Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën
Neiegkeeten

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën

D’CSV fuerdert d’Oppeleeën vun de wëssenschaftlecher Fakten-Basis fir d’Ofstëmmung vun

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend
Neiegkeeten

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend

Einfach nëmme krass si geet am Beräich vun der Animatioun

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Dës Graphic Novel vum Margaret Atwood sengem Report der Magd (berlin

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Aussergewéinleche Kongress vun déi gréng ënnersträicht den Zesummenhalt an der Partei

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Et gëtt ëmmer emol Héichten an Déiften am Liewen an dovunner kënnen déi gréng mëttlerweil ee laangt Lidd sangen. En éischte battere Moment huet d‘Partei mam Dout vum Camille Gira missen duerchstoen. Dunn huet am Summer och de Felix Braz en Häerzinfarkt gemaach, firwat een sech huet missen nei an der Regierung opstellen. Den Dossier Traversini ass awer de gréissere Problem.

Gëschter Owend gouf um Lampertsbierg dunn den aussergewéinleche Kongress ofgehalen. Drun deel geholl hunn eng 270 Memberen, déi sech zu den noutwennegen „Changementer“ an der Fraktioun wéi an der Regierung ze äusseren haten. D‘Affär ëm de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng huet awer am Mëttelpunkt gestanen, och wann dat esou kee wollt bestätegen.

Béi déi gréng ass een dann och Sektiounsiwwergräifend der Meenung, datt dëse jo awer däregen Dossier héichgespillt gëtt. Esou gëtt et ënnert den Delegéierten d‘Usiicht, datt de Roberto Traversini wuel „Dommheete“ gemaach hätt, awer näischt „Kriminelles“. Zudeem hätt de Politiker déi richteg Konsequenze vu sengem handele gezunn, an et sollt een der Partei eng Chance zur Erneierung ginn.

Wat den annoncéierte „Remaniement“ betrëfft, esou war dat bei dësem aussergewéinleche Kongress eng reng Formalitéit. D‘Reie stinn enk zesummen, a (bal) keen hat en Interessi hei aus der Roll ze falen. Déi ganz „Changementer“ si mat 259 Stëmmen derfir, 3 Géigestëmmen a 4 Enthalungen ugeholl ginn. Et gouf net vergiess dem Carole Dieschbourg fir säin 42. Gebuertsdag ze gratuléieren.

Illustratioun: Michael Jarmoluk /Pixabay

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Chamber, déi gréng, Kongress, Regierungsëmbildung, Roberto Traversini
Nächsten Artikel Virrechten Artikel