Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och de Staatsrot fënnt en Hoer an der Zopp beim Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Auto Kultur https://moien.lu/dating-adamadam/ dating 1970s stratocaster

https://moien.lu/newest-dating-apps-2018/

D’Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch kritt vill Opmierksamkeet.

https://moien.lu/boy-and-girl-dating-games/
Auto Kultur https://moien.lu/dating-adamadam/ dating 1970s stratocaster

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an

Pulse of Europe Lëtzebuerg hat um Sonndegowend zu engem Protestpiquet

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
Auto Kultur https://moien.lu/dating-adamadam/ dating 1970s stratocaster

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché

E Sonndeg heescht et zu Déifferdeng nees: „En Dag wéi fréier!“ an dir sidd agelueden

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché

Wann d‘Gemeng Déifferdeng seng Aluedung zum „En Dag wéi fréier“ ausschwätzt, da wëssen d‘Krapperte wat d‘Auer geschloen huet: D‘Vakanz ass eriwwer! Gutt et gëtt der séi sech freeën, woubäi si sech um Sonndeg nach emol richteg vakanzeméisseg ameséiere sollen.

Ab 11 Auer gëtt op der Maartplaz zu Déifferdeng de Festival „En Dag wéi fréier“ lancéiert an dat ass alles anescht wéi e Floumaart och wann et sech bildlech ausgeschwat eppes esou ugesäit an och unhéiert. Op de verschiddene Stänn déi zu dëser Geleeënheet opgeriicht gi gëtt et vun allem: vu Gezei bis hin zu Spillsaachen aus laang vergiessenen Zäiten, mee och vill artisanal Produiten.

Et ass, wann een esou wëll, eng kleng Zäitrees. De Gedanken deen hannert dësem besonnesche Volleksfest stécht, ass sech nees op al Bewäertes ze besënnen, en Androck ze erhale wéi ee fréier um Duerf gefeiert huet. Hei kann een dann och alt Konschthandwierk bestaunen: wéi hu se fréier Biesem a Kierf hiergestallt, wat waren dem Schmadd seng Aufgaben am Duerf an nach villes méi.

Autoscourse

Mat esou enger Rennmaschinn bass de einfach de King. (Viviane / Pixabay)

A wie mengt dat wier et schonn, deen iert. Sécher dëst geniaalt „Dëppefest“ kann ee schon den ganzen Dag iwwer beschäftegen, woubäi un d‘Butzen op dësem Sonndeg ganz besonnesch geduecht gëtt. Si kënnen sech wéi en Ayrton Senna, oder nach besser, wéi den Dylan Pereira, mat hire Rennmaschinnen ëm déi Dausendstel Sekonn streiden, déi de Gewënner vum Looser trennt.

Eng richteg Autoscourse vu Weltniveau, déi garantéiert Klimaneutral ass. Si gëtt elo schonn eppes méi organiséiert an derhannert steet d‘Asbl „Jugendtreff Saba“ (dat sinn d‘Jugendhaiser Suessem, Käerjeng an Déifferdeng) a fundéiert op de legendären an onvergiesse „Seefekëschten-Autoen“ déi zu Grousselterszäiten all Kannerhäerzer erfreet huet. Et kéint deemno och nach sportlech ginn.

Den Depart fir d‘Course vun de „Seefekëschten“ ass fir 14 Auer annoncéiert. D‘Streck ass matten am Zentrum vun der fréierer Eise-Stad an et dierf ee gespaant sinn wéi d‘Maschinne vun der 2019er Editioun sech presentéieren a wien dann dee séiersten ass. U sech wäert et um Enn egal sinn wien déi séierste war oder déi schéinste Këscht hat. Et geet jo vir unzefänken ëm de Spaass, wat och soss.

Um folgende Video eng Ureegung déi Course eventuell och den „eelere Kanner“ zougänglech ze maachen. Et dierft genuch Kand a ville Mënschen, op Damm oder Här, stiechen, fir dëst flott Event auszebauen. Et kéint esouguer eppes fir de gudden Zweck dorausser maachen…

Foto: Coursse mat Seefekëschte gëtt et vill méi laang wéi ee vläicht géif mengen, zudeem wousst een och sengerzäit schon op säin ekologesche Foussofdrock opzepassen. (Pixabay)

Ähnlech Sujeten Autoscourse, Déifferdeng, En Dag wéi fréier, Jugentreff Saba Asbl, Seefekëschten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel