Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg

Um 25. Mee 2020 wäert de Lëtzebuerger Fotograf Rom Helbach

D‘Schwäiz kritiséiert d‘US-Sanktioune géint den ICC
International Neiegkeeten

D‘Schwäiz kritiséiert d‘US-Sanktioune géint den ICC

E Mëttwoch huet den US-President eng Verfügung ënnerschriwwen, mat där

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften

Déi eppes aner Flüchtlingskris

Dausende Flüchtlinge versichen iwwert de Grenzfloss Evros an iwwer d‘Mëttelmier d‘EU ze erreechen – Griicheland brauch dréngend Ënnerstëtzung fir dëse Sitautioun nees Här ze ginn.

Déi eppes aner Flüchtlingskris

Op der griichescher Tëlee gëtt vermëttelt, wei ëmmer nees Schlauchbooter un der Küst vu Lesbos an aneren Ägäis-Inselen ukommen. D‘Mier ass roueg an déi tierkesch Küstewaach léist d‘Booter passéieren… Et solle schonn honnerte vun dësen „Nossschuelen“ d‘Rees gepackt hunn.

Um griichesche Festland ass et net anescht: De Floss Evros bilt op enger Längt vu ronn 100 Km d‘Grenz zur Tierkei. Dëse Waasserlaf, dee wuel anstänneg breet ass, huet awer wéineg Déift. Esou kann ee plazeweis esouguer einfach duerchlafen. Mee och hei komme verstäerkt Booter zum Asaz.

Wien d‘Iwwersetzen hannert sech bruecht huet, muss sech awer op eppes gefaasst maachen. Bei dësem Ustuerm huet déi griichesch Regierung misse reagéieren. D‘Grenztruppen hunn Uerder all déi Leit, déi illegal awanderen ze verhaften, esou de griichesche Verdeedegungsminister.

De Nikis Panagiotopoulos hat sech perséinlech op der Grenz en Iwwerbléck verschaaft an huet 70 Festname bestätegt. Géint 17 afghanesch Migranten huet e Geriicht schonn am Schnellverfaren – wéinst illegalem Grenziwwertrëtt – eng Strof vun 42 Méint Prisong verhaangen…

Eng duerchlässeg Grenz

An awer – wat bei dëser Mënschemass net verwonnerlech ass – packen et der sech duerch de Floss an laanscht d‘Kontrollen ze schläichen. Anerer hu vill Geld ausgi fir iwwergesat ze ginn. Jonker, wéi de Mustafa aus Afghanistan, hunn decidéiert sech a Richtung Athen opzemaachen, ze Fouss.

Da sinn eng 950 Kilometer déi virun engem leien, an déi ganz Streck ze schaffen ouni vun der Police oder den Douanieren „erwëscht“ ze ginn, wäert zur Lotterie ginn. Dobäi ass Athen net déi eigentlech Destinatioun vun de Flüchtlingen/Migranten: dat ass Zentraleuropa a Groussbritannien.

Um Sonndegnomëtteg hunn honnerte Migrante versicht de Grenziwwergang vu Kastanies, onwäit der Stad Edirne, ze stiermen. Déi griichesch Police huet d‘Mënschemasse mat Tréinegas an dem Asaz vu engem Waasserwerfer ofgewiert kritt. Heibäi huet et Blesséierter ënnert de Migrante ginn.

De Verdeedegungsminister motivéiert a lueft seng Polizisten an d‘Zaldoten déi si ënnerstëtzen. „Eis Grenze gi gutt geséchert, d‘Leit sti bereet a mir hunn d‘Truppe verstäerkt. Si maachen elo dat wat noutwenneg ass fir d‘Grenze vu Griicheland ze schützen“. Eigentlech schützen si d‘EU-Grenz…

Traureg Entwécklung

Fir de Nikis Panagiotopoulos, deen dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan ënnerstellt dës Migranten zum „Marsch op Europa“ gedriwwen ze hunn, bréngt esou eng Situatioun och Gefore mat sech. Iwwergrëff vun iwwerfuerderte Beamten, wei och gewaltbereete Migrante sinn e Fait.

No der Krisesëtzung um Sonndegowend huet déi griichesch Regierung d‘Police an d‘Arméi an héchsten Alarmbereetschaft gesat. Et ass och vu Frontex, der europäescher Grenzschutzagentur, Hëllef ugefuerdert ginn. Wéi séier dës Agence hei „Truppen“ zesummegestallt kritt weess keen…

A bis dës „gemeinsam Truppen“ opgestallt sinn, üben sech d‘Griichen a Selbstschutz. Op der Insel Lesbos hunn esou Awunner versicht ee Schlauchboot mat sengen Insassen „zréckzeschécken“. Hei sinn och Journalisten a Mataarbechter vun humanitären ONGen ugegraff ginn.

Wéi vill Migranten/Flüchtlingen et elo tatsächlech bis an den EU-Raum geschafft hunn ass net ze bestëmmen. Et gëtt allerdéngs kee Bezuch zu deene vum tierkeschen Inneminister Süleyman Soylu genannten Zuelen. Deen hat gëschter via Twitter vu ronn 80.000 Mënsche geschwat.

Europa muss reagéieren

De Sultan, dee seng „Géigenoffensiv“ an der Regioun Idlib weiderféiert an heibäi gäre vun der NATO wéilt ënnerstëtzt ginn, hat d‘Europäer gewarnt. Europäer déi a Nordsyrien d‘Kurden ënnerstëtzen an den tierkeschen Usproch op d‘Gasreserven am Mëttelmier a Fro stellen…

Mee et sinn och déi „Europäer“ déi sech selwer am Wee stinn, Solidaritéit als ee Geschäft gesinn an deem et Gewënner muss ginn. Migratioun, dat Wuert dat d‘Eenheet vun der Unioun a Fro gestallt huet, gëtt bannent den Institutiounen an de 27 Länner ganz ënnerschiddlech bewäert.

Natierlech muss d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gutt Minn maachen, firwat si via Twitter verkënnt huet, datt Griicheland a Bulgarien sech op d‘Ënnerstëtzung vu Bréissel verloosse kënnen an een d‘Frontex uweist, déi national Asazkräften un de Grenzen ze verstäerken.

Well et keng séier europäesch Asaztruppe gëtt, d‘Frontex personell net genuch „Stäerkt“ virweise kann awer eng Rei Länner schonn déi eegen Truppe mobiliséiere fir déi eege Grenzen ze schützen, huet den EU-Kommissär fir Migratioun, Margaritis Schinas, eng Drénglechkeetssëtzung gefuerdert.

Geet Diplomatie duer?

Eng Saach dierft zu Bréissel beim Treffe vun den Inneminister kaum nach bezweiwelt ginn: dee mam Sultan beschlosse Flüchtlingspakt – dee vun Ufank un ëmstridde war – ass hifälleg. An

eigentlech sollt een unhuelen, datt ugesiichts dem Beholl vun Ankara, d‘EU elo duerchgräift.

D‘EU-Kommissioun huet ëmmer drop vertraut, datt d‘Tierkei sech un den Deal géif halen. Dobäi huet sech d‘EU vun der Tierkei ofhängeg a virun allem erpressbar gemaach. Eigentlech ass et eng gutt Léier och wann eis déi elo wäert deier ze stoe kommen. A Geld ass dem Sultan wichteg.

Säin Ugrëffskrich géint d‘Kurden a Syrien wéi och d‘Ënnerstëtzung vu radikalislamesche Milizen an der Regioun Idlib… dat alles kascht. Geld dat Ankara esou einfach net huet. Dozou kommen déi ronn 3,5 Millioune Flüchtlingen, déi vun der Tierkei opgeholl goufen. Dat solle mir finanzéieren.

Dës Situatioun um diplomatesche Wee ze léisen, dierft sech schwiereg gestalten. Zum enge brauch et fir alles „Eestëmmegkeet“ an zum aneren, gëtt et EU-Länner déi dat alles wëlle virausgesinn hunn, an anerer – wéi Däitschland – déi erhieflech wirtschaftlech Interesse mat der Tierkei verbënnt.

mat indymedia/ath/tlv/bru

Foto: © Sakis

Ähnlech Sujeten Bulgarien, Erpressung, EU-Kommissioun, Flüchtlingen, Frontex, Griicheland, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel