Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
who is eminem dating now 2018 Neiegkeeten

how to enjoy dating reddit

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

who us taylor swift dating
who is eminem dating now 2018 Neiegkeeten

Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…

An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
who is eminem dating now 2018 Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf, huet déi Belsch Regierung zu Fall bruecht. Gëschter Owend huet de Charles Michel d‘Handduch geworf, nodeems senger Regierung déi zanter 2014 um Rudder ass, d‘Vertrauen entzu ginn ass.

E puer Méint virun de Chamberwahlen (virgesi fir den 26. Mee) muss de Premierminister dem Kinnek Philippe seng Demissioun virleeën. Esou wéi et den Ament ausgesäit, muss dëse Geste awer net bedeiten, datt de Charles Michel d‘heft aus der Hand gëtt. Och virgezunne Wahle ginn net vun den Experten erwaart. Et wäert wuel drop erauslafen, datt de Kinnek vum Premierminister erwaart, datt déi austriedend Regierung sech ëm déi „lafend Geschäfter“ këmmere muss.

De Charles Michel huet seng Demissioun ugekënnegt, nodeems et am Parlament net méi méiglech war sech ze verstännegen. De belsche Premierminister hat d‘Oppositioun opgeruff, hie vu Fall zu Fall ze ënnerstëtzen. Dat bei verschiddene brenzelegen Themen: Kafkraaft, Sécherheet, Ëmwelt. Säin Appell gouf net erhéiert, de gudde Wëllen net erkannt. „Ech huelen also d‘Decisioun meng Kënnegung ze presentéieren, an hunn d‘Intentioun elo bei de Kinnek ze goen“, esou de Premier.

Si wollten de Premier souwisou ofschéissen

Bei enger Sëtzungsënnerbriechung haten sech d‘Sozialisten an d‘Ekologisten zesummegedoen, an hunn eng Motioun vereenbaart, mat där d‘Regierung sollt gestierzt ginn. Dat war en däitlecht Zeechen dofir, datt si déi „ausgestreckten Hand“ vum Premierminister net unhuele wollten. Säit dem 9. Dezember – Datum op deem déi flammännesch Nationaliste vun der N-VA d‘Koalitioun verlooss hunn – huet sech de Charles Michel mat enger Minoritéitsregierung missen offannen.

De belsche Premierminister hat sech do geweigert sech engem Vertrauensvott auszesetzen, dee och sécherlech e riskant Manöver gewiescht wier, well hien sech domatter „Mësstrauensmotioune“ vun der Oppositioun ausgesat hätt. De Kinnek Philippe, deen de Charles Michel nach en Dënschdeg am spéiden Owend empfaangen huet, léisst wëssen datt hien seng Entscheedung eréischt bekannt gëtt, nodeems hie sech mat de Leader vun de verschiddene Parteie beroden huet.

Weltmeeschter vun der Kris

Interessant um Fall vun eisen Noperen, de Constat, datt si d‘Weltmeeschter vun de Krisesituatioune sinn. Tëscht Mëtt Dezember 2010 an Dezember 2011, hat d‘Kinnekräich vun 11 Milliounen Awunner et 541 Deeg ausgehalen, ouni eng fonctionnéierend Regierung ze hunn. D‘Regierungskris hat och net verhënnert, datt esou brisant Decisioune geholl goufen, wéi beispillsweis déi militäresch Interventioun a Libyen. An der Belsch ass „keng Regierung, och eng Regierung“, seet een sech do.

Den Deputéierte vun den Ekologisten, Georges Gilkinet, huet dozou op der RTBF gemengt: „Déi lafend Geschäfter verhënneren net de Fonctionnement vun der Regierung. Déi muss just gutt uecht dinn hir Entscheedunge mat grousser Virsiicht ze huelen“. D‘Koalitioun, déi säit Oktober 2014 déi Liberal, d‘Chrëschtdemokraten an déi flammännesch Nationaliste vereent, ass wéinst dem UN-Migratiounspakt „ewech gefuer“, esou wier mir et den 10. Dezember annoncéiert haten.

E Migratiounspakt ass mat Nationalisten net ze maachen

Et war déi „Niew Vlaamse alliantie“ (N-VA) déi een Dag iert de belsche Premierminister sech op de Wee a Richtung Marrakesch gemaach huet, déi d‘Koalitioun verlooss huet. Si wollt partout net, datt de Charles Michel dëse „Pakt“ – dee wuel zu guer näischt verflicht, dofir awer Léisungsvirschléi a Proposen enthält wéi mat der Migratiounskris ëmzegoen ass – dësen Accord ënnerschreift. Dat huet de Premier Refuséiert, vu datt et nach am Summer en Konsens an dësem Dossier ginn huet.

Den UN-Migratiounspakt gëtt elo net eleng vun de flammänneschen Nationalisten denoncéiert. Si si mat den USA, Israel an enger Dosen europäesche Länner a beschter Gesellschaft. Woubäi et net ze verstoen ass – si schwätzen och net gären doriwwer – well den 13. Juli hunn se nach alleguerten zu New York dem Text zougestëmmt. An Tëschenzäit ass zu „nationalen Interesse“ a „geopolitesche“ Verännerunge komm, wann een emol vun den USA Ofstand hëlt, déi d‘Kaarten nei verdeelt hunn.

Beim Budget 2019 wier et och zum Sträit kommandéiert

An dësem Kontext vun enger „Regierungskris“, sollt dann awer de Budget 2019 an der Chamber virgestallt ginn. Fir dësen zur Ofstëmmung „fräi ze ginn“ haten d‘Flamänner vun der N-VA vum Charles Michel verlaangt, nees konstitutionell Diskussiounen opzemaachen, wat de Pouvoir vun de Communautéite betrëfft. Dëse stännege Sträitpunkt hänkt ëmmer wéi en Damoklesschwäert iwwert de successive Regierungen, an dës Kéier huet de Premierminister sech net op den Debat agelooss.

„Ech hu festgestallt, datt et nei Konditioune gëtt, déi d‘Land an eng „federal Flucht“ gedriwwen, a virgezunne Wahle provozéiert hätt. Déi Konditioune konnte mir net unhuelen, an domatter gouf de Stréch gezunn“, esou de Charles Michel virun den Deputéierten. De belsche Premierminister, deen dëse Freideg säin 43. Gebuertsdag feiert, war sengerzäit de jéngste Premierminister vun der Belsch, an dat säit der Grënnung vum Kinnekräich am Joer 1840.

mam Matthieu Demeestere/AFP

Foto: De belsche Premierminister Charles Michel (hei en Archivbild vum 12 Juli) huet gëschter dem Kinnek seng Demissioun virgeluecht. Dësen huet déi nach net ugeholl, wëll awer seng Entscheedung matdeelen, wann hien mat de Leader vun alle Parteie geschwat huet. © Tatyana Zenkovich/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Belsch, Charles Michel, Demissioun, Kinnek, Koalitiounsregierung, N-VA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel