Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten: Rapp a Klapp zu Paräis, zesummestéiss an der Provënz
International Neiegkeeten

Giel Gileten: Rapp a Klapp zu Paräis, zesummestéiss an der Provënz

Um spéide Samschdegowend ass et nees eppes méi roueg bei

Buerg, Buerg, Buerg! Wéi gutt kenns du dech mat Uertschaften aus, déi Buerg am Numm hunn?
International Neiegkeeten

Buerg, Buerg, Buerg! Wéi gutt kenns du dech mat Uertschaften aus, déi Buerg am Numm hunn?

Wann et ëm Uertschafte geet, dann hunn der zu Lëtzebuerg

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval
International Neiegkeeten

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

Deemnächst däitsch Zaldoten a Syrien?

Washington verlaangt vu seng „Partner“ méi Asaz géint den IS an däitsch Zaldote sollen déi amerikanesch ofléisen

Deemnächst däitsch Zaldoten a Syrien?

Zu Berlin, wou d‘Koalitiounsregierung sech grad wéinst der Nominéierung vun der amtéierender Verdeedegungsministerin, Ursula von der Leyen, fir d‘Amt vun er EU-Kommissiounspresidentin gehéierlech d‘Käpp aschléit, muss d‘Message vum US-Sonnerbeoptraagte fir Syrien an d‘anti-IS-Koalitioun, James Jeffrey, zolidd ageschloen hunn.

Esou fuerdert US-Regierung däitsch Buedemtruppe fir den Asaz géint den Islamesche Staat (IS) a Syrien. De James Jeffrey verlaangt vu Berlin, déi vun de Kurden ugefouert „Syresch Demokratesch Kräften“ (SDF) am Nordosten ze ënnerstëtzen. Dat mat Formateuren, Logistiker an Techniker vun der Bundeswehr. Déi däitsch Zaldote sollen déi amerikanesch Truppe partiell ersetzen/ofléisen.

D‘Fuerderung knäppt un dem Donald Trump seng am Dezember gemaachten Annonce, déi gutt 2.000 US-Zaldoten aus dem syreschen Nordosten ofzezéien. Washington ënnerstëtzt hei d‘SDF-Allianz, zu där d‘Kurdemiliz YPG (déi vun der Tierkei als Terroriste bezeechent ginn) an aner Rebelle gehéieren. Si hunn d‘Kalifat bekämpft a verhënnert an et sollt een si elo net hänke loossen.

Mam Stuerz vun der leschter IS-Bastioun am Mäerz war wuel de Gros erleedegt, mee et gëtt nach Zellen déi am Ënnergrond zimlech aktiv sinn. Aus dësem Grond – an och wéinst dem Dissens mam Iran – solle bis zu 4.000 US-Zaldoten a Syrien stationéiert bleiwen. Et geet allerdéngs och dorëms, d‘Sécherheet an de Kurdegebidder ze erhalen, woubäi d‘USA net d‘Laascht eleng droe wëllen.

Ausgerechent Däitschland

„Mir sichen hei an ënnert deenen anere Partner (un der Allianz bedeelegen sech 80 Länner N.v.d.R.) Fräiwëlleger déi matmaache wëllen. (…) Enn Juli ginn d‘Äntwerten agesammelt an dann dem US-President virgeluecht. (…) Mir wëllen dem President weisen, datt sech eis Alliéiert an der Koalitioun och wierklech beméien“, esou den James Jeffrey zu Berlin.

An dee léisst sech net fléiwen. „Ech rechne mat enger klorer Äntwert a mir hoffen datt déi Däitsch méi leeschte kënnen. (…) Eng Partie Alliéiert wäert Buedemtruppen asetzen, mee et gëtt och zivil a finanziell Hëllef gebraucht. Mir wäerte gesinn, wat zu gudder Lescht vu Berlin ugebuede gëtt“. Et kann een dovunner ausgoen, datt et net ëm Truppe fir eng offensiv Operatioun géint den IS geet.

Dozou den US-Sonnerbeoptraagten: „Den IS léisst sech am beschte mat lokale syresche Kämpfer verjoen, mee et brauch och gewëssen international Presenz fir d‘Loftënnerstëtzung ze garantéieren. Och an de Beräicher Logistik an technesch Begleedung, wéi der Formatioun vun de ‚Kämpfer‘, ginn Hänn gebraucht. Et bleift awer e Krichsgebitt an d‘Zaldote musse bereet sinn sech ze wieren“.

Presenz an der Loft huet et schonn

Wann een sech d‘Ausféierunge vum James Jeffrey zu Gemitt zitt, da kéint ee fälschlecherweis unhuelen eis däitsch Nopere géifen sech eraushalen, wat de facto esou net stëmmt. Berlin bedeelegt sech an der Koalitioun, datt allerdéngs am Irak. Hei sinn Tornado-Opklärungsfliger (also wa se da fléie kënnen) e Tankfliger an Ausbilder am Asaz. Déi hätten Enn Oktober 2018 sollen ofgezu ginn.

Den däitschen Ausseminister hat an dësem Kontext Ufank Juni awer erkläert, datt ugesiichts der ugespaanter Situatioun, d‘Regierung enger Verlängerung zoustëmme wäert. Woubäi dat lescht Wuert beim Bundestag läit an deen ass an der Vakanz, firwat et net viru September zu enger Entscheedung komme kann. Wéinst dem Zoff an der GroKo dierft dat besonnesch schwiereg ginn.

D‘Sozialiste sinn net schaarf op eng Verlängerung vun den Tornado-Missiounen an datt si dem Asaz vu Buedemtruppe sollen zoustëmmen éischter ausgeschloss. Déi konservativ Schwësterparteie CDU an CSU maachen sech dogéint Suergen ëm Bündnisfäegkeet. Déi si berechtegt, well Washington der Bundesregierung schonn eppes méi laang virwërft, bei de Verdeedegungsausgaben ze knécksen.

mat indymedia/was/ber

Illustratioun: Rob Chavez /Pixabay

Ähnlech Sujeten Bundesregierung, ISIS, islameschen Dschihad, James Jeffrey, Syrien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel