Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?
Meenung

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum

cody and jessica hookup big brother
belgische dating app
Meenung

Helfenterbréck: Akafe bis Mëtternuecht!

De 27. Dezember ass am City Concorde Lifestyle Center op

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet
Meenung

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe

Déi ganz „Gescheit“ hunn dat mat der Meenungsfräiheet net verstanen

Déi ganz „Gescheit“ hunn dat mat der Meenungsfräiheet net verstanen

Nëmmen e Grapp voll Manifestante waren et, déi e Samschdeg um Knuedler fir d‘Onofhängegkeet vu Katalounien demonstréiert hunn. An och hei ass verständlecherweis d‘Fräiloossung vum Jordi Sanchez an dem Jordi Quixart, gefuerdert ginn.

E Fait deen esou awer kaum bis guer kee matkritt huet, mee dofir an de sozialen Netzwierker fir uerdentlech „Geschreifs“ suerg gedroen huet. An déi wou sech nach am feinsten ausgedréckt hunn, waren dann och elo net wierklech frëndlech.

Verwonnerlech ass hei awer manner d‘Tatsaach, datt a sozialen Netzwierker de manéierlechen Ëmgang ënnert de Leit quasi inexistent ass, villméi dierf een sech iwwert d‘Dommheet vu ville wonneren. Vun näischt eng Anung awer zu allem eng Meenung.

Gutt, ech vergonne jidderengem eng Meenung ze hunn, ech sinn och net dergéint, datt ee soll soen dierfe wat ee wëll. Wou mer dann awer liicht den Hutt héich geet, ass wann et ersiichtlech gëtt, datt dee wou grad senger Tastatur d‘Kregéile bäibruecht huet, net, awer esou guer net verstanen huet ëm wat et geet.

Esou ee ganz rosenen, deen engersäits de Katalanen ënnerstellt sech géint Europa ze wennen an et gäre gesinn hätt, wann se enzwousch anescht Manifestéiert hätten. Oder dee „ganz gutt informéierten“, wou wësse wëll datt all d‘Manifestanten EU-Beamten zu Lëtzebuerg sinn, an dat als „Spuenier“ net als Katalane.

An dann déi Legiounen u Tastaturgeschiedegten déi generell e Verbuet fuerdere fir alles wat manifestéiert wann et sech net ëm e lokale Problem handelt.

Nujee, ënnert deem Gesiichtspunkt hätt ech dann nawell gären eppes zu de Brite gelies, déi sech op der Plëss géint de Brexit ausgeschwat hunn. Och zu der Manifestatioun géint d‘Politik a Polen hunn ech näischt Entspriechendes fonnt (awer gesicht).

An do ass et dann och wou mäi Versteesdemech un seng Grenze stéisst. Anere verbidde wëllen hir Meenung ze soen, dann awer déck zefridde sinn, datt een am „Netz“ all Dommheet a Frechheet dierf vun sech ginn. Wien der Meenung ass, datt jiddereen iwwerall alles dierf posten, sollt kengem Verbidden um Knuedler, de Clairefontaine Plaz oder virun der Gëlle Fra ze demonstréieren.

Wien iwwregens der Meenung ass, dat déi eng fir hir Onofhängegkeet dierfen (zum Beispill d‘Palestinenser, d‘Kurden a firwat net d‘Schotten) an déi aner net (d‘Katalanen oder d‘Flammänner) dierfe Manifestéieren, huet datt mat der Meenungsfräiheet nach net verstanen.

Meenungsfräiheet bedeit ebe grad, datt jidderee fir seng Saach kann a soll dierfen astoen. A jo d‘Meenungsfräiheet erlaabt et och jidderengem ëffentlech net domatter averstanen ze sinn. D‘Meenungsfräiheet gëtt dann awer kengem d‘Recht engem anere genee dës Fräiheet ze verbidden.

Ähnlech Sujeten Katalounien, Lëtzebuerg, Meenung, Meenungsfräiheet, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel