Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?
Neiegkeeten

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?

Fir méi iwwert dat Erlieften an d’Erwaardunge vun de Famillen

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen
Neiegkeeten

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen

Wéi sech am Hiecht 2014 d‘Gewerkschaften eestëmmeg géint eng Weiderféierung

Satir am Déngscht vun der Demokratie
Neiegkeeten

Satir am Déngscht vun der Demokratie

Satire huet aktuell Héichkonjunktur. Dovunner kann een sech liicht iwwerzeegen,

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau agesat hunn, soll et elo net nëmme fir jiddereen en „Doheem“ ginn, mee och Kultur. Déi vun déi gréng ugestriefte Kulturpolitik, soll déi gesellschaftlech Wäerter vertrieden an inklusiv sinn.

All eenzelt Glidd vun der Gesellschaft soll agebonnen, d‘Artisten an déi kulturell Institutioune geschützt ginn. D‘Kultur soll iwwert dëse Wee e neie „Schwong“ erhalen, seng Acteuren ënnerstëtzt an den Zougang zu kulturellen Aktivitéiten encouragéiert ginn.

D‘Sam Tanson an de Christian Kmiotek, déi d‘Haaptlinne vun hirem Wahlprogramm virgestallt hunn, sinn dann och der Meenung, datt d‘Kultur meeschtens dann thematiséiert gëtt, wann et mat engem Skandal anhier geet. Eng ongesond Situatioun, déi d‘Kultur zum „Stéifkand“ mécht.

Kultur ass Integratioun

Béid Kandidate stellen hei kloer, datt d‘Kultur e groussen a wichtege Beitrag leeschte kann, wann et ëm d‘Integratioun an déi sozial Kohäsioun geet. Déi gréng wiere bereet d‘Erausfuerderung, wann si dann an der nächster Regierung sinn, unzehuelen.

D‘Sam Tanson huet allerdéngs och gemengt, datt een dëse „Message“ net soll mëssverstoen. Et géif een net den Usproch op d‘Mandat vum Kulturminister stellen. Esou Entscheedunge ginn dann och normalerweis bei de Koalitiounsverhandlunge getraff.

Mat deem, wat sech déi gréng ausgeduecht hunn, gëtt sech op de kulturellen Entwécklungsplang bezunn, dee vun der Regierung ausgeschafft ginn ass, an deen Enn September soll virgestallt ginn. Dat kéint e gutt „Instrument sinn, fir de kulturellen Opschwong an d‘Wee ze leeden“.

Woubäi sech déi gréng virbehalen, och vum Plang ofzeweeche wann et erfuerderlech ass. Déi jonk Deputéiert well eng Analys vum „Zoustand vun der kultureller Offer zu Lëtzebuerg“, wéi och en Inventaire vun de Subsiden an Zouwennungen an Optrag ginn.

Dat wieren essentiell Informatiounen, ouni déi eng gutt Kulturpolitik net maachen ass. Déi gréng wëllen dann och all d‘Kräfte bündelen. Dat gëllt fir d‘Humanressourcen an d‘Finanzen. Et soll de Partage vum Wëssen an dem „Knowhow“ ermontert, d‘Zesummenaarbecht gefërdert ginn.

Net den Elitte virbehalen

Iwwert de Verdéngscht vun den Artiste misst och nogeduecht ginn, esou d‘Sam Tanson. Artiste misste méi Geld verdéngen, well et soss geschwënn keng Konscht méi gëtt. Esou sollen dann och de Statut an d‘Aarbechtskonditioune verbessert ginn.

De Parteipresident Christian Kmiotek wëll dann och net, datt Kultur e Mikrokosmos gëtt, oder just enger intellektueller Elitte virbehalen ass. Hie fuerdert Kultur a Konscht an de Schoulen an, an de Accueil-Strukturen. „D‘Kultur vermëttelt Wäerter déi et eis méiglech maachen de bewäerten, ze denken, déi eege Perspektiv ze entwéckelen“.

Hien ass fir d‘Ënnerstëtzung vu lokalen Initiative iwwert Konventioune mam Kulturministère. Et gouf och versprach endlech d‘Reform vum Gesetz zu Schutz vun de Monumenter an d‘Chamber ze bréngen, a d‘Bierger fir d‘Erhale vum gebaute Patrimoine ze sensibiliséieren.

Et gouf nach kloer gestallt, datt déi gréng keng „Kultur“ iwwert eng aner stellen. Kultur schreift sech an de Mehrzahl: „et gëtt net eng Kultur, et gëtt Kulturen“, esou de Christian Kmiotek. Fir hie berout den Erfolleg vu Lëtzebuerg op der Tatsaach, datt een et ëmmer verstanen huet déi verschidde Kulture matenaner ze verknäppen.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Christian Kmiotek, déi gréng, Integratioun, Kultur, Sam Tanson, sozial Kohäsioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel