Search

You may also like

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator
International Neiegkeeten

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator

Et war den 20. Juli 1944, wou eng Rei däitsch

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt
International Neiegkeeten

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt

Homeopathie ass räichlech ëmstridden. Mee wat bréngt et wierklech? D’Äntwert

D‘Gesetz iwwert d‘Ëffnungszäite muss respektéiert ginn
International Neiegkeeten

D‘Gesetz iwwert d‘Ëffnungszäite muss respektéiert ginn

Beim OGBL muss op en neits de Respekt vun den

Huet déi däitsch Police ee Problem?

Datt et Rietsextremer an de Reie vun der Police gëtt, veriergert den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen, Herbert Reul, ganz besonnesch. Hat hien nach um 11. Juni erkläert, datt et an der däitscher Police wahrscheinlech manner Rassiste géif wéi soss an der Bevëlkerung, esou heescht et elo um 16. September, datt hien net méi vun Eenzelfäll schwätze kéint…

Huet déi däitsch Police ee Problem?

Bei dësem CDU-Politiker treffen all negativ Attributer déi een engem Politiker entgéinthale kann zou. Esou sot hie gëschter an der Pressekonferenz, nodeems 29 Poliziste wéinst Verbreedung an Empfang vu rietsextremistescher Propaganda vum Déngscht suspendéiert goufen: „ Iwwelst, widderwäertegst, neofaschistesch a flüchtlingsfeindlech Hetz, et ass eng Schan fir eis Police“.

An de Fall ëm deen et hei geet, wann dee sech sollt als reell erweisen, wier schonn eppes krass. Et géif zumindest ënnersträichen, datt sech de Rassismus an Däitschland tatsächlech institutionaliséiert huet. Esou schéngt an Nordrhein-Westfalen ee ganzt Kommissariat vu komesche Geselle besat ze sinn, déi sech mat „Heil“ begréisst a Fantasie vu vergaaste Flüchtlingen am Chat ze deelen.

Police

Den 11. Juni stoung fir den Herbert Reul (CDU) Inneminister vun Nordrhein-Westfalen fest: an der Police, besonnesch a senger, do gëtt et kee Rassismus.

29 Beamte goufe suspendéiert, 14 dovunner sollen aus dem Déngscht entlooss ginn. Dat ass emol dat virleefegt Resultat vun enger riseger Perquisitioun. 34 Déngschtstellen a d‘Privatwunnenge vu 14 Beamte goufen op de Kapp gestallt, Handye goufe beschlagnahmt a fënnef Chat-Gruppe sinn duerchliicht ginn. Besonnesch de Präsidium zu Essen hätt sech hei bravouréis ervirgedoen.

Net nëmmen an Nordrhein-Westfalen

Et wier elo einfach de konservativen Herbert Reul op d‘Plaz ze setzen a vun dësem Konsequenzen ze fuerderen. Mee et ass dat Gesamtbild vun der däitscher Police, datt engem sollt ze denke ginn. D‘Meldungen iwwer rietsextrem Polizisten huelen zou, an et ergëtt sech datt Hessen schwéier, mee och Sachsen-Anhalt, Thüringen a Bayern massiv betraff sinn. Nordrhein-Westfalen ass keng Insel.

Als probat Beispill déngt d‘Onwiese vun enger Grupp, déi sech „NSU 2.0“ nennt a bedreelech e-Mails verschéckt, déi Informatiounen enthalen déi vu Police-Computere stamen. Dat ass kee Fake, datt hunn Police-Intern Enquête esou bestätegt. Laut den Ermëttler géif et sech an der Haaptsaach ëm véier Beamten aus Norddäitschland handelen, mee et géif och sougenannt „Trëttbrietfuerer“.

Wéi schlëmm ass et? Ma wa schonn de Chef vum Verfassungsschutz – eng Verwaltung déi éischter dofir bekannt ass, rietsextrem Beweegungen a faschistesch aktiv Gruppe finanziell a logistesch ze ënenrstëtzen – Stellung ergräift, kann et net schéi sinn. Esou huet den Thomas Haldenwang dann elo och festgestallt, datt een hei beim beschte Wëllen net méi kéint vun Eenzelfäll schwätzen…

„Aus menger Siicht sinn dat einfach ze vill Eenzelfäll, als datt een se net dach emol misst an hirem Ensembel betruechten. Et muss een och kucken op et do net awer Netzwierker gëtt“, esou de Chef vum Verfassungsschutz. Mee et muss een de Mann och eppes a Schutz huelen: ronn 25% vun eisen däitschen Nopere sinn Antisemitten, an dëst Gesellschaftsbild iwwerdréit sech och op d‘Police.

Faschisten hunn en Hang zur Uniform

Etüden datt Mënsche mat engem zolitten Hang zu rietsautoritärer Gesënnung eppes an Uniforme verléift sinn, an datt dat staatlecht verwalte Gewaltmonopol vill Virdeeler bitt, gëtt et masseg, dee Phenomen muss net nei analyséiert ginn. Dat bréngt mat sech, datt ee bei der Police schonn eppes aner Moossstief a punkto Loyalitéit géintiwwer Verfassung an Demokratie dierf a betruecht huelen.

Police

De 16. September, also dräi Méint méi spéit, kann och de stramm konservativen Inneminister vun Nordrhein-Westfalen, anscheinend net méi vun Eenzelfäll schwätzen. Dat hien eppes dogéint wëll ënnerhuelen, ass awer leedeglech déi strikt offiziell Versioun.

Mee och de Bundesinneminister Horst Seehofer, dee grad mat anerem beschäftegt ass, huet a gesäit nach ëmmer kee Bedarf, eng Etüd zum institutionaliséierte Rassismus bannent der Police maachen ze loossen. Esou eppes schliisslech verbueden a Poliziste géifen sech u Recht an Uerdnung halen. Et ass sécher richteg, datt et näischt bréngt déi gesamt Police ënner Generalverdacht ze stellen.

Wann sech allerdéngs d‘Eenzelfäll zur Reegel entwéckelen, an deraart krass iwwerdriwwe gëtt, datt nach net emol konservativ Politiker mat gläichgestallter Gesënnung sech weider virun ee stelle kënnen, da brauch et keng Etüd fir sech sécher ze sinn: hei huet et een institutionaliséierten, jo scho carrement strukturelle Rassismusproblem. Deen ass net nei a betrëfft och d‘Arméi an d‘Verwaltung.

mat indymedia/dus/ber

Illustratioun: © Yohann Libot / unsplash

Related topics Däitschland, Herbert Reul, Inneminister, institutionaliséierte Rassismus, Nordrhein-Westfalen, Police
Next post Previous post