Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
https://moien.lu/dating-hermes/

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei

speed dating birmingham revolution
https://moien.lu/dating-hermes/

best free dating site for over 50

En neie Mount bréngt nei Saachen op Netflix. Hei presentéiere

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
https://moien.lu/dating-hermes/

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

Et huet een d’Leit bis eraus laachen héieren. A wien war dofir verantwortlech? Majo d’RTL Deckkäpp. Gëschter Owend hu si op der Fabrik am Préizerdaul ronn 180 Leit vu Laachen d’Tréinen an d’Ae gedriwwe mat hire lëschtege Witzer, Dommheeten iwwert de Pitti, Musek a Gesang.

De monteren Trupp ass nach bis Enn des Jores an eisem Ländchen ënnerwee. Majo gëschter war dunn de Préizerdaul drun, den fir säi fantastesch Ouschterfest, d’Beachparty an de Renert bekannt ass. D’Dëscher am Sall ware mat 180 Leit, déi natierlech de ganzen Owend super zerwéiert gi sinn vum Racing Team Power Bull’s, och richteg gutt besat a jiddweree war gespaant op de Programm vum Owend.

Op d’Sekonn genau ass den typesche Sound vun den Deckkäpp, de mir vum Radio kennen, ofgespillt ginn an huet soumat den Ufank vun dësem lëschtegen Owend markéiert. De Moderator Patrick Greis huet, wéi et sech gehéiert, zu aller éischt emol de Grupp mat bekannte, mee och engem onbekannte Gesicht firgestallt.

Mat dobäi waren de Jeannot Conter, de Jos Millemeister, den Henri Scholten, de Jos Kockelmann, d’Rosi Lehmann – fir ee weiblechen Touch mat an ze bréngen, de bekannte Käpt’n Ända – oder och Änder Weber, de Willy Bloemmaerts – hei och de Belsch genannt, de Germain Kirsch, de Claude Juchem an de Rolli Steinfort. Nei mat derbäi, mee iwweraus talentéiert a mat enger super Stëmm, war de Laurent Gretsch. Musikalesch begleet gouf den Owend natierlech vum Romain Thielen.

Nieft Flaachwitzer, méi wäit geduechte Gags an esou richteg knaschtegen Anekdoten ass selbstverständlech och den typesche Quiz vum Patrick Greis organiséiert ginn. Elo weess den Dauler Publikum endlech Bescheed, wisou de Februar just 28 Deeg huet, wat speziell un enger australescher Waassermark ass oder wéini d’Méimaschinn erfonnt ginn ass. Déi grondleeënd Froen, déi mir eis am Alldag stellen, sinn elo also endlech beäntwert! Dobäi huet den Neizouwuess vun de Lëtzebuerger Komiker, de Laurent Gretsch, am meeschte Renseignementer zu de verschiddenen Theme kenne ginn, bezéiungsweis erroden.

A wat gëtt et do ze laachen?!

Wärend bal dräi Stonnen huet sech de Publikum prächteg amuséiert! Eis 11 Komiker hu sech nees all méiglech Dommheeten afale gelooss, fir datt och nëmme keen Aen dresche bleift. Den Oflaf war, sou d’Deckkäpp selwer, wéi ëmmer ganz spontan gewiescht. Am Endeffekt bréngt jiddwereen seng Witzer mat a baut se am passende Moment an. Majo dat huet gëschter och super fonctionnéiert.

Mee och d’Leit si gutt mat abezu ginn, sou datt déi, déi ze spéit koumen, och emol eng witzeg Panzrappecht vum Jeannot Conter kruten, anerer fir de Gebuertsdag gesonge kruten oder zesumme gesongen a geschunkelt gouf zur Musek vum Käpt’n Ända.

D’Deckkäpp hunn awer net nëmmen d’Laachmuskele strapazéiert, mee och Sue fir den Télévie gesammelt. Esou konnte beim Evenement no engem kuerzen Opruff a kierzester Zäit iwwer 530 € zesumme gedroe ginn. Hei nach emol ee grousse Merci un de Publikum!

Wien es en Donneschdeg nach net genuch krut oder einfach emol d’Komiker aus dem Radio a Realitéit well gesinn, ka sech nach fir de 6. Dezember zu Beetebuerg oder den 20. Dezember an der Cloche d’Or umellen. Fir den Oktober 2019 ass dann och eng Croisière u Bord vun der Rhein Prinzessin geplangt, wou et mam Schëff bis op Köln eriwwer geet. Mat der Umeldung sollt ee sech hei awer bäi maachen!

Ähnlech Sujeten Deckkäpp, Humor, Laachen, Preizerdaul, Racing Team Power Bull's, Witz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel