Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)
Meenung Neiegkeeten

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)

Dem Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) seng kritesch Siicht op de

Bisart 2019 – De Mënsch am artistesche Mëttelpunkt
Meenung Neiegkeeten

Bisart 2019 – De Mënsch am artistesche Mëttelpunkt

Nach bis e Méindeg kann een am Centre Wonerbatti zu

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt
Meenung Neiegkeeten

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt

Et kann een zanter dem neie Millenium, d‘Zuel vun den

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?

Den Deconfinement ass voll am gaangen, et kéiert e bëssen Normalitéit an d’Liewen. Esouwäit een dat soe kann. Ënner verschiddene Konditiounen hunn d’Lycéeën a Geschäfter opgemaach, spadséiere goen, Besuch (6 Persounen) a Mënschegruppen (20 Persounen) sinn erlaabt, mä vill Manifester goufen ofgesot, dorënner d’Walfer Bicherdeeg. Schued, mä richteg. Oder?

Wat geschitt wann Gastronomie erëm opgeet? Deemnächst fléien d’Fligeren erëm – an duerch den Iwwernuechtungsbong vun der Regierung kënne mir eng Vakanz doheem plangen. D’Allocatioun de vie chère gëtt verduebelt fir de Leit ënnert d’Äerm ze gräifen, dat sinn och gutt Noriichten. Et gi manner Infektiounen an Doudesfäll, mir hunn de Virus tatsächlech ausgebremst kritt. An awer huet alles e batteren Nogeschmaach fir mech.

Elo geet d’Schoul och fir eis butzeg Kanner erëm un, ma mäin Meedche vu 5 Joer bleift bis September bei mir heiheem – ech erwësche mech zimlech dacks bei där selwechter Fro: Maachen ech dat Richtegt? Schoul doheem fir e Spillschoulskand ass einfach ze meeschteren, duerch de Bichergeck hunn mir déi ënnerschiddlechst Methoden, eis gëtt et net langweileg. Och seng Aarbechtsblieder mécht hatt fläisseg a voller Freed!

Mëttlerweil huet de Coronavirus d’Land (an d’Welt) an zwee Deeler gespléckt, et ginn d’Rebellen, déi de Virus, oder besser gesot d’Reegele fir ze iwwerdriwwen halen an et gëtt déi aner Säit; déi virsuerglech. Ech sinn eng vulnerabel Persoun a kann dat Wuert net méi héieren, ech maachen awer alles fir mech an d’Famill ze schützen.

Mä ech zweiwelen u menger Entscheedung. Ass et net egoistesch vu mir, hatt aus der Schoul ze halen? Denken ech just u mech? Klauen ech him e Stéck vun der Kandheet? Oder huet mäi Kapp just eng Gedankekiermes um Lafen? Ech dréie mech am Krees. Wéi entscheede mir eis fir dat Richtegt? Wat ass de Präis fir déi falsch?

Ech hu meng Bedenken a weess, dass ech net eleng do stinn – och d’Personal mécht sech Suergen ëm d’Ëmsetzung. Et ass nämlech méi einfach gesot, ewéi gemaach! Mäi Meedchen kennt de Virus, ma ech weess, dass soubal d’Kollegen ze gesi sinn, Distanz anhale schwéier ass. Alles muss ugepaakt an erfuerscht ginn. Dat hunn ech bei eis doheem besser ënner Kontroll.

Schweden huet e groussen Androck bei mir hannerlooss, si kruten d’Kris an de Grëff ouni groussaartegt Gedeessems. A wéi? Einfach mat gesondem Mënscheverstand an engem uerdentlechen Appell u seng Matbierger. Wat seet eis dat? Léiere mir eppes draus?
Wéi gitt Dir mat Ären Decisiounen ëm? Hutt Dir de Bauch och wéi?

Opmaacherbild: © Gabby Orcutt / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bildung, Coronavirus, Deconfinement, Egoismus, Gedankekiermes, Kandheet, Rentrée, Richteg oder falsch, Schoul doheem, Schweden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel