Search

You may also like

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
International Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht
International Neiegkeeten

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht

Fir der Strofverfolgung am Bundesstaat New York ze entgoen huet

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020
International Neiegkeeten

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020

D’Kufa Summer Bar ass aktuell de gesellegen Highlight vun der Kulturfabrik.

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un

Ab muer Donneschdeg gëtt bei eis am Land dat modifizéiert Covid19-Gesetz (et sief et hätt do deen een oder anere Koalitiounspartner eng Iwwerraschung parat) Kraaft gesat. Eis franséisch Noperen, déi fänken nees un sech eppes ze entspanen, woubäi emol bei der Wirtschaft ugefaange gëtt. Mee et gëtt och gutt Nouvelle, wat de Recouvrement vun de perséinleche Fräiheete betrëfft.

Bis ewell ass et nach esou, datt d‘Fransousen, déi ënnert eisen Nopere sinn, wou sech mat de scho krassesten Oplagen erëmzeschloen hunn. Ausgang wéi am Prisong: maximal eng Stonn de Dag an dat an engem maximalen Ëmkrees vun 1.000 Meter ronderëm d‘Wunnadress. Nëmme Geschäfter déi „essentiell“ Gidder verkafen hunn op, an eng Spärstonn hunn se och operluecht kritt.

Gëschter huet sech de Kinnek Emmanuel Ièr mat gudden Nouvellen u säi Vollek geriicht. E Vollek deem déi ganz Moossnamen ufänken zolidd op d‘Gemitt ze drécken, an deem et nieft dem Knëppel och eng Wuerzel unzebidde gëllt. An esou konnt den Emmanuel Macron erklären, datt d‘Zuel vun den Neiinfektioune réckleefeg ass. Si ass vu 60.000 op ënner 20.000 gefall, wat begréisst gëtt.

Och d‘Zuel vun de beluechten Intensivbetter ass weiderhi regressiv, firwat de franséische President senge Landsleit Merci gesot huet, sech esou exemplaresch un all dës fräiheetsaschränkend Mesure gehalen ze hunn. Si hunn esou de gréisste Beitrag zur Regulariséierung vun der Pandemiesituatioun geleescht. Allerdéngs huet dat alles säi Präis. Et wäerte vill kleng Betriber op der Streck bleiwen.

Wat elo nees geet

No véier Wochen Ausgangsspär, Télétravail a villem méi, soll et elo ab ee Samschdeg, pénktlech zum éischten Adventsweekend nees méi Fräiheete ginn. Ab dem 28. November soll de Fransous dann nees an engem Ëmkrees vu bis zu 20 Kilometer aus senger Wunneng eraus, mee nëmme fir maximal dräi Stonnen – et soll jo sech jo lues a lues un déi nei gewonne Fräiheet gewinnt ginn…

Ausserschoulesch Aktivitéite sinn dann och nees zoulässeg, a wien un héijer Muechte gleeft, dierf sech mat bis zu maximal 30 Gläichgesënnten an engem dem Zweck entspriechenden Tempel, do awer mat Mask, versammelen. An natierlech, wat wuel dat wichtegst ass: d‘Geschäfter dierfen nees hir Betrib ophuelen. An d‘Betounung läit hei um Eenzelhandel, d‘Lag ass a bleift nach ugespaant.

Fir Fitnessstudioen, Bistroen an d‘Restauranten ännert sech den ament absolutt näischt, an dat soll esou och nach bis den 20. Januar bleiwen. Woubäi och dann d‘Zuelen entspriechend Zouversiicht ubidde mussen. Wa beispillsweis bis zum 15. Dezember d‘Tendenz um aktuellen Niveau bleift, da kéint fir d‘Chrëschtdeeg d‘Ausgangsspär opgehuewe ginn. Mat der Famill feiere wier méiglech.

Kléngt gutt, woubäi an dësem Fall den Horesca- an den Tourismussecteur nees just nach d‘Ae fir ze kräischen hunn. Sécher gëtt hinnen – bei eis ass et jo net anescht – dat blot vum Himmel versprach, et géif keen hänke gelooss ginn… d‘Finanzhëllef déi aner Säit der Sproochegrenz ass allerdéngs net mat eiser ze vergläichen. Am Secteur geet een dovunner aus, datt all 5. Betrib wäert verluer sinn.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Pedro Lastra / unsplash

Related topics Chrëschtdagsgeschäft, Covid19-Pandemie, Deconfinement, Frankräich, Relance
Next post Previous post