Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Den Trump huet es genuch mat Nordkorea
Neiegkeeten

Den Trump huet es genuch mat Nordkorea

Nordkorea ass dem Donald Trump en Dar am A. Hie

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”
Neiegkeeten

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”

Et ass ewell 42 Joer hir, datt déi éischt Ausgab

Philip K. Dick: E genialen Trip
Neiegkeeten

Philip K. Dick: E genialen Trip

Den 1928 gebuerenen Philip K. Dick gehéiert zu den absolute

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro

Gëschter huet de Finanzminister Pierre Gramegna déi finanziell Situatioun vu Lëtzebuerg bis zum 31. Mäerz 2020 presentéiert. Heibäi ass och den Mount Abrëll mat obegholl ginn, dee besonnesch vun de Konsequenzen duerch d’Pandemie markéiert ass.

Recetten an Ausgaben

Déi éischt dräi Méint vun dësem Joer hunn schonn Ufankszeeche vun der Kris ugewisen. Am Verglach zu 2019 sinn d’Recetten ëm 0,8 % erofgaangen, d’Ausgaben ganzer 19,4 % an d’Luucht geschoss. Bedenke sollt een, datt am vergaangene Joer ëm déi genannten Zäit d’Ausgaben immens niddreg waren, wouduerch dës schaarf Hausse ee Stéck wäit ofgeschwächt ka ginn.

Besonnesch de Mount Abrëll huet et haart getraff. Duerch déi zuelräich Stabilisatiounsmoossnamen, fir esou op déi sanitär Erausfuerderungen ze äntweren an déi ekonomesch Konsequenze vun der Pandemie ofzefiederen, ass de Sputt tëscht Recetten an Ausgaben wäit ausernee gaangen: D’Recette sinn 8,4 % gefall am Verglach zu 2019, d’Ausgabe sinn 28,5 % geklommen. Hält ee sech en Drëttel vum gestëmmte Joresbudget 2020 virun Aen, esou bedeit dëst ee Minus vun 12 % bei de Recetten an ee Plus vun 8 % bei den Ausgaben, wat zu engem signifikative Schued am Haushaltssaldo bedeit.

Steieren

D’Steieren op d’Akommes vun de Kollektivitéiten huet eng Diminutioun vun ëm 23 % am Verglach zur Period Januar-Abrëll 2019 erlieft. Zuelräich Entreprisen hunn dovu profitéiert am éischten Trimster Virschëss ze stornéieren an Delaie fir d’Bezuelung ze beusprochen.

Um Niveau vun der TVA erkennt een eng Diminutioun vu 17 %, dat virun allem duerch den ongläiche Remboursement vun der Administration de l’Enregistrement des Domaines et de la TVA, fir esou op d’Besoine vun den Entreprisen a Saache Liquiditéit ze äntweren. Am Ganzen belafe sech déi effektuéiert Remborsementer vu Januar bis Abrëll 2020 op 734 Milliounen Euro, ganzer 160 Milliounen Euro méi wéi zur selwechter Period 2019. Den Aktivsaldo, deen d’Entreprisen rembourséiert kréien läit um déifsten Niveau säit fënnef Joer.

D’Recette vun der Douane an de Steierverwaltungen

Besonnesch d’Recette vun der Douane si staark vun de Moossname vum Confinement, so wéi der deelweiser Fermeture vun de Grenzen zu den Nopeschlänner betraff. Et gouf ënnert anerem erhieflech manner Kraaftstoff verkaaft. Déi éischt 4 Méint vum Joer 2020 hu soumat bei der Vente vun Bensin an Diesel eng Degradatioun vun 19 %, respektiv 22 % erlieft.

Den Ensembel vun de Recette vun den dräi Steierverwaltungen beleeft sech am Abrëll op 5,2 Milliarden Euro, wat ee Minus vu ganzer 284 Milliounen Euro zur Vergläichsperiod 2019 ass. Dëst bedeit eng Wäertminderung vun 10 % am Verglach zum Drëttel vum Joresbudget 2020. Déi negativ Tendenz riskéiert an den nächste Méint nach zouzehuelen.

Stabilisatiounsmoossnamen a Chômage duerch héijer Muecht

Um 30. Abrëll 2020 konnt bei den Ausgaben e Fortschrëtt vermierkt ginn, deen d’Resultat vun de verschidde Stabilisatiounsmoossnamen duerch d’Kris ass. Heibäi schwätze mir vun enger Enveloppe vun 2,2 Milliarden Euro, woubäi am Kader vun „Neistart Lëtzebuerg“ weider 700 bis 800 Milliounen Euro dobäi kommen.

Bei dëse Moossnamen, déi bis den 30. Abrëll bezuelt gi sinn, representéieren d’Ausgaben am Berich vum partielle Chômage duerch eng héijer Muecht déi wichtegst Ausgabe, dat mat 566 Milliounen Euro.

Et mécht ee säi Bescht

D’Kombinatioun aus allen uewen obgezielten Elementer ergëtt, datt Lëtzebuerg Enn Abrëll 202 een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro opweist. De Finanzminister Pierre Gramegna kommentéiert dozou, datt d’Coronakris eng Erausfuerderung fir all Länner an der Europäescher Unioun ass. Zënter dem Ufank vun der Pandemie wier et eng Prioritéit vun der Regierung gewiecht, fir d’Gesondheet vun de Lëtzebuerger Bierger ze schützen, sou wéi och d’Wirtschaft ze protegéieren.

Schonn am viraus waren eis ëffentlech Finanzen favorabel, wouduerch een a Rekordzäit Moossnamen op d’Been stelle konnt, fir op d’Kris ze reagéieren. Dës Mesuren hunn natierlech wichteg Auswierkungen op eis Finanzen, wat sech an den Zuele vum éischte Quartal 2020 erausliese léisst.

Och an Zukunft wäert ee mat Suergfalt a Virsiicht d’Situatioun am A behalen a probéieren een Equiliber tëscht eng ambitiéiser Relance-Politik an nohaltegen Investissementer, sou wéi responsabelen Approchen am generellen Interessi vum Land ze fannen.

Opmaacherbild: Bei der Pressekonferenz vun “Neistart Lëtzebuerg”, hunn de Vize-Premier François Bausch, de Vize-Premier Dan Kersch an  de Finanzminister Pierre Gramegna ugekënnegt bis zu 800 Milliounen Euro zousätzlech an d’Enveloppe ze leeën © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Ähnlech Sujeten Ausgaben, Chômage, Defizit, Finanzminister, Lëtzebuerger Finanzen, Neistart Lëtzebuerg, Pandemie, Pierre Gramegna, Recetten, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel