Search

You may also like

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis
Neiegkeeten

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

Fënnef Natiounen – Dänemark (mat Grönland), Kanada, Norwegen, d‘USA a

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch
Neiegkeeten

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch

E Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch de Projet zur

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger
Neiegkeeten

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle vum 14. Oktober, hir Siicht op eng Politik virgeluecht, mat där méi Wunnraum soll entstoen, an esou jiddereen en Daach iwwert de Kapp soll erhalen. A wéi datt soll goen hunn si dann och erkläert…

Si fuerderen, datt de Staat an d‘Gemengen, all déi Wunnenge solle bauen déi gebraucht ginn. Wunnengen, déi jidderee beusproche kann: den Aarmen, den Eeleren, de Flüchtling an d‘Familljen, ouni Berécksiichtegung vum Akommes, fir sécherzestellen datt d‘Mixitéit erhale bleift.

Fir enger „Spekulatiounsblos“ entgéintzewierken, an de Präis vun de Bauplazen net weider an d‘Luucht ze dreiwen, schloen déi gréng vir Terrainen ze notzen, déi entweder dem Staat oder de Gemenge gehéieren. Alternativ dozou, soll op den Ierfpachtvertrag zréckgegraff ginn.

Den Henri Kox an d‘Stéphanie Empain gräife positiv Beispiller op, wéi et se um Kierchbierg an am Süde vum Land gëtt. Beispiller déi wéinst dem integrative Gedanke géifen inspiréieren. Si fuerdere Wunnstrukturen déi de Besoine vun de Leit entspriechen, an eng Gettoiséierung verhënneren.

Méi Liewensqualitéit, besser Reegelen

Et misst dann och iwwert d‘Nohaltegkeet vun den Infrastrukturen an d‘Liewensqualitéit vun de Leit déi esou anzwousch Wunnen nogeduecht ginn. Dat bedeit näischt aneres, wéi datt de Mënsch am Mëttelpunkt vun der Planung stoe muss, an dat ass de private Bausecteur net gewëllt ze leeschten.

Wunnraum „fir jidderee“ muss an alle Gemenge geschaaft ginn. Dat mat der Ënnerstëtzung vum Staat, esouwuel finanziell, logistesch an technesch. En Zil dat déi gréng mat engem reforméierte Logementspakt ustriewen. Wéi dat am Detail soll ausgesinn, muss een ofwaarden.

Firwat? Dat ergëtt sech aus der Ausso vum Henri Kox, dee wëll festgestallt hunn, datt d‘Gemengen nëmmen 2% vun de ronn 400 Milliounen Euro, déi Staat fir Wunnengsbauprojeten an de Budget gestallt huet, genotzt hunn. De „ganze Rescht“ wier fir Infrastrukturen drop gaangen.

Fir déi gréng muss de privaten Immobiliersmarché besser encadréiert a méi gerecht besteiert ginn. D‘Kommissioun déi Agence bei enger Transaktioun erhalen, sollen dann och net méi vun eleng dem Keefer gedroe ginn, an et muss Reegele ginn déi verhënneren dat Wunnengen eidel bleiwen.

Related topics Chamberwahlen 2018, déi gréng, Logement
Next post Previous post