Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der
Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der
Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem
De Bahrain, de Kamerun an d‘Philippinnen sinn e Freideg vun
Et sinn eis national Komiker, déi eis live an um Radio ëmmer erëm zum laache bréngen. Bis Dezember sinn d’Deckkäpp nach op dräi Platzen hei am Grand-Duché ze gesinn. Ee lëschtegen Owend mat Extrembelaaschtung fir d’Laachmuskelen ass garantéiert!
Als nächst kënnt Dir de witzegen Trupp op der Fabrik am Préizerdaul gesinn. En Donneschdeg, den 22. November kann een sech hei op eng gutt Partie Humor, Ironie an amüsant Pointe astellen!
Organiséiert gëtt den Event vum Dauler Stockcar, dem Racing Team Power Bull’s. Entrée ass ab 18:30 Auer, ugefaange gëtt um 19:30 Auer. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. Den Entrée ass gratis, Platze mussen awer per Telefon reservéiert ginn. Den Event fannt Dir op Facebook.
Fir är Reservatioun am Préizerdaul mellt Iech op folgender Telefonsnummer: 621 168 967 oder 42142 3442.
Weider Datumer fir d’Deckkäpp sinn de 6. Dezember zu Beetebuerg an den 20. Dezember an der Cloch d’Or. Och hei muss reservéiert ginn. Mir wënschen op alle Fall ee lëschtegen Owend!
