Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Historeschen Trounwiessel a Japan
dating app used in india

Historeschen Trounwiessel a Japan

Dat huet esou a Japan zanter Éiwegkeeten net méi ginn:

my best friend and i hook up
dating app used in india

https://moien.lu/speed-dating-christchurch-2017/

Trotz béisem Bléck huet dës Kaz Milliounen Internet-User zum Grinse

Péiteng: Um rietsen A blann?
dating app used in india

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster, war d‘Stëmmung prächteg, wat och domatter zesummenhänkt, datt ee virun dëse Chamberwahlen, zolidd Opweises huet. Si kënnen ouni „rout“ am Gesiicht ze ginn, e Bilan virleeën deen sech weise léisst.

Ënnert dem Motto: „Zukunft – Zesummenhalt – Gutt Liewen“ ginn déi gréng dann elo och an de Wahlkampf. De Spëtzekandidat, François Bausch, weess dann awer, datt dëse Bilan nëmmen an Zesummenaarbecht mat de Koalitiounspartner zustane komm ass. E Bilan, deen, esou d‘Ministesch Carole Dieschbourg, ersiichtlech mécht, datt een an der Politik och emol an enger Legislaturperiod 25 Joer Retard ophuele kann.

An de Landeskongress ass dann och dës Kéier net mëssbraucht gi fir zréckzeblécken. Et ass den 150 Delegéierten um Samschdeg ëm d‘Zukunft gaangen. Eng Zukunft déi si wëlle matgestalten, wat d‘Jugendsektioun op beandrockend Aart a Weis ënnerstrach huet. Esou ware vun de ronn 300 Propose, Motiounen an Ureegungen, déi agereecht goufen, eng honnert vun déi jonk gréng. An hir Fuerderunge sinn dann och bal alleguerten ugeholl ginn.

Wéi mam Wuesstem ëmgoen?

Den Haaptsujet zu Lëtzebuerg ass nach ëmmer de Wuesstem. Kaum nach bezuelbare Wunnraum, Dauerstau vu moies bis owes, an d‘Fro, wéi kritt een Aarbecht a Privat-/Familljeliewen zesumme bruecht, esou datt nach Liewensqualitéit iwwreg bleift? An de Wuesstem deen déi gréng ustriewen, schléisst den demographesche Wuesstem net aus. An hei wier et dann och, wou ee sech vun den anere Parteie géif ënnerscheeden.

Esou ass et dann och verständlech, datt sech déi gréng op d‘Potential vum Land beruffen. Et wier immens wichteg de Leit verstänneg ze maachen, datt den demographesche Wuesstem kee Problem ass, wann dësen dann och richteg organiséiert gëtt. Dat léisst sech nëmmen iwwert den Ëmwee vun enger gudder Landesplanung erreechen, déi als Grondlag vun der wirtschaftlecher Entwécklung an der sozialer Kohäsioun ze betruechten ass.

An dësem Kontext huet den Infrastrukturminister, François Bausch, sech de Kierchbierg als Beispill geholl. 42.000 Leit schaffen um Kierchbierg, géintiwwer 6.000 Awunner. Eng ongesond Situatioun déi awer beispillhaft fir d‘Dysfonctionnementer vun der Landesplanung sinn. Hien hätt hei eng nei Approche ugesat, déi sech op d‘Prinzipie vun der zirkulärer Wirtschaft stëtzt. An d‘Zil ass d‘Schafe vun diversifiéierte Quartiere mat héijer Liewensqualitéit.

Wéi kënnt een zu bezuelbarem Wunnraum?

Fir déi gréng steet fest, datt een d‘Aarbechtsplaz an de Wunnuert muss méi no unenaner bréngen. Géi et geléngen, wier dat e Beispill fir dat ganzt Land. De jonke Meris Sehovic, gesäit d‘Zukunft nom Lampertsbierger Modell: e Quartier ouni Autoen. Mee hien ass sech bewosst, datt een dofir muss Courage hunn, an et net ëmmer méiglech ass op „alem“ opzebauen. Hei misst sech dann och getraut, e wäisst Blat an de Grapp ze huelen, an „nei Projete fir muer“ ze maachen.

Ënnert de „Projete fir muer“ befënnt sech d‘Suerg ëm de Logement. Den Henri Kox stellt fest, datt déi gréng fir méi Verantwortung säitens de Proprietären astinn. Fir hien, misst sech Lëtzebuerg um däitsche Modell orientéieren, an esou e Gläichgewiicht tëscht Privateegentum an ëffentlechem Notzen hierstellen. Esou ass et nëmme logesch, datt déi gréng sech virgeholl hunn, eng besser a méi streng Reglementatioun fir d‘Immobilien-Agencen anzeféieren.

Wat déi nächst Regierung betrëfft, esou gesäit ee sech gutt opgestallt fir op e neits Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi jonk gréng hätten näischt géint d‘Weiderféierung vun der sougenannter Gambia-Koalitioun. Hei awer déi gréng am lénke politesche Spektrum ënnerzebréngen, ass säitens dem Meris Sehovic, awer eng gewoten Ausso. Bei der liberaler politescher Ausriichtung vun de leschte Joren, sinn et net d‘Sozialisten, mee d‘Demokraten, déi den natierleche politesche Partner sinn.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Chamberwahlen 2018, déi gréng, François Bausch, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel