Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt
Neiegkeeten

Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt

Et heescht den Akafszenter vu Beetebuerg (deen si trotz oder

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet
Neiegkeeten

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass
Neiegkeeten

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass

Zu Lëtzebuerg ass ee sech säitens der Regierung, och oder

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!

D’Stad Lëtzebuerg huet um 1. Mäerz mam Stater Mobilitéitsdag de gratis ëffentlechen Transport gefeiert. Wéi bal keng aner Gemeng kann d’Stad Lëtzebuerg d’Potential vum gratis ëffentlechen Transport notzen. Elo gëllt et, dëse Moment ze notzen, fir an der Stad Lëtzebuerg ee wierklech nohaltegt Mobilitéitskonzept ze entwéckelen.

Weider konkret an ambitionéiert Moossname mussen ëmgesat ginn, fir datt d’BiergerInnen vun der Stad Lëtzebuerg nohalteg mobil kënne sinn, d’Liewensqualitéit an der Stad Lëtzebuerg sech verbessert an d’Klimaziler erreecht kënne ginn. D’Stad Lëtzebuerg huet d’Mëttel – elo brauchen si de politesche Courage!

An dësem Sënn hunn déi gréng Stad Lëtzebuerg 5 Fuerderunge fir een nohaltegt Mobilitéitskonzept fir d’Stad Lëtzebuerg:

  1. Konsequent Prioritéite fir den ëffentlechen Transport, Cyclisten a Foussgänger
    Den ëffentleche Raum ass begrenzt a seng Notzung steet dofir ënnert Drock. Et ass un de politesche Verantwortlechen, fir déi richteg, zukunftsorientéiert Prioritéite fir d’Raumnotzung ze definéieren. Méi wéi jeemools virdrun ass elo de Moment, fir dem ëffentlechen Transport, dem Foussgänger- a Vëlosverkéier konsequent de Virrang ze ginn: Tram- a Busspuren, breet Trottoiren a sécher Vëlosweeër, Foussgängerzonen an auto- a parkplazfräi Plazen. Parkraum gratis unzebidden an héich Zommen a Parkhaiser ze investéiere bedeit, datt d’Stroossen a Plazen an der Stad weiderhin dem Autoverkéier zur Verfügung musse stoen.
    Wëllen déi politesch Verantwortlech eng nohalteg an douce Mobilitéit erreechen, verlaangt dëst Courage ze hunn, kloer Prioritéiten ze setzen, amplaz schlecht Kompromëssléisungen ze sichen.


  2. Bussen, déi rullen…
    Wann den Tram Enn des Jores 2020 de Garer Quartier mam Kierchbierg verbënnt, muss de Bussystem un déi nei Realitéiten ugepasst ginn. Amplaz vu Buskolonnen vun der Gare an d’Uewerstad brauchen d’BiergerInnen eng attraktiv Offer, fir aus de verschiddene Richtungen an den Hyperzentrum ze kommen, sou wéi gutt Verbindungen tëscht de Stater Quartieren. Dofir mussen d’Busser nach méi prioriséiert ginn.
    D’Clienten sollen zouverlässeg Informatiounen an Echtzäit kréien, an dat net just un den Arrêten mee och an de Bussen. Och iwwert déi nächst Ëmsteigméiglechkeete sollen si informéiert ginn. A keen dierf méi „am Reen“ stoe gelooss ginn; also musse weider iwwerdaacht Bushaltestellen ageriicht ginn.


  3. De Stadzentrum an d’Mëttelpunkte vun de Stater Quartiere gehéieren de Mënschen
    A wéinege Méint kënnen d’Mënsche bequem mam Tram an den Stadzentrum rullen. Dofir kënnen a mussen d’Foussgängerzonen am Zentrum ausgeweit an d’Vëlosduerchfaarten verbessert ginn. Och an den eenzele Stater Quartieren a besonnesch virun de Schoulgebaier solle Begéinungszonen / Shares space-Zonen ageriicht ginn. Esou kënne méi Spillplazen, Terrassen a Gäert fir jiddwereen entstoen a FoussgängerInnen, souwéi Cycliste kréien déi vun hinne benéidegt Plaz an doduerch méi Sécherheet.


  4. Investitiounsoffensiv fir de Vëlosverkéier
    Dank der verbesserter Infrastruktur fir Vëloe säit 2005 huet de Vëlosverkéier ëmmer weider zougeholl. Parallel zum Verlaf vum Tram wäert Enn des Jores een héichwäertege Vëloswee de Kierchbierg, de Stadzentrum an de Garer Quartier matenee verbannen. Elo mussen och déi eenzel Stater Quartiere mat sécheren, vum Autosverkéier getrennte Vëlosweeër un dës Haaptlinn ugebonne ginn.
    Um Terrain vun der Stad sollen déi changéiert Verkéiersreegelungen (beispillsweis Rietsofbéierluuchten a Vëlosstroossen) systematesch Uwendung fannen. Méi iwwerdaacht, komfortabel a sécher Vëlosparkplazen, sou wéi ee Vëlosparkplang fir d’Stad maachen de Vëlosverkéier fir d’BiergerInnen nach méi attraktiv.


  5. Innovativ Weeër (weider)goen
    Wëll d’Stad Lëtzebuerg eng Virreiderroll hunn, muss si innovativ nei Weeër goen. D’Vëlosbréck mam Lift tëscht dem Cents, Neiduerf an dem Kierchbierg soll endlech zur Ofstëmmung kommen a weider Infrastrukturmoossnamen vun der doucer Mobilitéit zur besserer Bewältegung vun der Topographie vun der Stad mussen elo geplangt an ëmgesat ginn.
    D’Offer vum Carsharing an den erfollegräiche System VelOh! Solle grondsätzlech fir BiergerInnen aus alle Staddeeler ausgebaut ginn. Och een noe Léinsystem vu Cargo-Vëloen a Laaschtenunhänger soll geschaf ginn.

Matgedeelt vun déi gréng Stad Lëtzebuerg – Iwwersat (Wuert fir Wuert) vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bus, Courage, Cyclisten, déi gréng stad Lëtzebuerg, Douce Mobilitéit, Gratis Ëffentlechen Transport, Nohaltegkeet, Parkplazen, Stad Lëtzebuerg, Tram, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel