Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?
Meenung Neiegkeeten

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?

Vun Donneschdes, den 21. November bis Dënschdes, de 24. Dezember

USA: 25 Doudeger no Tornadoen am Tennessee
Meenung Neiegkeeten

USA: 25 Doudeger no Tornadoen am Tennessee

Eng ganz Serie vun Tornadoen hat den amerikanesche Bundesstaat Tennessee

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“
Meenung Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“

Am „Le Soir“ ass den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zitéiert

Nordstad: Loosst eis endlech zesummeschaffen!

Nordstad: Loosst eis endlech zesummeschaffen!

Ab dëser Woch gi fir déi éischte Kéier säit dem Ufank vun de Fusiounsgespréicher an der Nordstad d‘Awunner*innen a Biergerforen ëm hir Meenung dozou gefrot. An de leschte Méint sinn allerdéngs duerch de Projet vun enger Wandkraaftanlag vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech, déi direkt op der Grenz zu Biirden erriicht soll ginn, Zweiwel um Respekt vun de „grousse“ par Rapport deene „klenge“ Gemengen opkomm.

Déi Gréng aus der Nordstad erneieren hire Support fir eng Fusioun vun de 5 Nordstadgemengen a fuerderen déi politesch Responsabel op endlech mat hirer Kierchtuermspolitik opzehalen a seriéis matenaner ze schaffen.

Biirder Wandmillen

Mir si weiderhin zu 100% dovunner iwwerzeegt, datt mer eis Problemer an Aufgaben an der Nordstad just gemeinsam geléist kréien. Wann Ettelbréck an Dikrech vun Ufank u mat all senge Partnergemengen no gëeegente Plaze fir esou Anlage gesicht hätten, da wieren d‘Problemer mat deene mir elo ze kämpfen hunn och net opgetaucht.

Elo geet et awer drëms fir aus dëser fir d‘Zukunft vun der Nordstad schwiereger Situatioun erauszekommen. Eis Fuerderungen dofir si kloer:

  • De Projet vun der Wandmille bei Biirden fale loossen
    Ee Projet, egal wéi sënnvoll en och ass, ouni Récksiicht op Verloschter stur ëmzesetzen, huet wäitreechend Konsequenzen. An dësem Fall géing awer net just d‘Akzeptanz fir weider immens wichteg Projeten am Klima- an Energieberäich erofgoen, mä als Kollateralschued géing och déi regional Zesummenaarbecht, an domadder d‘Nordstad als solches a Gefor geroden.
    Dat bedeit natierlech net, datt mir géint d‘Notze vun der Wandkraaft an eise Gemenge sinn! Mir gesinn awer hei, datt et net klappe kann, wann een d‘Leit, ewéi aner Gemenge virun ee „fait accompli“ stellt.

  • Ee gemeinsamt regionaalt Energiekonzept ausschaffen
    D‘Klimakris ass a bleift Realitéit, an och d‘Gemenge mussen dowéinst un hiren CO2- Emissioune schaffen. Fir d‘Nordstad ass déi aktuell Diskussioun ëm d‘Wandmille bei Biirden dowéinst ëmsou méi eng Chance fir aktiv ze ginn an ze weise wat fir ee Potenzial dës Regioun eigentlech huet, wann een zesummen un engem Strang zitt. Ee gemeinsamt Energiekonzept, wat mat alle wichtegen Acteuren, also och mat de Leit selwer, ausgeschafft gëtt, géing dobäi och de regionale Gedanken an der Nordstad stäerken.
    Heibäi soll net just iwwerluecht ginn, wou a wéi een erneierbare Stroum hierstelle kann, mä och wéi een de Leit kann hëllefen op propper Energien ëmzeklammen an an Zukunft insgesamt manner Stroum ze verbrauchen.

Biergerforen an der Nordstad

Wat de Prozess vun der geplangter Fusioun als solches ugeet, ass d‘Abezéie vun de Biergerinnen a Bierger immens wichteg. Mir kënnen dobäi awer net novollzéie firwat bei dëse Biergerfore just innerhalb de Gemengen, spréch d‘Bettenduerfer Leit ënner sech, etc. iwwer Themen ewéi Participatioun an de Logement diskutéiert soll ginn.

D‘Fusioun vu 5 Gemenge klappt just, wa mer ebe grad iwwer déi aktuell Gemengegrenzen ewech zesummen denken a schaffen!

Fir déi gréng NORDSTAD (Frank Thillen, Christof Theis, Abbes Jacoby)

Opmaacherbild: © Matt Flores / Unsplash

Ähnlech Sujeten Biergerforen, Biirden, Biirder Wandmillen, déi gréng Nordstad, Dikrech, Ettelbréck, Fusioun, Logement, regionaalt Energiekonzept, Wandkraaftanlagen, Zesummenaarbecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel