesch Besoinen an nëmme fir Leit déi doudkrank sinn wëll erlaben, weist hirersäits drop hin, datt de kanadesche Modell aus dësem Joer staamt, an et esou net méiglech sech op Erfahrungswäerter ze bezéien. Si erënnert dann och drun, datt Lëtzebuerg eent vun de wéineg Länner ass, an deem de Konsum entkriminaliséiert gouf.

Dat bestoend Gesetz ass gutt?

An de Justizminister Felix Braz (déi gréng), fënnt dat aktuellt Gesetz gutt. Hei ass alles verbueden, de Verkaf, de Kaf, den Ubau, de Konsum… einfach alles. Den Auteure vun der Petitioun mécht hien de Virworf mat falschen Zuele geschafft ze hunn. Esou wier aktuell nëmmen all 5. Client zu Schraasseg, wéinst engem Drogendelikt op Besuch, an do ass de Cannabis net déi eenzeg Ursaach.

Dat ännert dann awer séier wéineg um Fakt, datt déi repressiv Mesuren net derzou bäigedroen hunn, datt es Manner vun dësem „lëschteg Kraut“ verkaf gëtt. Villméi ass et esou, datt richteg Brigangen sech hei steierfräi eng Mouk uleeë kënnen, et keng Kontroll bei Ubau, Zesummesetzung a Vente gëtt. E Strikte Verbuet bedeit, datt een un der Geforesituatioun näischt ännert.

Ze Bedaueren ass an dësem Kontext och, datt de Volet Cannabis an der Kommissioun um gläichen Niveau wei Alkohol, Medikamenter a Spillsucht soll behandelt ginn. Et awer de Cannabis deen illegal ass, an dee sollt reglementéiert ginn. Et geet an éischter Linn eben net ëm d‘Sucht oder de Mëssbrauch, mee d‘Fro, wéi een den Ëmgang mat dësem „Genossmëttel“ well encadréieren.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Krautmaart, Legaliséierung, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel