Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes
International Neiegkeeten

Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes

Elo ass en dann endlech gestart, dee faméisen Tour vu

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen
International Neiegkeeten

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen

Adaptéiert vum Deborah Ellis sengem Bestseller „The Breadwinner“, huet dësen

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?

D’Sich no de véier Wänn ass och vir eis Villercher

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner

D‘SNCF wëll dausende Mataarbechter entloossen

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner

Et geet stramm op Chrëschtdag zou, dëst Fest vun der Léift an den Hoffnungen. Fir déi franséisch Eisebunner spillt d‘Fest awer nëmmen eng Nieweroll. Laut deem vun der SNCF-Direktioun de Gewerkschafte virgeluechte Budget, sollen dat nächst Joer 2.086 Plaze gestrach ginn.

Dat ass zumindest d‘Siicht vun de Gewerkschaften. De Budgetsprojet ass dorops hin eestëmmeg vun de Gewerkschaften zréckgewise ginn. Deenen hiren Avis ass allerdéngs nëmme consultativ. D‘Annonce vun der SNCF-Direktioun kënnt awer net iwwerraschend, si weist op déi projezéiert Verännerungen hin, déi der privatiséierter Eisebunn net erspuert bleiwen.

Engagéiert op der Bunn vun enger breet ausgeluechter Reform, zanter am Juni d‘Gesetz vum neien „Eisebunn-Pakt“ ugeholl gouf, gi monter weider Mataarbechter – zu hiren honnerten – op d‘Strooss gesat. Schonn 2017 waren eng 2.000 Leit entlooss ginn, dëst Joer dat selwecht Bild. Esou soll et bei der franséischer Eisebunn monter weidergoen, et muss schliisslech profitorientéiert geduecht ginn.

Vun engen 142.000 Aarbechtsplazen am Ganzen, wëll den ëffentleche Grupp a senge Beräicher: SNCF Mobilitéit (TGV, TER, RER…) 2.095 Leit entloossen, an der Holding – dat ass do wou déi Häre mat de wäisse Kollie sëtzen – sollen ëmmerhin 162 den Hutt huelen. Interessanterweis, soll et bei SNCF Reseau (Entretien vun de Schinnenetzer) zur Schafung vun 171 Aarbechtsplaze kommen.

Manner ka méi

„Am Beräich vu SNCF Mobilitéit gesäit et schlecht aus, d‘Vente (vun de Billjeeën) wäert zolidd dorënner leiden, während d‘SNCF Reseau a Richtung Outsourcing gefouert gëtt, well d‘Direktioun beim Rekrutement gepennt huet“, esou d‘Expertemeenung vum Roger Dillenseger, Generalsekretär Unsa-Férroviaire. Et mussen eben och bei der SNCF manner Leit méi Aarbechtsleeschtung bréngen.

„Et muss ëmmer méi, mat ëmmer manner Leit geleescht ginn. D‘Aarbechtskonditioune sinn esou miserabel wéi säit laangem net méi. Et ass elo un den Aarbechter ze liwweren, wat de Staat – als eenzegen Aktionär – fir d‘Iwwernam vun de Scholden als Géigeleeschtung ausgehandelt huet“, esou de Roger Dillenseger, deen drop hiweist, datt dësen „Deal“ an der Reform aktéiert ass.

D‘Reform vun der Eisebunn gesäit notamment vir, datt et ab dem 1. Januar 2019 keng Astellung méi ënnert dem Eisebunnerstatut gëtt. An da soll d‘SNCF, wann den Inlandtrafic fir d‘Passagéier och fir d‘Konkurrente muss opgemaach ginn, an eng Aktiëgesellschaft mat ëffentlechem Kapital verwandelt ginn. Dat geschitt net direkt, wéi et heescht ass dat fir den Dezember 2019 virgesinn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Chômage, Eisebunner, Frankräich, Gewerkschaften, Privatisatioun, SNCF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel