Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Kultur Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen
Kultur Neiegkeeten

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen

De britesche Laboratoire, deen déi genotzte Substanz analyséiert huet, déi

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!
Kultur Neiegkeeten

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!

Duerch den Dout vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean, an der

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad

Mat enger Villzuel un digitalen Offeren hu kulturell Institutioune wärend dem Confinement fir Ënnerhalung gesuergt. Aktuell gëtt an dësem Secteur lues a lues de Wee zeréck an d’Normalitéit gewot, woubäi d’Offeren un déi sanitär Moossnamen ugepasst gi sinn. Schliisslech solle souwuel d’Visiteuren, wéi och d’Mataarbechter déi noutwenneg Sécherheet gebuede kréien.

D’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg

Duerch d’Kris vu vill Theateren hire Programm vun der Saison 2019/20 missen verleeën oder ofsoen. Mat solidareschem a kreativem Geescht wäerten d’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg, de Kinneksbond an de Kulturzenter vu Mamer hir Bühne mat de Kollege vum Theater vun de Kasematten, dem Théâtre du Centaure an dem Théâtre Ouvert Luxembourg deelen.

Tëscht September an Dezember 2020 sollen esou Kreatioune vun 8 Auteure presentéiert ginn Heivir gëtt den Appell zu „Hors les murs“ lancéiert, woubäi Artisten a Kollektiven sech pluridisziplinär Performancen ausdenke sollen. Donieft fënnt vum 3. Juni bis den 3. Juli 2020 déi 5. Editioun vum TalentLAB statt, wann och ënnert digitaler Form. Diskussiounen, Workshoppen a Streaming iwwert YouTube #Theaterdoheem erwaarden Iech. De komplette Programm fannt Dir ënnert theatres.lu/talentlab.

Weider Informatioune kritt Dir ënnert www.theatres.lu, www.talentlab.lu a www.kinneksbond.lu.

Lëtzebuerg City Museum a Villa Vauban

Zënter dem 14. Mee 2020 hunn de Lëtzebuerg City Museum an d’Villa Vauban hir Dieren nees op. Donieft bidde si eng virtuell Offer un, bei där ee verschidden Ausstellung als 3D-Versioun vun Doheem besiche kann.

Am Lëtzebuerg City Museum kann een aktuell d’Dauerausstellung „The Luxembourg Story“, sou wéi déi temporär Expo „Schwaarz Konscht“ kucken. Et ass op vun Dënschdes bis Sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer, Donneschdes souguer bis 20:00 Auer. Weider Informatioune ginn et ënnert citymuseum.lu.

D’Villa Vauban proposéiert seng laang erwaart Retrospektiv, déi d’Liewen an d’Wierker vum Lëtzebuerger Kënschtler Charles Kohl (1929-2016) opweist. Donieft gëtt et déi temporär Ausstellung „Variations, Un musée pour tous“. Et ass op vu Mëttwochs bis Méindes vun 10:00 bis 18:00 Auer, Freides souguer bis 21:00 Auer. Weider Informatioune ginn et ënnert villavauban.lu.

Fir d’Muséeën vun der Stad Lëtzebuerg gëllt, datt just individuell Visiteuren, respektiv Persounen aus engem Haushalt eragelooss ginn. D’Droe vun enger Schutzmask ass obligatoresch an d’Zuel vu Visiteuren ass op 30 Persoune gläichzäiteg pro Institutioun limitéiert.

Ab dem 4. Juli 2020 mécht och d’Muerbelsmillen seng Dieren och nees op. Déi fréier Moschtermillen gouf ëmgebaut a befënnt sech an der Rue Mohrfels am Pafendall. Och hei kann een eng digital Visitt iwwert citymuseum.lu maachen. Weekends ass op vu 14:00 bis 18:00 Auer. Just 6 Visiteuren gi gläichzäiteg eragelooss.

An dësem Kader gëtt drun erënnert, datt zënter dem Ufank vum Joer de Lëtzebuerg City Museum an d’Villa Vauban e Kombi-Ticket existéiert, mat deem eng Entrée bezuelt, déi zweet gratis gëtt.

D’Archive vun der Stad Lëtzebuerg

Op Rendez-vous kann een d’Archive vun der Stad Lëtzebuerg um Knuedler nees besichen. All Sonndeg gëtt op Facebook en historesch Dokument aus der Kollektioun verëffentlecht. De Rendez-vous kann een iwwert Telefon (4796-4130) oder Email municipales@vdl.lu huelen

D’Cinemathéik

Ab dem 13. Juli 2020 wäert d’Cinemathéik op der Theaterplaz nees opgoen a Filmer weisen. An dësem Kader invitéiert d’Institutioun op de City Drive-In Cinema um Glacis. Vum 17. Juli bis den 1. August 2020 kann de Visiteur vum Autokino profitéieren.

D’Cité-Bibliothéik

Säit dem 19. Mee 2020 huet d’Cité-Bibliothéik erëm fir d’Ëffentlechkeet op. Op der Facebook-Säit, der Instagram-Säit, sou wéi op www.bimu.lu a www.tuffi.lu (fir Kanner) gi reegelméisseg Virschléi an Iddien fir Bicher presentéiert, déi uschléissend als e-book op www.a-z.lu kënnen erofgeluede ginn.

Donieft ginn zesumme mat anere Bibliothéiken weider Aktivitéiten ugebueden, sou wéi beispillsweis Liesunge fir Kanner vum CNL iwwert YouTube.

Et ass op vun Dënschdes bis Samschdes vun 10:00 bis 17:30 Auer. Just 5 Visiteuren kënne simultan an der Institutioun sinn, eleng de Rez-Chaussée ass zougänglech. Hei gëtt geroden virun allem op www.a-z.lu zeréckzegräifen. Weider Informatioune ginn et op www.bimu.lu.

D’Fotothéik

Zënter Mëtt Mee bitt d’Fotothéik nees verschidde Servicer un. Vum 13. Juli bis de 6. September 2020 fënnt déi traditionell Ausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité statt. Donieft notzt d’Fotothéik Facebook an Instagram an interaktiver a participativer Aart a Weis.

Et ass op vu Méindes bis Freides vu 7:30 bis 12:00 Auer a vun 13:30 bis 17:00 Auer. Just 2 Visiteure dierfen op Rendez-vous antrieden, d’Schutzmask ass obligatoresch. Weider Informatioune ginn et op phototheque.vdl.lu.

De Cercle Cité an d’CeCiL’s Box

D’Expo an der CeCiL’s Box kann online besicht ginn. Ganzer 10 professionell Lëtzebeurger Designer ginn esou ee perséinleche Bléck no vir. All Donneschdeg gëtt dobäi eng nei Kreatioun op de soziale Medien an um neie Site vum Cercle Cité presentéiert. Weider Informatioune ginn et op www.cerclecite.lu.

De Stater Conservatoire

Individuell Coursen sinn zënter dem 11. Mee 2020 fir déi iewescht, mëttel a spezialiséiert Divisioun méiglech. Säit dem 8. Juni sinn och kollektiv Coursen op ieweschtem Niveau an d’Course fir den 1. Präis nees méiglech. All aner Coursen fale bis op Weideres aus. Just Personal a Schüler, déi ee Cours hunn, gëtt den Accès garantéiert.

Ab September 2020 wäert den Auditorium vum Conservatoire erëm operationell sinn. D’Plaz muss reservéiert, d’Distanz agehalen, an d’Schutzmask gedroe ginn. Weider Informatioune ginn et op www.conservatoire.lu.

De Luxembourg City Film Festival

An dësem Joer presentéiert de Luxfilmfest seng Home Editioun, bei där op www.vod.lu vergaangen Editioune opgegraff ginn. Um 12. Juni geet de Luxfilmfest seng lescht Woch un, an där d’Lëtzebuerger (Co)Produktiounen am Virdergrond stinn. Bis den 18. Juni kann den Notzer 15 Filmer zu engem gudde Präis gekuckt ginn. Vum 12. bis de 14. Juni sinn 3 Filmer souguer gratis.

Opmaacherbild: © Erik Witsoe / Unsplash


Ähnlech Sujeten Cinémathéik, Conservatoire du Luxembourg, Deconfinement, Fotothéik, LuxFilmFest2020, Musée, Pandemie, Stad Lëtzebuerg, Villa Vauban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel