Search

You may also like

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada
International Neiegkeeten

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada

Terribel Bëschbränn hunn d’Autoritéite gezwongen ronn 8.000 Leit a Kalifornien

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?
International Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?

[onionbuzz quiz-id=162][/onionbuzz] Wéi all Woch presentéiere mer iech och dës

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten
International Neiegkeeten

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten

D’Marvel Serien op Netflix hu bei wäitem net ëmmer dee

Op der däischterer Säit vum Mound

Grouss Première fir China: Eng Sond lant op der äerdofgewannter Mound-Säit

Op der däischterer Säit vum Mound

Si hu laang dru geschafft, an elo ass et hinne gelongen: China huet de Mound op seng ganz eegen Aart a Weis eruewert, andeems si d‘Konschtstéck hikritt hunn, eng Sond op der äerdofgewannter Mound-Säit ze landen.

Am chinesesche Staatssender CCTV, si stonnelaang Animatiounen a Biller vun der Landung um Mound iwwerdroe ginn. D‘Sond mam Numm „Chang‘e 4“ huet um 3.26 Auer eiser Zäit opgesat. Bis haut war et nach kengem anere Land gelongen, e Fluchkierper op der däischterer Säit vum Mound ze landen. Et dierf een hei also vun engem erfollegräiche Raumfaartprogramm schwätzen.

Op CCTV huet de Chef-Designer vun der Sond, Sun Zezhou, gemengt: „Et ass alles wéi geplangt gelaf. D‘Landung war ganz prezis a stabil. Mir si genee do gelant wou mir et wollten. Mat anere Wierder: mir hunn eis Zil erreecht“. Et war allerdéngs méi schwiereg, wéi et sech op den éischten Ament unhéiert, well zur anerer Säit vum Mound kann ee keng direkt Funkverbindung opbauen.

Esou Problemer verlaangen no Léisungen, an esou hunn d‘Chinesen am Mee 2018 en Satellit an d‘Ëmlafbunn vum Mound geschoss, deen de Kontakt tëscht der Äerd an de Sond „Chang‘e 4“ séchergestallt huet. Enge weider „Suerg“ fir d‘Pappe vun dësem Projet: den Terrain op der anerer Mound-Säit ass net esou flaach, et war also net esou einfach d‘Sond „gemälleg ofzesetzen“.

Schued: et gëtt wéineg Detailer

Während d‘NASA wiesentlech méi „transparent“ mat senge Missiounen ëmgeet – déi ginn ëmmer Live iwwerdroen an op der Homepage ass alles nozeliesen oder ze kucken – halen sech d‘Chinese mat Informatiounen „zréck“. Et gëtt nëmme ganz wéineg Detailer, an och soss sinn se net wierklech gespréicheg. Déi 140 Kg schwéier Sond ass Ufank Dezember an de Weltraum geschoss ginn.

Interessant och wéi d‘Regierung mat der „Meldung“ ëmgaangen ass. De Staatssender hat online déi erfollegräich Landung aviséiert, a uschléissend dës Informatioun nees geläscht. Et sinn e puer Stonne vergaangen, an de Staatssender huet op neits verkënnt, datt d‘Landung gegléckt ass. Dat ass e Choix dee de Regimm vu Peking getraff huet, a léist drop schléissen, datt méi derhannert ass.

Mound

D‘Mound-Gëttin „Chang‘e“ © Ziyou Huang

D‘Sond déi no enger Mound-Gëttin benannt ass, huet e klengt robotiséiert Gefier u Bord, dat soll genotzt gi fir d‘Buedemstruktur an d‘Zesummesetzung vun de Mineralien ze analyséieren. Chang‘e 4 soll zudeem astronomesch Observatiounen erméiglechen. Aussergewéinlech: d‘Sond huet Som gelueden, mat deem de Versuch soll ënnerholl ginn op een um Mound Geméis ubaue kann.

De Mound huet eis nach villes ze erzielen

Während d‘Amerikaner an hir Partner – zumindest op offiziellem Niveau – de Mound net méi als Prioritéit fir hire Weltraumprogramm gesinn, spillt den Himmelskierper fir d‘Chinese eng gréisser Roll. Zum Enge beweist Peking domatter der Welt datt China méi kann, wéi elektronesch Apparater a sonsteg Konsumgidder, ze bauen. Nee China kann och „Weltraum“, an dat zimlech beandrockend.

De Regimm huet wësse gelooss, datt wann d‘Erfuerschung vum Mound erfollegräich ass, China nach méi erreeche kann. Si schéngen esouguer bereet hiren „Erfolleg“ mat der Mënschheet deelen ze wëllen, mee dat mussen se nach beweisen. Sécher awer ass et e grousse Fortschrëtt, an China wäert sech längerfristeg mam Mound beschäftegen. Ëmmerhi soll et do Ressource ginn…

A Peking huet en Dram: wann alles wéi geplangt iwwert d‘Bühn geet, soll bis 2030 den éischte Chines säi Foussofdrock um Mound hannerloossen. Bis ewell waren nëmmen 12 Amerikaner „do uewen“, dat soll sech änneren. De Regimm denkt iwwregens och iwwert eng permanent Raumstatioun no, an och dem Planéit Mars wëllen d‘Chinesen an den nächste Jore méi no kommen.

Foto: Dat eleiten ass dat éischt Bild, dat d‘Sond Chang‘e 4 vu sengem Landungsvirgang op der däischterer Säit vum Mound geliwwert huet. Et ass den éischten Himmelskierper dee vu Mënsche gebaut ginn ass, deen op dëser Plaz gelant ass. © China National Space Administration

Related topics Chang'e 4, China, Mound, Moundlandung, Sond, Weltraum, Weltraumressourcen
Next post Previous post