Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten Stories

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk
International Neiegkeeten Stories

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk

Alleguerten d’Parteie schénge géint Fake News ze sinn. Mee d’LSAP

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”
International Neiegkeeten Stories

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Bicher a Verfilmungen – dat ass esou eng Saach… Well

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Migratioun, Brexit, Friemenhaass a Klimakris sinn nëmmen e puer vun den EU-Chantieren

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Während den Ament déi politesch Acteuren domadder beschäftegt sinn sech op en Neits bis hannert d‘Oueren ze blaméieren, den EU-Bierger un der Sënnhaftegkeet vu Wahlen zweiwelt an d‘Briten zu Stroossbuerg dem Parlament den Aarsch weisen, sollt een net vergiessen datt et och Aarbecht gëtt.

Mat der Klärung vun de Personalfroen hunn déi 28 Staats- a Regierungscheffen hir eege perséinlech Interessen, net awer d‘Demokratie verdeedegt. Ob a wéi d‘EU-Parlament schlussendlech doriwwer befanne wäert, dat léisst sech eréischt nom 15. Juli beäntwerten. Da sollen d‘Kandidaten, déi d‘EU-Kommissioun „proposéiert“ mat engem Vott bestätegt – oder refuséiert – ginn.

A bei all dësem Gedeessems gëtt iwwersinn, datt et zolidd Erausfuerderunge gëtt, déi enger Léisung bedierfen. Dréngend ze kläre sinn: de Brexit, den Aussenhandel an d‘Klimakris. Zudeem muss och elo emol Grondsätzleches gekläert ginn. Esou op d‘Kompetenze vun den Institutiounen oder déi vun de Länner solle gestäerkt ginn, a wéi een zukünfteg mat der „Sécherheet“ wëll ëmgoen.

Dofir ass et net verkéiert sech en Iwwerbléck iwwert déi – eiser Usiicht no – wichtegst „EU-Chantieren“ ze verschafen.

1) De Brexit

Bleift d‘EU-Kommissioun standhaft, da muss Groussbritannien zum 31. Oktober d‘Unioun verlooss hunn, et sief, d‘Brite géifen sech et nach emol iwwerleeën an awer bleiwen. Eng Optioun déi leider rechtlech garantéiert ass, awer vun den Deputéierte vum „Brexit-Party“ (si haten dem Parlament bei der konstituéirender Sëtzung demonstrativ den Aarsch gewisen) mat aller Gewalt sollt verhënnert ginn.

Laut dem aktuelle Stand sollen d‘Rechter vun den EU-Bierger a Groussbritannien erhale bleiwen, esou och d‘Rechter vun de Briten an der EU. Ongekläert bleift d‘Zukunft am Kontext vun der Zesummenaarbecht, déi sech awer mat engem vum Boris Johnson gewënschten „haarde Brexit“ nëmme schwiereg virstelle léisst. Dat gesinn och grouss Entreprisen esou, verloossen d‘Insel.

D‘EU-Kommissioun schléisst den haarde Brexit dann och net méi aus, gëtt London allerdéngs ze bedenken, datt dat och en Impakt op d‘Associatiounsofkommes (an dësem ass e Fräihandelsaccord, d‘Zesummenaarbecht bei der Sécherheet an der Fuerschung enthalen) hätt. Den Austrëtt aus Unioun ouni Ofkommes, kéint sech zudeem negativ op d‘Zesummenaarbecht an der NATO néierschloen.

2) Handel

Wann d‘EU verkënnt, datt d‘Unioun vun den 28 dee stäerkste Wirtschaftsraum duerstellt, dann dierf een vu lauter Houfert net vergiessen, datt si och zolidd ënner Drock steet. Dat ass dem Fait geschëlt, datt d‘Unioun mat den USA a China déi zwee wichtegst Handelspartner huet, an déi leien sech den Ament „an den Hoer“. Den Handelskrich deen d‘USA ausgeléist hunn, belaascht d‘EU immens.

China wiert sech géint déi Bedreeung a baut eng „nei Seidestrooss“ mat der Absicht seng Wueren a Gidder och weiderhin an Europa op de Marché ze bréngen. Vun dësem Projet hunn sech dann och eng Rei EU-Länner begeeschtere gelooss. Griicheland an Italien hu sech schonn e puer Projeten zu Sonnerkonditioune geséchert an och Lëtzebuerg huet an der Seidestrooss Opportunitéiten erkannt.

Stellt sech also d‘Fro, ob d‘EU-Kommissioun op d‘Fuerderunge vu Washington ageet a sech dann op „Handelsquoten“ aléist. Mee och mat de Konsequenze vum erzwongenen Technologietransfert, déi Peking vu sengen Handelspartner afuerdert, muss sech d‘Unioun elo eppes méi konkret a virun allem zügeg beschäftegen. Mat China rivaliséiere gëtt keen Zeenario mat engem Happyend…

3) Klimakris

Allen Negationisten zum Trotz, wäert sech d‘Unioun konkret an déifgräifend mat der Klimakris mussen ausenanersetzen. Geléngt et der Unioun net seng CO²-Emissiounen an de Grëff ze kréien, eng méi effizient Energienotzung méiglech ze maachen an d‘Offallproduktioun däitlech ze reduzéieren, verschäerfen sech mëttelfristeg och all déi aner „Problemer“. A Geld kascht et och…

Laut der europäescher Ëmweltagence (EEA) hätt den Impakt, ervirgeruff duerch de Klimawandel, vun de klimatesche Verännerungen an de leschte 40 Joer d‘Bierger vun der EU ronn 400 Milliarden Euro kascht huet. An dëser Berechnung sinn déi klimabedéngt Auswierkungen op aner Regiounen an der Welt net berécksiichtegt. Et dierft wéinst der Klimakris zu „Fluchtbeweegunge“ kommen.

Versprach gouf d‘Anhale vun de Klimaziler (Kyoto & Paräis): Reduzéierung vun den Emissiounen, Steigerung vum Undeel un erneierbaren Energien a Verbesserung vun der Energieeffizienz, dat jeeweils ëm 20%. Et reegt sech hei allerdéngs Widderstand, dat besonnesch vun den osteuropäesche Partner, déi genéidegt wieren hir Wirtschaftsmodeller ze iwwerdenken, wat schwiereg ass.

4) Migratioun

Während déi éischter realistesch ausgeriichte Politiker no enger europäescher Léisung am Kontext vu Migratioun, Asyl a Solidaritéit sichen, versichen d‘Populisten sech generell deem entgéint ze stellen. Esou beispillsweis d‘Länner vum Visegrad-Grupp. Mee och Italien huet es Sat mat all de Migranten, déi vun den ONGen op Lampedusa ofgesat ginn. „Unioun“ bedeit net „Solidaritéit“.

Eigentlech misst d‘EU-Kommissioun op d‘Anhale vum EU-Asylrecht bestoen, wat awer géif bedeiten, datt et zu juristeschen Ausenanersetzungen a folgerichteg och zu Sanktioune géif kommen. Den Ament lafen esou Verfahre géint Polen, Tschechien an Ungarn, Ausgang ongewëss. Der Unioun geléngt et net, d‘Bierger vun dëse Länner ze iwwerzeegen datt et fir si keen Nodeel ass.

Méi problematesch nach wéi sech dem Mangel u Solidaritéit an der Unioun ze erwieren, ass déi vill beschwuere Bekämpfung vun de Fluchtursaachen. Grond sinn déi ongehéierlech an opgezwongen Handelsverträg – mat beispillsweis den afrikanesche Länner – an natierlech de Waffenhandel wéi och d‘Bedeelegung un de Konflikter, virzuchsweis am Noen a Mëttleren Osten.

5) EU-Arméi

Datt déi europäesch Unioun sech sollt eng konkret Verdeedegungsstrategie zouleeën, wat géif mat sech bréngen, datt d‘Memberlänner enger EU-Arméi missten zoustëmmen, ka spéitstens nom Donald Trump sengen Aussoen zur a géintiwwer der NATO kee Land eeschthaft a Fro stellen. An dat mécht zudeem net eréischt zanter der Konfliktsituatioun an der Ukrain (Krim Annexioun) Sënn.

Hei muss drop higewise ginn, datt dem Donald Trump besonnesch dës Iddi guer net gefält. Firwat deem esou ass erkläert sech duerch den Ëmstand, datt eng EU-Arméi mat iwwer zwou Milliounen Zaldoten der US-Arméi zueleméisseg iwwerleeë wier. Zudeem, sollten sech d‘Länner vereene fir eege Waffesystemer ze entwéckelen, kéint d‘Unioun sech vun den USA onofhängeg maachen.

6) Demografie

An Europa ginn d‘Mënschen ëmmer méi al, mee et schéngt „Problemer bei der Produktioun vun neie Bierger“ ze ginn. Esou kommen aktuell op all 65 järeg Persoun, nach dräi Mënschen an erwerbsfäegen Alter, an et sollen der bis 2050 därer grad nach zwee sinn. Dësen demografesche Wandel hätt dann awer wäitreechend Konsequenzen, an net nëmme wirtschaftlecher Aart.

Hei misst d‘Unioun d‘Länner zur „Fërderung vun der Famill“ ermonteren, wat ugesiichts den nach ëmmer géigesätzleche Fuerderunge vun Industrie a Wirtschaft, an den ëmmer gréissere finanzielle Belaaschtunge fir d‘Bierger eng éischter schwiereg Entreprise ass. D‘Entreprisë setzen sech dofir verstäerkt fir d‘Zouwanderung vu sougenannte „Fachleit“ an. E politescht „gliddegt“ Eisen…

7) Populismus

Wa gewosst ass, datt an alle Länner d‘Rietspopulisten an d‘Faschisten nees däitlech u Muecht gewannen, an diverse Länner esouguer d‘Regierung stellen an hiren Afloss notze fir dem Projet Europa „de Stecker ze zéien“, da misst et offensichtlech sinn, datt sech d‘Institutiounen nees méi dem Bierger a manner de Lobbyisten zouwenne mussen. Iwwerzeegen dinn se den Ament keen.

Et wier wahrscheinlech net emol verkéiert – wann och diskutabel – sech ze iwwerleeën, ob et net zu gudder Lescht am beschte wier, déi „politesch Unioun“ opzeginn an zu enger „Wirtschaftsunioun“ zréckzekommen. Dat géif weder dem Klima, der Migratioun an och net der Verdeedegung entgéint kommen, hätt awer de grousse Virdeel, déi tatsächlech gefouert Politik méi éierlech duerzestellen.

8) Kampf vun de Geschlechter

Am Kontext vun der Gläichstellung tëscht Mann a Fra, déi der EU anscheinend eng Prioritéit ass, happert et nach. Dat europäescht Institut fir Gläichstellung (EIGE) wëll ermëttelt hunn, datt d‘EU d‘Gläichstellung zu 66% ëmgesat huet, woubäi d‘Schweden mat 83% déi éiergäizegst, an d‘Griiche mat 50% déi renitentst sinn. Woubäi d‘Fraen net eleng am wirtschaftleche Kontext denigréiert ginn.

Gewalt géint Fraen an Diskriminéierung ass a bleift déi „aner Erausfuerderung“ vun der EU, wat awer géif bedeiten, datt och nees déi ideologesch „besonnesch konservativ“ ausgeriichte Länner misste Bereetschaft weisen an op „national Wäerter“ misste verzichten, wat éischter net ze erwaarden ass. Mat „Opklärung“ eleng ass et net gedoen a veruerdne kann d‘EU dat net.

9) Digitaliséierung

Et steet ausser Fro, datt sech d‘Unioun dréngend a virun allem wiesentlech méi konkret mat der ëmfaassender Digitaliséierung vun der EU befaasse muss. Wien an der digitaliséierter Wirtschaft wëll mathalen ass hautdesdaags op e séieren Internet ugewisen. Déi bescht Schüler sinn déi baltesch Länner, Lëtzebuerg kënnt gutt no an eis däitsch Noperen hunn den Uschloss esou gutt wéi verpasst.

D‘Kommissioun huet d‘Digitaliséierung als iewescht Prioritéit ausgewisen, wat zwar iergendwéi Sënn mécht, allerdéngs och nees frappant ënnersträicht, fir wien sech d‘Kommissioun asetzt, an dat ass an dësem Fall net de Bierger, och wann dësen dovunner mat profitéiert. Esou ka sech d‘EU-Kommissioun virstellen, Konzerner aus dem digitale Beräich verstäerkt an de Prozess anzebannen.

mat indymedia/bru/lon

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Brexit, Digitaliséierung, Erausfuerderungen, Europa, Handel, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel