Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rugby: Power, Teamgeescht an en ovalt Stéck Lieder
Neiegkeeten

Rugby: Power, Teamgeescht an en ovalt Stéck Lieder

Fraesport ass oft net méi wéi e Randgruppenthema. Och wann

money
Berlin hieft den Toun géint d’Automobilindustrie
Neiegkeeten

Berlin hieft den Toun géint d’Automobilindustrie

D’Häerzstéck vun der däitscher Wirtschaft schéngt sech et mat Berlin

laughing
14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
Neiegkeeten

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei aus de Wahle wäert ervirgoen, doriwwer si sech d‘Kandidate vun der konservativer Lëscht eens. Si stellen sech dem Wieler awer mat neien Iddien an engem konkrete Programm.

Dem Spëtzekandidat vun der CSV zu Esch Uelzecht, Georges Mischo, feelt et bei den aktuelle Koalitiounsparteien un eegen Disziplin. Am Gemengerot géife Motiounen ugeholl, deenen awer da keng Suite ginn.

De Christian Weis, jonken Hoffnungsträger vun der aktueller Fraktioun am Gemengerot, ass dann och iwwerzeegt, datt d‘CSV déi eenzeg valabel Alternativ zu enger „rout-grénger“ oder „rout-rouder“ Koalitioun ass.

Si ginn dann och an d‘Gemengewahl mam Usproch op de fënnefte Sëtz an domatter op eng Bedeelegung um Schäfferot. Als ale Fuuss an ëmmer no um Bierger, ass et och fir den André Zwally un der Zäit, datt sech eppes ännert. D‘Bierger droen et him zou: „Et ass näischt méi wéi et emol war“.

Esch notzt net säi Potenzial

Et ass dann och de Georges Mischo deen et bedauert, datt d‘Stad hier Potenzial net notzt. Villes kéint a misst realiséiert a virun allem ëmgesat ginn. Méi Schoulen, déi sech an d‘Projete vu méi Wunnraum abanne loossen, mussen eng vun de Prioritéite sinn. Esch Uelzecht als déi zweet gréisste Stad vum Land muss, fir bei der Bildung ze bleiwen, och zwéngend seng Offer am Beräich vu der Ganzdagsschoul ausbauen.

Grad esou wichteg och d‘Kannerbetreiung. Et kéint an dierft net sinn, datt an enger Stad wéi Esch 862 Kanner op Waardelëschte sti fir eng Plaz an enger Maison Relais. Mat esou enger Politik gëtt Esch Uelzecht fir jonk Familljen onattraktiv, eleng erzéiend Elteren et dogéint schwéier gemaach Famill a Beruff zesummenzebréngen.

Méi matenee statt laanschteneen

Wat de Stadzentrum betrëfft, esou misst am Sënn vum Zesummeliewen an der Liewensqualitéit och méi Konsequent agéiert ginn. Eng Méiglechkeet déi d‘Equippe vun der CSV hei gesäit, ass d‘Aféierung vum „shared space“ am gesamte Stadzentrum. D‘Iddi vun de „Bloen“ de „shared space“ op d‘Uelzechtstrooss ze begrenze kann den André Zwally net deelen. Zudeem besteet hien drop, datt d‘Foussgängerzon och Foussgängerzon bleift. D‘Uelzechtstrooss dierft op kee Fall méi fir den Autosverkéier op gemaach ginn.

D‘Iddi vun de „Bloen“ de „shared space“ op d‘Uelzechtstrooss ze begrenze kann den André Zwally net deelen.

Dem Autofuerer entgéint komme wier awer méiglech. D‘CSV ka sech virstellen am a ronderëm de Stadkär déi éischt hallef Stonn de Parking gratis ze maachen, an och iwwert d‘Mëttegstonn dem Automobilist net an d‘Täsch ze gräifen.

City-Management

Kee Spaass, an d‘CSV ass dowéinst dann och éischter besuergt, verstinn d‘Männer ronderëm de Spëtzekandidat Georges Mischo bei den eidele Geschäftsraim. Ofgesinn dovunner, datt eidel Geschäfter den Zentrum verschandelen an déi Onattraktivitéit och déi bestoend Commercen an ee schlecht Liicht récken.

Fir deem ze begéine fuerdert d‘CSV an der Minettemetropole d‘Aféierung vum City-Management. Enger Gesellschaft, déi all d‘Acteure vereent: d‘Proprietaire vun de Geschäftsraim, d‘Gemeng an eben d‘Commerçante selwer. Eng Gesellschaft déi am optimale Fall Raimlechkeete vermëttelt a de Loyer garantéiert, wann deen dann och verkéiersfäheg ass.

Ofschléissend wëll d‘CSV dann och fir e besseren Ëmgang mat de Gemengefinanze suergen. 71 Milliounen Euro Scholde wieren der eemol ze vill. Wou dann awer soll gespuert ginn, ugesicht de Fuerderungen no méi Schoulen, Maison Relais‘en a bezuelbarem Wunnraum, geet aus dem Wahlprogramm net ervir.

Foto: Den André Zwally verdeedegt mat kontruktiver Kritik de Standpunkt vun der CSV am Escher Gemengerot (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten André Zwally, Christian Weis, Esch/Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Georges Mischo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    5

  • Crazy

    1

  • Love

    0