Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)
https://moien.lu/is-free-hookup-legit/

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)

D‘Bierger an Europa hu gewielt, also all zweeten EU-Bierger huet

is tan dating antoni
https://moien.lu/is-free-hookup-legit/

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

Trotz der Wafferou an der Ghuta benotzt keen den humanitäre Couloir
https://moien.lu/is-free-hookup-legit/

Trotz der Wafferou an der Ghuta benotzt keen den humanitäre Couloir

Et huet nach keen Zivilist oder en Hëllefskonvoi den humanitäre

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit

Si ass do, egal wéi déif en de Kapp an de Sand stécht. Déi ekologesch Kris an hir sozial Grondlage sinn dann och eenzeg am Wahlprogramm vun déi lénk enthalen. Dofir gëtt säitens déi lénk dann och bedauert, datt se am politeschen Debat net méi Opmierksamkeet erhält.

Dës ekologesch Kris an déi domatter verbonne Konsequenze fir déi sozial Kohäsioun an d‘Ëmwelt, géif zu Laaschte vun engem falschen Debat zur nationaler Identitéit vernoléissegt. Déi lénk sinn, an dat dierf een ervirhiewen, un enger „nationalistescher Logik“ net interesséiert, firwat si beméit sinn déi Problemer unzeschwätzen, déi d‘Leit wierklech betreffen.

Esou sinn si iwwerzeegt dovunner, datt wann ee sech dësem Problem mam noutwennegen Eescht unhëlt, d‘Léisung zu engem sozialen an juristesche Fortschrëtt féieren. E Fortschrëtt vun deem net nëmmen dem Land, mee virun allem de Mënschen am Land zerguttst komme géif.

Sozial Ongläichheete bekämpfen

Fir unzefänken, wier et de Kampf géint déi sozial Ongläichheeten deen sech als Prioritéit fir d‘Ekologie duerstellt. Wëll heeschen: déi ekologesch Kris fundéiert net nëmmen op dësen Ongläichheeten, mee geet duerch dëse Moteur vun der sozialer Ongläichheet ugedriwwen.

Zu Lëtzebuerg läit den Taux vun der Aarmut aktuell bei 16,5%. 2016 war d‘Akommes vum ieweschte Fënneftel vun der Bevëlkerung 13,2 mol esou héich wéi dat vum „leschte“ Fënneftel. 2010 hätt dësen Ënnerscheed nach béi 9,6% geleeën. Domatter gëtt ersiichtlech, datt de Gruef vun der Ongläichheet mat der Zäit nach weider ausenaner gaangen ass.

Déi lénk hu sech d‘Zil gesat, d‘Aarmut an de Chômage an de kommende Joren auszemäerzen. Si beruffen sech heivir op konkret Moossnamen, wéi beispillsweis de „Patron a leschter Instanz“, eng Mindestlounerhéijung op bis zu 2.381 Euro bis 2020, de gratis ëffentlechen Transport a villes méi.

D‘Rechnung richteg opstellen

„Déi Aarm droen net nëmme manner zur Ëmweltverschmotzung bäi, mee mussen och nach am meeschten dofir bezuelen“, esou déi lénk.

Op der Kräizung vun de sozialen Ongläichheeten an der ekologescher Kris, esou déi lénk, fënnt een notamment déi „energetesch Aarmut“, mee och de benodeelegte Wunnraum, d‘Virherrschaft vum motoriséierten Individualverkéier, déi schlecht Ernierung an d‘Gesondheetsproblemer erëm.

Si hu festgestallt, datt zu Lëtzebuerg eng ronn 10.000 Menagen net d‘Moyenen hunn, hir Energiekäschten ze droen. Käschten déi, wat d‘Wunneng méi „miserabel“ ass, ongläich méi héich ausfalen, an de Problem oniwwerwannbar maachen. Dofir hunn déi lénk Moossnamen ausgeschafft, fir kuerz- a mëttelfristeg Verbesserunge fir déi sozial Situatioun vun den Awunner erbäizeféieren.

Moossnamen déi zugläich der Ëmwelt entgéint kommen: esou déi energetesch Renovéierung déi jidderengem zougänglech ass, an iwwert en „ëffentleche“ Prêt assuréiert kéinte ginn, an wou net méi zréckbezuelt gëtt, wéi dat wat een tatsächlech un Energie verbraucht huet.

Och an aner Beräicher ëmdenken

Fir déi lénk wier et zudeem méi gerecht, de Waasserpräis, gemooss un de sozialen an ekologesche Kritären auszeriichten. Den ëffentlechen Transport soll gratis sinn a weiderentwéckelt ginn. Den Accès zur, an d‘Bedeelegung un der Produktioun vu Bio-Liewensmëttel, verlaangt dann och eng progressiv Reorganisatioun vun der Landwirtschaft.

De Staat, esou déi lénk, soll an déi lokal a regional Landwirtschaft investéieren. Tatsächlech ass et esou, datt d‘Landwirtschaft grad emol 0,3% vum BIP (Bruttoinlandprodukt) an 1,2% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ausmécht. Dofir ass si fir de Gros vun der Waasserverschmotzung an de Verloscht vun der Biodiversitéit verantwortlech.

Fir d‘Diversifikatioun an d‘Promotioun vun de lokalen an/oder biologesche Produiten hinzekréien, muss d‘Regierung seng Subventiounspolitik iwwerdenken. Déi aktuell Politik encouragéiert d‘Monokulturen an d‘Masseproduktioun, wat virun allem de grousse Liewensmëttelkonzerner entgéint kënnt.

Ekologesch Transitioun

Eng éierlech Léisung vun der ekologescher Kris, an d‘Engagement fir eng ekologesch Transitioun, kann et nëmme ginn, wann déi politesch Prioritéite revidéiert ginn.

„Dës Prioritéite fënnt een net op der Säit vun der fiskalescher Optimiséierung. Och net bei der Exploitatioun a Privatisatioun vun de Weltraumressourcen, dem Ausbau vu Stroosseninfrastrukturen oder der Privatisatioun vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen“, esou déi lénk.

Fir déi lénk, berout déi sozial Prioritéit, déi een de sozialen Ongläichheete géintiwwer der ekologescher Kris accordéiert, op enger Erneierung vun eiser Wirtschaft.

„D‘Planung vun eiser Wirtschaft muss demokratesch an ekologesch sinn. Den Erfolleg vun dësem Projet hänkt vun enger gerechter Verdeelung vum Räichtum an eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit of. Dat géif et jidderengem erlaben sech méi politesch ze engagéieren an der Ëmwelt Loft verschafen“.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi lénk, ekologesch Kris, ekologesch Transitioun, sozial Prioritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel