Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Cool International Neiegkeeten

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns

Haut ass de Welttourismusdag. Dëst Joer gëtt dobäi den Accent

love
Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
Cool International Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

surprise
Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?
Cool International Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

cool

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden

Haut den Owend treffen sech zu Sofia d‘Staatscheffe vun den europäesche Länner, wou si un enger kollektiver Äntwert fir d‘USA wäerte schaffe mussen. Dat besonnesch no den Entscheedungen zum Atomofkommes mam Iran, an ëm internationalen Handel.

Och d‘Bluttbad vu Gaza wäert Géigestand vun de Gespréicher sinn. Um 70. Joresdag vum Staat Israel ware 55 Palestinenser gestuerwen an 2.400 blesséiert ginn. Säitens der internationaler Communautéit mee och der arabescher Liga, wieren dës Onroue virun allem dem Transfert vun der US-Ambassade geschëlt, woumatter d‘USA Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkennen.

„Mir mussen eis iwwert déi international Entwécklunge Gedanke maachen, besonnesch no den Annonce vum President Trump zum Iran an dem Handel, mee och iwwert déi méi rezent an dramatesch Ausenanersetzung am Gazasträifen“, schreift de EU-Rotspresident Donald Tusk, an senger Aluedung un déi 28 Staatscheffen.

D‘Aarbechtsiesse vun den 28 zu Sofia, op dësem Mëttwochowend, ass awer nëmmen den Optakt zum Sommet vum Donneschdeg, zu deem hir Homologen aus sechs Länner vum Balkan (Albanien, Bosnien-Herzegowina, Serbien, Montenegro, Mazedonien a Kosovo) ageluede gi sinn. D‘EU wëll besser a méi enk mat dëse Länner zesummeschaffen, an esou dem russeschen Afloss virgräifen.

Aus diplomatesche Kreesser zu Bréissel heescht et: „Et ass déi éischte Kéier zanter 15 Joer, datt d‘EU seng regional Partner an dësem Format begéint“. Déi selwecht Kreesser hunn awer och däitlech gemaach, datt et bei dësem Sommet net ëm d‘Erweiderung vun der EU geet.

Atomofkommes mam Iran

Den eigentleche Grond vum Sommet, kéint an de Schied vun de Gespréicher zur transatlantescher Bezéiung geroden. D‘Staatscheffe wäerten sech no hirem Aarbechtsiesse vill Froen ze stellen hunn, och wann um haidegen Owend net mat enger konkreter Decisioun ze rechnen ass.

Hei dierft et an éischter Linn dorëms goen, datt sech déi 28 Länner als „Eenheet“ den US-Erausfuerderunge stellen. Dat am Kader vum Atomofkommes mam Iran. „Ech géif et begréissen, wann eisen Debat kéint dozou féieren, datt sech d‘EU hannert den Accord stellt, an seng Verflichtunge bestätegt, esou laang wéi och den Iran senge Verflichtungen nokënnt“, esou den Tusk.

Den EU-Rotspresident huet déi 3 Länner, déi den Accord mat ënnerschriwwen hunn (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien) gefrot, hir Aschätzung vun der Situatioun beim Aarbechtsiesse matzedeelen. E wichtege Beitrag, nodeems et um Dënschdeg zu Bréissel eng Entrevue mam iraneschen Ausseminister Mohammad Zarif ginn hat.

Europa ass vill dru geleeën den Accord mam Iran oprecht ze erhalen. Dobäi geet et och ëm de Schutz vun EU-Wirtschaftsinteressen, dat a Verbindung mat der Opnam vun Handelsbezéiungen. „Et ass tatsächlech en Test, bei deem ee wäert gesinn, wéi souverän Europa ass“, heescht et zu Bréissel, wou een iwwerzeegt ass, datt d‘EU weise muss, datt e sech un en Ofkommes hält.

Douanestaxen op Stol an Aluminium

Beim Aarbechtsiesse soll den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, och e Punkt zur aktueller Lag vun den Diskussioune mat den Amerikaner maachen. Hei geet et natierlech em déi vum Donald Trump gewënschten Douanestaxen op Stol an Aluminium.

„Ech wäert virschloen datt mir haart bleiwen. Et ass déi eenzeg Méiglechkeet fir déi europäesch Interessen ze verdeedegen“, esou de Jean-Claude Juncker, deen nach emol drun erënnert huet, datt d‘EU eng bestänneg Ausnam vun den Douanestaxe bei den Amerikaner agefuerdert huet. Aktuell gëllt d‘Ausnam awer nëmme bis zum 31. Mee.

Washington verlaangt dann awer vu Bréissel eng „gréisser Ouverture vum europäesche Maart“, soss gëtt et 25% Taxen op de Stol an 10% op den Aluminium. D‘Europäer kucken sech verschidden Zeenarien un, an d‘Kommissioun huet rezent eng Dier opgemaach déi zu enger Diskussioun féiere soll, bei där et ëm en ageschränkt Handelsofkommes soll goen.

Bei dësem Handelsofkommes geet et nëmmen ëm Wueren aus der Industrie an der Landwirtschaft. E Virschlag deen an Däitschland op Zoustëmmung trëfft, während a Frankräich gefaart gëtt, datt domatter de gehaassten TTIP nees reaktivéiert gëtt. Dëse Fräihandelsaccord ass am Tirang verschwonnen, wéi den Donald Trump President vun Amerika ginn ass.

Als Alternativ, wiere verschidde Länner och bereet Quote vun den USA unzehuelen, wat vun aneren als „droleg“ bezeechent gëtt. Wat awer gewosst ass, de Fall gesat et wëll een um transatlantesche Partenariat festhalen, et muss eng bestänneg Ausnam ginn, déi fräi vu Konditiounen ass.

Bluttbad zu Gaza

Nieft de noutwennegen Diskussiounen zum Atomofkommes mam Iran an den Douanestaxen op Stol an Aluminium, sollen sech déi 28 och iwwert déi aktuell Situatioun am israelesch-palestinensesche Konflikt ënnerhalen. E Konflikt dee nei opgeflaamt ass, wéi Washington d‘Entscheedung geholl huet, seng Ambassade op Jerusalem ze plënneren.

Mat der Inauguratioun vun der Ambassade, um Dag vum Jubiläum vun der Staatsgrënnung, ass eng weider Entscheedung vum Donald Trump zu Problem ginn. Et wier eng eenzeg Provokatioun, an zu Washington wieren d‘Konsequenze bekannt gewiescht, heescht et hanner virgehalener Hand zu Bréissel. Dem US-President seng Entscheedunge géifen immense Schued uriichten.

Vu Bréissel aus dann och nëmmen de Opruff un all bedeelegt Parteien, sech nees anzekréien an Rou ze behalen. D‘Ausenanersetzungen, déi op der Grenz zum Gazasträifen ëmmer déidlech ausginn, droen net derzou bäi, datt d‘Diplomatie kann agéieren. Et ass een dann och haut, méi wéi jee, wäit vun enger Zweestaateléisung ewech.

Dat huet och domatter ze dinn, datt een an der EU ënnerschiddlech Usiichten huet. Eng gemeinsam „Kritik“ vun den 28, un der Entscheedung vum Donald Trump seng Ambassade op Jerusalem ze verleeën, huet et net ginn. Déi tschechesch Republik, Ungarn a Rumänien, haten dat verhënnert.

mam Cédric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Sommet, Europa, Iran, Israel, Sofia, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    9

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0