Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus
danielle bregoli dating lil pump

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus

Nodeems e Méindeg de 37 järege Gökmen Tanis an engem

https://moien.lu/adam-ruins-dating/
lesbian dating format
danielle bregoli dating lil pump

https://moien.lu/who-is-yazz-the-greatest-dating/

Si hu verhandelt, du gestridden am um Enn ass der

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
danielle bregoli dating lil pump

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

Dee laange grénge Samschdeg

Duebel Parteispëtzt a Kandidatelëscht fir d‘Europawahle bestätegt

Dee laange grénge Samschdeg

Et war wuel kee Stress, mee dofir war e gutt beroden zolidd „Sëtzlieder“ matbruecht ze hunn. Beim Kongress vun déi gréng zu Mutfert, ass et engersäits ëm d‘Erneierung vun de Parteiinstanze gaangen, an anersäits sollten de Wahlprogramm an d‘Kandidaten, fir d‘Europawahlen am Mee vun den Delegéierten ugeholl ginn. Et huet sech dann och eppes higezunn…

Hei sollt een uecht doen net falsch verstanen ze ginn. Et gehéiert zur „grénger DNA“ datt vill an heiansdo och laang diskutéiert gëtt, firwat et oftmools eppes méi schwiereg ass den Zäitplang anzehalen. Dat nennt een en demokratesche Prozess, a wien sech dësem mat noutwennegen Eescht verschriwwen huet, hëlt gären a Kaf datt et fir de Konsens ze fannen eppes Gedold brauch.

Et war dann och erwaardungsgeméiss den Debat zum Programm fir den EU-Wahlkampf, dee sech eppes an d‘längt gezunn huet. Amendementer a „Pinktelcher“ fir den „I“ gouf et en Masse, woubäi – dir erënnert iech – den demokratesche Prozess zu kengem Ament a Fro gestallt ginn ass, an een um Enn dee Konsens fonnt huet, esou dat de Programm dann och eestëmmeg konnt ugeholl ginn.

Bei der Lëscht vun de Kandidaten: Tilly Metz a Meris Sehovic sinn d‘Spëtzekandidaten, Christian Kmiotek, Tanja Duprez, Martin Kox a Jessie Thill, vervollstännegen d‘Equipp; ass mat fënnef Géigestëmmen ugeholl ginn. D‘Spëtzekandidaten haten sech mat Themen ervirgedoen, déi hinnen an de Militanten um Häerz leien. Energetesch Transitioun, Toleranz, Soziales an de Fridden.

Ekologesch-liberal?

Interessant bleift de Constat, datt am Kontext „Fridden“, d‘Positioun vun den EU-Spëtzekandidaten sech däitlech vun där vum grénge Krichsminister ënnerscheet. D‘Tilly Metz, deem déi Course ëm d‘Oprëschtung fierchterlech géint de Stréch geet, ass a bleift iwwerzeegt dovunner, datt d‘EU keng integréiert Arméi brauch, esou wéi et vu Bréissel ënnert dem Undriff vu Frankräich gefuerdert ass.

Et ass e Samschdeg vill vu sozialer Kohäsioun geschwat ginn, minimale soziale Standarden, dem soziale Gehalt (entspriechend dem BIP vum betraffene Land) an der Konditioun an der Inclusioun vu Mënsche mat spezifesche Besoinen. Hei dierf ee bemierken, datt déi gréng hir liberal Eckpunkte fonnt hunn, an een net eeschthaft dovunner kann ausgoen, datt Standarden no Uewen ugepasst ginn.

Erfreet waren déi Delegéiert iwwert d‘Direktiv mat där „Whistleblower“ solle geschützt ginn. De Felix Braz, aktuell Justizminister, soll déi esou ëmsetzen, datt se sech iwwer déi fixéiert Standarden eraus geet. Mat de Landwirt wëll ee sech net verdoen, a besonnesch net mat all deenen déi eng konventionell Landwirtschaft bedreiwen. De Wonsch nom Paradigmewiessel bleift awer bestoen.

Samschdeg

D‘Djuna Bernard an de Christian Kmiotek sinn déi nei duebel Spëtzt vun der Partei. © déi gréng.

Bleift nach ofschléissend déi gutt Nouvelle, datt un der Spëtzt vun der Partei nëmme marginal gefréckelt ginn ass. De President Christian Kmiotek gouf bestätegt (ronn 90%) an deelt sech d‘Mandat mam Djuna Bernard (eenzeg Kandidatin). Elo hunn dann och eis gréng eng Duebel Spëtzt, an dat steet hinne gutt zu Gesiicht. Elo heescht nach just d‘Äerm eropstrëppen a lass.

Foto: (v.l.n.r.) Martin Kox, Meris Sehovic, Tilly Metz, Christian Kmiotek, Tanja Duprez © déi gréng.

Ähnlech Sujeten Christian Kmiotek, déi gréng, Djuna Bernard, Europawahlen 2019, Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel