Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“

Déi europäesch Vollekspartei (EPP), déi hire Kongress zu Helsinki ofhält,

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Schwéiere Gewaltausbroch bei Faschiste-Maniff an den USA
Neiegkeeten

Schwéiere Gewaltausbroch bei Faschiste-Maniff an den USA

Bei enger Versammlung vun US-Faschisten zu Charlottesville a Virginia, ass

déi gréng schloen en neit Kapitel op

D‘Jugend réckelt no an iwwerhëlt déi fräi Plazen um Krautmaart

déi gréng schloen en neit Kapitel op

Zwee Männer ginn a zwou jonk Damme kommen. Och esou kann ee sech aus enger politesch net ganz esou angenehmer Sitautioun befreien. A während um Fraktiounssëtz déi nei Gesiichter der Press virgestallt goufen, hunn d‘Zankerten den Ëmweltministère op d‘Kopp gedréit. Interessant…

Nom oppene Bréif vum fréieren Député-Maire Robert Traversini, wou dëse matdeelt datt hien elo och säi Mandat als Deputéierten néiergeluecht huet, a gewosst ass datt den Henri Kox de Ministère vum Logement iwwerhëlt, huet dat ganzt Interessi den „neie“ Gesiichter gegollt. Schliisslech sinn um Krautmaart zwou Fotelle fräi ginn, déi et nei ze besetze gëllt. An déi sinn „erfrëschend“ jonk.

Fir de Roberto Traversini iwwerhëlt d‘Semiray Ahmedova aus dem Südbezierk. Si ass 38 Joer jonk, kënnt vun Diddeleng an ass am Beruffsliewen Urbanistin. Dat de Choix op dës Damm gefall ass, huet och domatter ze dinn, datt d‘Laura Pregno am Mammecongé ass, de Romain Becker keng Loscht huet an de Georges Liesch – dee jo net wollt Buergermeeschter ginn – net interesséiert ass.

An der Fotell vum Henri Kox dierf et sech d‘Chantal Gary bequem maachen. Si ass 31 Joer Jonk a Geographin. Béiden Damme gëtt ganz vill Kompetenz an Erfarung nogesot, déi der Partei um Krautmaart soll zu méi Visibilitéit verhëllefen. Zudeem setzen si Gendertechnesch en Akzent. An déi zwou Damme maachen och d‘Fraktiounscheffin Josée Lorsché zimlech glécklech.

Vir d‘éischt de Minister…

Si huet awer nach emol, déi grouss Verdéngschter vum fréiere Réimecher Député-Maire Revue passéiere gelooss a bekräftegt, datt hie mat Ofstand dee qualifizéiertste Mann fir de Logement ass. 25 Joer Chamber, Doyen vun der Fraktioun a President vun der Logementskommissioun, si wuel keen Diplom a sech, sollen awer drop schléisse loossen, datt den Henri Kox alles am Grëff huet.

An de „Minister“ huet dann och eppes zu den Prioritéite vu sengem jo nach ganz jonke Mandat gesot. De Logementspakt an de consultativen Debat am November sinn déi „absolut“ Prioritéit. Moderniséierung an Ausbau vum militäreschen Ausbildungszentrum zu Dikrech soll séchergestallt ginn an esouguer „Eko-kompatibel“ sinn. Fir eng Arméi mécht dat eréischt um 2. Bléck Sënn.

Datt d‘Josée Lorsché, déi duerchaus hätt dierfen op dëse Posten Usproch erhiewen, brauch et keng Spekulatiounen dozou, firwat si et virgezunn huet de Virsëtz an der Fraktioun ze behalen. Datt mat der Kompetenz ass schonn ernimmt ginn, bleift nach ze soen, datt hir Mandater (an der Gemeng Beetebuerg an um Krautmaart) ausfëllend sinn, a si jo elo nei Verantwortung iwwerhuele muss.

…dann d‘Deputéiert

Si dierft dann elo och emol gefuerdert sinn, wann déi „nei Dammen“ hir Plazen anhuelen, an sech mat der Geschäftsuerdnung an der Chamber ausenanersetze mussen. Vum Semiray Ahmedova, déi bis ewell bei „myenergy“ hire Bäitrag zur energetescher Transitioun geleescht huet, heescht et, datt si „iwwerrascht“ war wéi virun 2 Deeg den Telefon gerabbelt huet. Mee esou ass dat am Liewen.

Beim Chantal Gary sollt een aleedend dierfen drop hiweisen, datt déi engagéiert Ekologistin dem Henri Kox seng Niess ass. Si huet bis ewell hir berufflech Carrière beim Verkéiersbond ulafe gelooss an huet zimlech vill wëlles. Net eleng dat si an puer Joer aus hirem klenge Wäibierg och eegene Wäi wëll eraushuelen, och politesch huet si sech uerdentlech eppes virgeholl.

Si gesäit hir Kompetenzen esouwuel an der Mobilitéit wei och an der Landwirtschaft an dem Wäibau. Dat sinn déi Kommissiounen an deenen „déi aner“ mat him rechne sollten. Déi 31 järeg Deputéiert verweist awer och op liicht Bedenken, an de Fait datt een esou ee Choix net an e puer Sekonnen huele kann. Si huet dofir hir Frënn an déi aner jonk Fraktiounsmembere consultéiert.

Ähnlech Sujeten Chantal Gary, déi gréng, Fraktioun, Henri Kox, Krautmaart, Semiray Ahmedova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel