Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad
Neiegkeeten

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

„Et gëtt kee schlecht Wieder, et huet ee just déi

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Um groussherzoglechen Haff kann haut direkt duebel gefeiert ginn. S.A.R

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt
Neiegkeeten

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt

Et ass sécherlech net Halloween eleng geschëlt, datt d‘Police an

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft

Deconfinement a Beweegungsfräiheet ass dat eent, Gesellegkeet dat anert, an dat geet nach net

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft

Pressekonferenzen déi sech gläichen an ëmmer déiselwecht Sätz, dat ass d‘Offer vun der Regierung un d‘Medien. Widderhuelen awer, esou de Minister fir Bannesécherheet François Bauch (déi gréng) wier och no siwe Woche Confinement ëmmer nach wichteg, dat well ee misst feststellen, datt d‘Leit d‘Situatioun nach ëmmer net verënnerlecht hätten.

Gëschter am spéiden Nomëtteg hunn de Minister François Bausch an de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, eppes zu de neie Mesure gesot, déi jo ab e Méindeg 11. Mee a Kraaft trieden. „Mir widderhuelen eis stänneg“, esou de Minister, „well et wichteg ass an et nach ëmmer Leit gëtt, déi net matmaachen“. Datt et méiglecherweis och un der Kommunikatioun selwer ka leien, mee och villes wat net koherent oder zumindest widderspréchlech ass, weess de Minister.

Hien erkläert dozou, datt Moossnamen déi an der Urgence musse geholl ginn, duerchaus zu deem engen oder anere Mëssverständnes bäigedroen hunn, mee d‘Essenz vun de Message wier vun de Leit – also deene meeschten – verstane ginn, an déi wou verstanen hunn, ëm wat et geet an virun allem wat d‘Covid19-Pandemie un Erausfuerderunge mat sech bruecht huet, hu sech dann och ganz verantwortlech beholl. Dat misst, och mat den neie Fräiheeten, weiderhin zwéngend esou bleiwen.

De François Bausch huet dann och nach emol insistéiert, datt d‘Recht op Versammlung weiderhin ageschränkt bleift, och wann sech elo am ëffentleche Raum bis zu 20 Persoune solle versammelen dierfen, esou wier dat keng Aluedung fir Party ze maachen oder Fester ze feieren. Et dierfen sech 20 Mënschen also nëmmen am „ëffentleche Raum“ treffen, an de Gaart wier keen ëffentleche Raum. Wie Gäscht empfänkt, muss d‘Distanzregelen anhalen, firwat d‘Zuel op sechs Leit begrenzt ass.

Fir de Minister war dann awer och ersiichtlech, datt et en Ënnerscheet mécht, op een an engem Studio vun 30 Quadratmeter haust oder de Privileeg vun enger Villa genéisst. Anescht ausgedréckt, wann een en aarmen Hond ass, sollt een dat mam Besuch loossen, well een d‘Sécherheet vu senge Gäscht net sécherstelle kann. Och zesummen e Maufel iessen, géif hei eppes Fantasie verlaangen, zumindest wann een d‘Zuel vun den zoulässegen Invitéeën ausreizt. Gutt fir déi wou Plaz hunn.

Beweegungsfräiheet

De Bilan vum Generaldirekter vun der Police, Phillippe Schrantz, beweist eigentlech, datt sech d‘Residenten zu Lëtzebuerg verstänneg beholl hunn. D‘Ausnamen hätten deemno just d‘Reegel bestätegt. Elo wou nees méi wäert lass sinn, sollt een awer net méi domadder rechnen, datt et bei Verstéiss géint dat groussherzoglecht Reglement nach mat enger mëndlecher Verwarnung wäert gedoe sinn. © Emmanuel Claude /SIP

Wat elo d‘Maskeflicht am ëffentlechen Transport a beim Akafe betrëfft, esou wier d‘Zäit wou een nach am „Sensibiliséierungsmodus“ war eriwwer. Et géif wuel hei nëmme ganz wéineg Verstéiss, mee leider och tockskäppeg Persounen, déi net nëmmen de Prinzip vun der Schutzfunktioun vun der Mask verënnerlecht hätten, mee et och bei de Manéieren nach vill Sputt no uewen hunn. Dofir sollt ee sech elo op e Protokoll vu bis zu 145 Euro astellen, wann ee mengt et besser ze wëssen.

De Generaldirekter vun der Police huet en Iwwerbléck iwwert d‘Aarbecht vu senge Beamten an de leschte 7 Wochen ugebueden. Dat déi sech virbildlech (am grousse Ganzen dierf et datt bestätegen) beholl hätten, wier awer och dem grousse Versteesdemech an dem Respekt virun de Moossnamen, déi d‘Regierung zum Schutz vun der Bevëlkerung huet missen ergräifen, zouzeschreiwen. Bei wäit iwwer 6.000 Kontrollen, wieren eng 2.000 Avertissementer a Convocatiounen ze notéieren.

Zanter Mëtt Mäerz sinn awer leider och 80 Protokoller ausgestallt ginn, well zolidd géint d‘Regele verstouss ginn ass. Ronn 800 Denonciatiounen si bei der Police agaangen. D‘Police wier verflicht, wat eppes gemellt gëtt, deem nozegoen, mee hei wier wierklech nëmmen a leschter Instanz, also wann de Beholl entspriechend war, verbaliséiert ginn. De Philippe Schrantz bitt d‘Leit weiderhin esou disziplinéiert ze bleiwen an erënnert drun, datt méi Fräiheet och méi Verantwortung bedeit.

Wann et fir d‘Beamte vun der Police éischter onkomplizéiert wäert sinn, d‘Anhale vun de Mesuren am ëffentleche Raum an/oder de Gäert ze iwwerwaachen, wäert et fir de Volet „Besuch doheem“ net ganz esou einfach ginn. Nach wier Lëtzebuerg kee Policestaat an einfach esou eng Dier antriede geet jo och net. Hei wäert op der Basis vun „Informatiounen“ (Denonciatiounen) Rapporten erstallt ginn, déi dann un de Parquet weidergeleet ginn. Dee muss sech dann ëm d‘Suitte këmmeren.

Foto: De Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) huet gëschter mam CEO vun der Police, Philippe Schrantz, d‘Evolutioun vun de Policeaarbecht am Kontext vun der progressiver Lackerung vun de Covid19-Confinementsmesure presentéiert. Den zentrale Message: „Et ass nach ze fréi fir Party“. © Emmanuel Claude /SIP

Ähnlech Sujeten Beweegungsfräiheet, Covid19, Deconfinement, François Bausch, Philippe Schrantz, Police, Verantwortung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel