Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“

Eemol ass nach keng Ausnam, an datt déi gréng en

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt
Neiegkeeten

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
Neiegkeeten

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou een dann elo mat der Etüd zur 3. industrieller Revolutioun drun ass. An et hunn sech dann och direkt dräi Ministeren, den Etienne Schneider (LSAP), den Nicolas Schmit (LSAP) an de François Bausch (déi gréng), beméit eng Iwwersiicht zum Fortschrëtt vun de Projeten ze presentéieren.

Viru sechs Méint war den éischten Tëschebericht zu der Lëtzebuerger Strategie virgestallt ginn, mat där et dem Land gelénge soll déi drëtt industriell Revolutioun erfollegräich ze iwwerstoen. An hei dierf en dann och direkt festhalen, datt et keng einfach Aufgab war, déi vill Säite vun der Rifkin-Etüd mat der Realitéit um Terrain an Aklang ze bréngen.

Annerhalleft Joer méi spéit, esou den Etienne Schneider, wier e gutt virukomm, besonnesch säit November 2017 an der Presentatioun vum Tëschebericht, haten sech d‘Aarbechtsgruppe mat den néng identifizéierten Themen ausenanergesat. An iwwer d‘Reuniounen an d‘Aarbechtsgruppen eraus, géif et eng ganz Rei konkret Projeten déi am gaangen si Form unzehuelen.

Villes gläichzäiteg statt eent nom aneren

An de Wirtschaftsminister hat dann och e puer Beispiller: esou d‘Mesure fir d‘Installatioun vu Fotovoltaikanlage mat enger Leeschtung tëscht 200 a 500 Kilowatt, mee och d‘Verëffentlechung vun engem Rapport zur Aarbecht 4.0 deen als Grondlag dénge soll. Initiative wéi „d‘Skills Bridge“ déi dem Salariat d‘Wëssen an d‘Kompetenz bei der Digitaliséierung bréngen, gehéieren och dozou.

E Kompetenzzenter fir Rechner mat héijer Leeschtung (HPC), deen derzou soll bäidroen, datt d‘Opkomme vu numereschen Donnéeën am Zesummenhang mam „Internet vun de Saachen“ oder déi generaliséiert Installatioun vun intelligente Compteuren, eng Realitéit ka ginn. An op EU Niveau dierf ee behaapten, datt Lëtzebuerg gutt opgestallt ass.

Mee d‘Engagement ass eng Saach, um Terrain aktiv sinn déi aner. Dat bréngt eis zu anere konkrete Projeten. Därer déi een am Alldag méi „gesäit“. Esou d‘Mobilitéit, déi iwwert déi lescht Méint zolidd Fortschrëtter opzeweisen huet. An dat esouwuel am Sënn vun der Mobilitéit selwer, wéi och méi spezifesch, d‘Reduktioun vun den Ofgaser an villem anere méi.

Sech vun de fossillen Energien trennen

Am Allgemengen, esou d‘Meenung vum Etienne Schneider a sengen zwee Akolythen, ass d‘Mobilitéit als Déngschtleeschtung derbäi Realitéit ze ginn. Gläichzäiteg gëtt weider no Alternativen zum ordinäre Sprit gesicht. Hei erfreelech: et gëtt ëmmer méi Opluetstatiounen uechtert d‘Land, an d‘Administratioune schafen sech CO2-aarm Gefierer un.

Och den RGTR-Reseau gëtt ëmmer méi „propper“ a bis 2030 sollten d‘Gefierer hei zu 100% elektresch bedriwwe ginn. Dat zumindest d‘Siicht vum Infrastrukturminister François Bausch, deen näischt vun de Stëmmen hält, déi seng Zuelen als onrealistesch duerzestelle versichen. Erfreet ass de Minister och, datt de Site „Co-Pilote“, schonn iwwer 1.000 aktiv Benotzer vereent.

Mir kommen also a Punkto 3. industriell Revolutioun gutt virun, oder zumindest gëtt eis dat suggeréiert. Opzehalen dierft se net méi sinn, eenzeg stellt sech d‘Fro wéi se bei de Leit ukënnt. Et gëllt zudeem och uecht ze dinn, datt keen op der „Streck leie bleift“, an dat ass dann eng vun de villen Aufgaben, mat där sech déi nächst Regierung befaasse muss.

Ähnlech Sujeten 3. Industriell Revolutioun, Etienne Schneider, François Bausch, jeremy Rifkin, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel