Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!

Wien hätt et gewonnert, datt um éischten Dezemberdag déi éischt

dating a younger guy jokes
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht

Videospillëmsetzungen ass grondsätzlech ze mësstrauen. Ze oft ass ënnert bekannte

Wéi gutt kënns du duerch dës 12 Lëtzebuergesch-Testfroen?
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

Wéi gutt kënns du duerch dës 12 Lëtzebuergesch-Testfroen?

Wéi all Woch presentéiere mir och haut en neie Lëtzebuergesch-Quiz!

Déi Demokratesch Partei am Wahlkampfmodus

Déi Demokratesch Partei am Wahlkampfmodus

Et gëtt vill flott Säll am Land, wou een als politesch Partei op de Patt zu Neijoerschdag aluede kann. Bei der DP huet ee sech fir de Kulturzentrum „op der Schéiss“ entscheet. E gudde Choix, wéi eis e sëlleche Parteimemberen zefridde bestätegt hunn. Mee wéi et esou ass, et ass um Enn awer ëm Politik gaangen…

Den neie Generalsekretär vun der DP, Claude Lamberty, ass a senger Ried op dat vergaangent Joer agaangen, mee wot och ee Bléck op 2018, wou op e neits all d’Memberen a Sektioune gefuerdert sinn. Et geet dëst Joer ëmmerhin an d’Chamberwahlen. Ugesicht de gudde Resultater bei de Gemengewahlen an der exzellenter Regierungsaarbecht, sollt een dann och zouversiichtlech an de Wahlkampf goen.

Fir de Claude Lamberty ass d’DP eng Partei mat Visiounen an Iddien. Iddien déi dem Bierger d’Liewe méi einfach solle maachen, och wann et net ëmmer liicht ass se ëmzesetzen. Mat guddem Wëllen a vill Asaz wier dann och vill erreecht ginn: d’Steierreform vum Pierre Gramegna an d’Schoulreform vum Claude Meisch, wieren e gutt Beispill.

Luef huet et och fir de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ginn. Dee géif jo och a kierzt dat neit Déiereschutzgesetz virleeën, an dat wier, esou de Claude Lamberty „dat modernst Gesetz an der Galaxie“. Mee Wichteg fir d’Bierger wieren och d’Familljen- a Bildungspolitik. Et hätt een d’Bierger gefrot, an déi wieren dann och mat der Aarbecht vun der DP zefridden.

Fir dës Ausso bezitt sech den DP-Generalsekretär op d’Sondagen. Et gëtt och drun erënnert datt ee laut de Sondage vum Mee nach emol véier Mandater gewonnen hätt. Och an der Vertrauensfro hätt een 2017 nach emol, géintiwwer 2013, besser Resultater erziilt. Dat lescht Joer war also en Erfolleg an bei den Demokrate geet ee fest dovunner aus, datt 2018 nach besser gëtt.

Sech den Erausfuerderunge stellen

D’Presidentin Corinne Cahen huet an hirer Ried op déi grouss Erausfuerderunge vun 2018 higewisen. Et géif drëms goen engersäits de Bilan ze verdeedegen, an anersäits d’Zukunft ze gestalten. „Mir gleewen un den Erfolleg vu Lëtzebuerg“, esou d’Presidentin, déi net nëmmen un d’„Success Story“ vum Land gleeft, mee mat Häerz a Séil hire Bäitrag leescht.

A Lëtzebuerg géif vu vill beneit: d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg wier gutt, den Interessi un eiser Sprooch – bei de Leit déi zou eis komm sinn – ass enorm. Dat deem esou ass, léich dorunner, datt den Akzent op „Integratioun“ statt op „Assimilatioun“ geluecht gëtt. An d’Integratioun wier bekanntlech de Schlëssel zum Erfolleg.

Iwwerhaapt misst sech d’DP ugesicht der Regierungsaarbecht net verstoppen. „Villes ass erreecht ginn, mir hu Politik fir d’Leit gemaach a fir d’Kanner“. Vun hinnen erwaart sech d’Corinne Cahen dann och, datt se sech un der „Success Story“ bedeelegen, se mat schreiwen. D’Familljeministesch kuckt jiddefalls optimistesch a motivéiert op d’Chamberwahlen.

De Premierminister Xavier Bettel ënnersträicht dann, datt een d’Erausfuerderunge fir d’Land, och mam Bléck op déi international Erausfuerderunge muss ugoen. Et géif Leit un der Spëtzt vu vill Länner „déi et engem net méi einfach maachen“. Nimm huet de Premierminister keng genannt, mee am Sall wousst dann awer jiddereen, wie gemengt war.

Hëllefräich Konjunktur

Fir de Xavier Bettel ass dann awer och wichteg gewiescht, drun ze erënneren, datt déi aktuell Regierungskoalitioun d’Geschäfter iwwerholl huet, wéi d’Situatioun am Land net esou roseg war. Mat 7% Chômage ass et lass gaangen, d’Infrastrukture waren an engem schlechten Zoustand, an d’Kregéiler haten eng Staatsschold vun 30% virausgesot.

Et hätt een also keen einfacht Mandat iwwerholl, sech dofir awer de Problemer ugeholl a Resultater virzeweisen. Mat engem Chômagetaux ëm déi 5% – wat sécherlech och de gudder Konjunktur geschëlt ass – an enger Staatsschold knapp iwwer 20%, hätt ee grouss Fortschrëtter gemaach. Esou léisst sech Zukunft gestalten…

Mee de Premier wëll och weiderhin d’Zukunft vum Land matgestalten. Nach virum Enn vum Koalitiounsmandat wäert eng Rei nei Gesetzer a Reforme ginn. An der Familljepolitik wier vill erreecht ginn an och bei de Bildung hätt et vill Verbesserunge ginn. Esou wier d’Schoul haut fir all d’Kanner do, och fir déi wou aus der Norm falen.

Dann ass do d’Suerg vum Logement. Kaum eng Regierung huet esou vill neie Wunnraum erméiglecht. Et geet wuel net duer, an dësem Thema muss ee sech och weiderhin unhuelen. Op awer elo Logement, Bildung oder Famill, vill Entscheedungen hu misse getraff ginn, déi net populär sinn. Och dat gehéiert zur Regierungsaarbecht.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Lamberty, Corinne Cahen, Demokratesch Partei, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel