Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe
Neiegkeeten

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe

Mat vill Spontanitéit huet hatt sech am Concours ageschriwwen, mëttlerweil

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
Neiegkeeten

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“
Neiegkeeten

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden, woubäi si sech fir méi Transparenz an méi staark Kontrollen ausschwätzen.

Dësen Dënschden huet d’Europaparlament mat enger grouss Majoritéit den endgültege Rapport vun der Sonderkommissioun, iwwert d’EU-Geneemegungsverfuerenfir Pestiziden ugeholl. („Special Committee on the Union’s authorisation procedure for pesticides”, PEST)

An hirer Empfeelung fuerderen d’Europadeputéierten ënnert anerem vill méi präzis Ënnersichung vun all den aktive Substanzen an allen Planzenbehandlungsmëttel, besonnesch a Punkto Auswierkung op d’Ëmwelt an déi mënschlecher Gesondheet.

D’Chamber fuerdert an engems ee fundamentaalt Verbuet op d’Desikkation, also d’präventiv Benotzung vu Pestiziden fir d’Ofstierwe vun den eigentlechen Naturplanzen virun der Recolte, fir esou de Räifeprozess vun den Planzen an der Recolte ze erhéijen. Donieft fuerderen si ee generellt Verbuet op d’Notze vu Pestiziden ob ëffentleche Plazen.

Am Beräich vun der Fuerschung soll ob Déierenexperimenter wäitgoend verzicht ginn, wann Alternativen dofir virleien. Zousätzlech schwätzt sech d’Europaparlament fir eng héijer Transparenz an enger konfliktfräier Prozedur, bei dem Zouloossungsprozedur, aus. An Zukunft wäerten all d’Studien am Laf vum Joer publizéiert ginn, déi fir d’Autorisatiounsprozedur genotzt goufen. Dëst war ënnert anerem an der Bewäertungsprozedur vum Glyphosat net de Fall.

Eréischt gëschter ass eng Studie zu Stroossbuerg verëffentlecht ginn(“Detailed Expert Report on Plagiarism and superordinated Copy Paste in the Renewal Assessment Report – RAR- on Glyphosate”), an deenen d’Auteure weisen, wéi vill Monsanto, wéinst dem staarke Mangel vun Transparenzkritäre d’Glyphosat-Geneemegungsprozedur beaflosst huet.

Deputéierten Tilly Metz vun den Grénge weist sech mat dem Resultat vun der Ofstëmmung zefridden an kommunizéiert dëst och : „D’ Spezialkommissioun vum Europaparlament huet eng gutt Aarbecht geleescht an d’Mängel an der Glyphosat Geneemegungsprozedur opgedeckt. Et ass wichteg datt mir aus dëse Feeler vun der Vergaangenheet léieren. An Zukunft wäert et sécher sinn, datt d’Effekter fir Mënschen, Déieren a Natur méi staark ënnert Lupp geholl ginn. Mir brauchen eng voll Transparenz an der Geneemegungsproblematik fir chemesch Substanzen a Pestiziden, mir mussen endlech den Afloss vun Industrielllobbien zréckdrängen an mir mussen Interessekonflikter bei den Entscheedungsträger mat staarken Ethikstandarden, verhënnere“

Ähnlech Sujeten déi gréng, EU-Kommissioun, Kontroll, Pestiziden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel