Search

You may also like

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose
Neiegkeeten Stories

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose

E Sonndeg si bei engem vun de gréissten „Food“ Festivaller

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer

Op den Dag genau ass virun 188 Joer eng vun

EU-Ausseminister: Afrika hält nach Erausfuerderunge bereet
Neiegkeeten Stories

EU-Ausseminister: Afrika hält nach Erausfuerderunge bereet

Den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) huet e Méindeg un der

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!

Et bidden sech Opportunitéite fir méi Klimaschutz, douce Mobilitéit an Koherenz am Schoulbetrib, déi ze notzen a konsequent ëmzesetzen ass d‘Fuerderung vun de grénge Vertrieder am Gemengerot.

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!

Fir de François Benoy steet fest, wann een déi richteg Léieren aus de Confinement am Kontext vun der Covid19-Kris an déi deels gutt ëmgesaten Aktiounen – bezunn op de Verkéier – zitt, dierf een déi entstanen Dynamik elo net ophalen. D‘Stad Lëtzebuerg hätt eng gutt Verwaltung, um Geld géif et elo net feelen an a Krisenzäite géif et sech ubidden, an déi richteg Mesuren ze investéieren.

Den Tram – deem seng Chantiere wuel nach fir eppes Onmutt suergen – géif gutt ugeholl an déi begleedent Vëlospist wier eng däitlech Plus-value, bezunn op déi urban Deplacementer vun den Awunner a de Leit déi an der Stad schaffen. Et sollt een dann och net waarde bis den Tracé elo fäerdeggestallt ass, fir eng Ubannung vun de Quartieren un déi Vëlospist ze organiséieren.

A villen europäesche Groussstied ass an dëser Hisiicht enorm vill Geschitt. Et sinn – quasi iwwer Nuecht – op villen Haaptachsen nei Vëlospisten entstanen, sougenannt „Pop-up Lanes“, déi dann elo bäibehale ginn. Dat wier, esou déi gréng Stad, eng Geleeënheet déi de Schäfferot, trotz villen Interventiounen net genotzt hätt, wat een ausdrécklech géif bedaueren. Dobäi wier jo awer unhand den Erfarungen am Ausland ersiichtlech, datt besonnesch den Handel dovunner géif profitéieren.

Méi Plaz fir d‘Foussgänger an d‘Cyclisten am urbane Raum, esou wéi dat beispillsweis fir d‘Avenue Pasteur um Lampertsbierg schonn zanter Jore gefuerdert gëtt, fërdere besonnesch den Eenzelhandel a géif sech jo folgerichteg un déi grouss Efforten, déi vun der Stad fir Geschäftsleit gemaach ginn, ubannen. Och d‘Upassungen am Code de la Route, kéint ee méi behäerzt ugoen.

Aus dësem Grond wier et sënnvoll eng Etüd ze maachen, wéi ee méi Vëlosweeër an de Quartiere schafe kann. Am Zentrum (Um Gruef – Rue du Fossé) hätt ee jo erkannt, wat fir Avantagen sech erginn hunn, dem Duerchgangsverkéier eng Paus ze gënnen. Nach de ganze September ass dës Zon dann och fir dëse gespaart. Mat enger Motioun wäert gefuerdert ginn, datt elo bäizebehalen.

D‘Passerelle beim Viaduc wier eng wichteg Verbindung, an hei muss nach ëmmer e gréisseren Ëmwee a kaf geholl ginn, firwat d‘Verkéiersberouegung um Gruef nach méi Sënn mécht. Als weider Erfarung, nennt de François Benoy dann och déi besser Notzung vum Parkraum bei der Biedergaass (Cafe Rocas). Dësen ëffentleche Raum ze valoriséieren, kéim esouwuel de Mënschen, wéi och de Geschäftsleit entgéint. Eng „win-win“ Situatioun déi och zu méi Sécherheet bäidréit.

Manner ass Méi

Generell, esou d‘Christa Brömmel, sollt et Zil sinn, nieft engem bessere Matenaner am ëffentleche Raum, och de Kanner ee séchere Schoulwee ze garantéieren. Op ze Fouss, mam PediBus oder dem eegene Vëlo, besonnesch de klenge Kanner muss et erméiglecht gi selbstänneg an hir Schoul ze kommen. De „Kiss & Go“ ass weder fërderlech nach dréit et eppes zur Sécherheet bäi.

Hei fuerderen déi gréng d‘Aféierung vum „shared space“ bei de schoulen. De Minimum wier d‘Zon „30“ woubäi e vill méi wäit misst goen. Dës engagéiert Kommunalpolitikerin proposéiert eng Reorganisatioun vun de Stroossen ëmmer dann, wa souwisou Infrastruktur Aarbechten an de Quartiere gemaach ginn. Am beschte sollt een dat dann och direkt mat den Awunner maachen.

Gläiches géif sech d‘Christa Brömmel och an de Schoule wënschen. Méi Matsproocherecht bei der Gestaltung, fir d‘Kanner, d‘Elteren an d‘Enseignanten. D‘Schoule sinn, dat dierf een esou festhalen, de Grondstee fir Integratioun an déi sozial Kohesioun. Ronn 5.400 Kanner ginn an 19 Schoule vu 460 Enseignanten encadréiert, an all fënnefte wier net brevetéiert, esou ee vu villen Awänn.

Net zefriddestellend dann och de Fakt, datt all Joers en Drëttel vun de Leit „nei“ sinn, wat jo elo der Kontinuitéit net entgéint kënnt. Zudeem wier et wichteg och wierklech en Effort ze maachen, datt d‘Relatioun tëscht den Elteren an der Schoul besser gëtt. Nëmme 50% vun de Stater Kanner ginn an eng ëffentlech schoul, wat aus sozialer Siicht och nees dem Zesummenhalt wéineg hëlleft.

Sécher, d‘Stad Lëtzebuerg huet vill Elteren déi op de Communautéite schaffen, an och de soziale Statut spillt hei eng Roll. Net ze vergiessen, datt een d‘Butzen net alleguerte géif an den ëffentleche Schoulen ënner kréien. Eigentlech ee Grond méi sech an eng gutt ëffentlech Schoulinfrastruktur ze investéieren. Mat engem Bildungsleitbild kéint een d‘Schoulen och op ee gläichen Niveau setzen.

Leider géif den aktuelle Schäfferot déi zur Verfügung stoend Qualitéitsinstrumenter net notzen. Et gëtt weder Koherenz nach ee Suivi. A wann een nach Versteesdemech fir den duale Schoulsystem: ëffentlech / privat huet, esou bréicht eng besser Vernetzung an Zesummenaarbecht tëscht allen Institutiounen. Gläiches gëllt fir de ausserschouleschen Encadrement (Foyer an/oder Veräiner).

De Klima schützen heescht Liewe valoriséieren

Wa Mobilitéit a Schoulinfrastrukture wichteg sinn, ouni proaktiv géint de Klimawandel virzegoen, ass dat alles och näischt. Mat der Fërderung vun der doucer Mobilitéit, dem schafe vun Zone wou de Verkéier staark begrenzt bis ganz ausgeschloss gëtt, wier do schonn een éischte Schratt gemaach, mee et mussen och villen aneren Niveauen déi richteg Entscheedunge geholl ginn.

Fir d‘Linda Gaasch misst jo jidderengem kloer sinn, datt et esou net weider ka goen. D‘Waasser geet eis aus, ëmmer méi Quellen si mat Pestizide belaascht an de Bëscher um Territoire vun der Gemeng geet laang net esou gutt wéi allgemeng ugeholl gëtt. Den energeteschen Assainissement vun de Gebaier kéint méi séier virugedriwwe ginn, den Asaz vun der Fotovoltaik och.

Beim Dreck hat ee sech ambitiéis Ziler gesat, an awer huet d‘Stad en Opkomme vu 66.130 Tonnen Offall, vun deenen der 37.513 op der Sidor zu engem Koup Äsche verschafft ginn. D‘Zil 50% vum Offall der Wäertstoffgewënnung (Recycling) bis 2020 zouzedroen, ass ëm 6% verpasst ginn. Fir den een oder anere kléngt et net dramatesch, mee Klimaschutz setzt och „Zero Waste“ viraus.

U fundéierten a gutt argumentéierte Virschléi säitens déi gréng géif et net feelen, esou d‘Linda Gaasch, dat nach emol drop hiweist dat hirersäits vill Motioun agereecht goufen. Vill ze vill ginn der verworf, bei anere brauch et masseg Gedold bis se an der zoustänneger Kommissioun zur Diskussioun kommen. Dat léisst de Schluss zou, datt se um Knuedler net wierklech e Plang hunn.

Foto: (v.l.n.r.) Christa Brömmel, Claudie Reyland, François Benoy a Linda Gaasch. Si hunn, zur politescher Rentrée iwwert eng Rei aktuell Theme geschwat. Déi gréng Stad bedaueren, datt de Schäfferot net vun allen Opportunitéite gebrauch mécht déi sech ubidden, besonnesch am Kontext vun der Mobilitéit, dem Klimaschutz an der ëffentlecher Schoul. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics déi gréng stad Lëtzebuerg, Educatioun, Klimaschutz, Mobilitéit, Schoulen
Next post Previous post