„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen
Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter
Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter
Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem
Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun vun enger Transitioun awer ugeholl ginn. Domadder ass den aktuelle Kollektivvertrag nach fir ee weidert Joer gülteg. Esou kënnen d’Gewerkschafte LCGB-SESF, ALEBA an OGB-L eenegermoossen zefridde sinn, virun allem wëll d’Juniprimme an Héicht vu 400 Euro erhale bleift.
Fir d’ABBL, där hir Propose no interner Consultatioun de 7. Juni vum LCGB an der ALEBA an den 8. Juni vum OGB-L ugeholl kruten, ass et awer nach net ganz gedoen. Den Accord muss hei nach an der Generalversammlung ratifizéiert ginn.
Am grousse ganze besteet den Accord aus dräi Deeler:
Vun der ABBL si mer gewuer ginn, datt véier Aarbechtsgruppen un hirer Missioun weiderschaffe fir en neie Kollektivvertrag fir 2018 op d’Been ze stellen. Dësen Accord soll den Acteuren aus dem Finanzsecteur erlaben op Verännerungen a Saache „Regulatiounen an der Finanzindustrie“ kënnen ze reagéieren. Dat ass besonnesch wichteg fir d’Kompetitivitéit a soll de Secteur op nei Erausfuerderunge virbereeden. Hei geet et geziilt ëm d’Digitalisatioun vun alle Servicer a Funktiounen. „D’ABBL bleift iwwerzeegt, datt all involvéiert Parteien am Stand sinn e neien Accord am Interêt vun de Banken an hire Salariéen ze fannen“, esou hire Statement.
Den LCGB-SESF ass wuel och net onzefridde mee deelt mat „datt iwwert dësen Accord dee fir ee Joer gülteg ass, d’Gewerkschaft weider fir d’Interesse fir d’Salariée vum Secteur kämpft a mat Häert an d’Verhandlunge fir de neie Kollektivvertrag wäert goen.“