Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!

Den 1. Juni steet ganz am Zeeche vun de Kanner.

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich
Money Neiegkeeten

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich

No den déidlechen Iwwerschwemmunge, hunn d‘Awunner an d‘Autoritéite vum franséischen

surprise
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
Money Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

money

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz- a Budgetskommissioun esou wéi och der Kontrollkommissioun vun der budgetärer Ausféierung, déi budgetär a finanziell Situatioun vum Staat zum 31. Dezember 2019 virgestallt.

Déi zentral Administratioun huet op den 31. Dezember en Iwwerschoss vu 773 Milliounen Euro Opweises, wat eng signifikativ Progressioun géintiwwer de virechte Joren duerstellt. Dat waren 2016: 146 Milliounen Euro an 2017: 333 Milliounen Euro. Dëse positive Sold vun der zentraler Administratioun hätt e positiven Impakt op de Sold vun der ëffentlecher Administratioun.

D‘Einname vun der zentraler Administratioun zum Enn 2018, belafen sech op 18.392 Milliounen Euro. Dëst Resultat entsprécht engem Zouwuess vun 10% géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2017. D‘Ausgabe vun der zentraler Administratioun bedroe 17.619 Milliounen Euro. Dat ass eng Progressioun vu 7,8% géintiwwer 2017. Et géif ee bal mengen, si gi gutt mat eisem Geld ëm…

Am Kontext vun de Comptabilitéitsreegelen – wéi am Gesetz vun 1999 bestëmmt – kann een en Encaissement vun 107,9% vun den Zommen notéieren, esou wéi se am Budget 2018 virgesi waren. Bei den Ausgabe bedréit dat 97,7% vum gestëmmte Budget. Bis zum Ofschloss vum Budgetsexercice (30. Abrëll) sollen d‘Ausgaben den Niveau vum gestëmmte Budget erreecht hunn.

Dozou de Minister: „Ech sinn zouversiichtlech, datt am Liicht vun der positiver Entwécklung vum Sold vun der zentraler Administratioun zu Enn Dezember, d‘Perspektiv vun equilibréierte Staatsfinanzen sech fir de Budget 2018 konkretiséiert. Dat war zanter 2008 net méi de Fall. Bis zum Ofschloss vun de Konten (…) wäerte meng Service mam néidege Seriö weiderschaffen“.

Ähnlech Sujeten Budget, ëffentlech Finanzen, Finanzminister, Finanzministére, Pierre Gramegna, zentral Administratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel