Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter

E Freideg huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP)

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Et ass Black History Month! Wéi gutt kenns du dës schwaarz Perséinlechkeeten erëm?
International Neiegkeeten

Et ass Black History Month! Wéi gutt kenns du dës schwaarz Perséinlechkeeten erëm?

Am Februar gëtt an den USA an a Kanada de

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung

An engem Communiqué informéieren déi Gréng iwwer den Invesitiounsprogamm, och InvestEU genannt: Et ass eng staark Noriicht vum Europäesche Parlament fir zukünfteg Investitiounen

D’Europäescht Parlament huet haut seng Positioun iwwert den Investitiounsprogramm InvestEU ugeholl. Mat engem Budget vun 38 Milliarden Euro, soll dëse Programm eng Garantie vum Europäesch Bankesystem offréieren, fir den Zougang zum Kapital, fir Zukunftsprojeten a verschiddene Beräicher ze erliichteren. Déi Gréng hunn d’Zoustëmmung fir dësen ausgeglachen an éiergäizege Rapport ginn. Dës Ofstëmmung deelt d’Positioun vum Europaparlament fir interinstitutionelle Verhandlunge mam Staatsrot, déi an den nächste Méint ufänken, mat.

Tilly Metz, Spriecherin vum InvestEU Programm, kommentéiert dësen Ofstëmmung folgendermoossen: „Den InvestEU Programm soll den europäesche Bierger déngen. Ech begréissen d’Resultat vun dëser Ofstëmmung, déi eng staark Äntwert op d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert representéiert. Ech wënsche mir een Europa, dat sech fir d’Schafung vun anstännegen Aarbechten, de Schutz vun der Ëmwelt an d’europäesch Kompetitivitéit an den zukünfteg Secteure wéi den erneierbaren Energien, Innovatioune vun den KMB’en (klengen a mëttelgrousse Betriber), Energieeffizienz, Verréngerung vun den digitaler Lächer, engagéiert.

Mir wëlle Fuerschungslaboratoiren, Wandparken an d’Luetstatioune fir Elektroautoen ënnerstëtzen, wéi och aner nohalteg Projeten, déi zukünfteg Generatioune brauchen. Ech sinn zemools frou, datt mindestens 65% vum Budget vun der InvestEU Projeten zou kommen, an so aktiv zum Kampf géint den Klimawandel bäidroen. Op där anerer Säit hu mir et fäerdeg bruecht d’Transparenz an d’Gläichstelle vun den Geschlechter an der Regierung ënnert dësem Programm ze stäerken.”

D’Auswiel vun den Projete muss dobäi objektiv an oppe sinn. Dank de Beméiungen ënnerstëtzt InvestEU och d’Fuerschung fir Alternativen, ouni Déierenexperimenter, beim Ausübe vun Tester un den Déieren.

D’Tilly Metz rifft d’europäesch Regierungen op, dësem Ruff vum Europaparlament no ze kommen, an, an de kommende Verhandlungen, an enger progressiv Allianz, fir en InvestEU Programm engagéiert derbäi ze sinn.

Ähnlech Sujeten déi gréng, Europa, InvestEU, Investissementsprogramm, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel