Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Wann sech d’Presidente vu Russland an den USA haut zu

christian dating site australia
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

happn dating app free download

Nodeems déi portugisesch Ambassade onrechtméisseg eng zu Lëtzebuerg beschäftegt Botzfra

dislike
Editorial: Zuelespillereien
https://moien.lu/hook-up-solenoid/

Editorial: Zuelespillereien

All puer Méint ass et dat selwecht: RTL, Wort an

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018

Ofgesinn datt 2018 Chamberwahlen ustinn, gëtt et fir d‘Regierung nach eng ganz Rëtsch Dossieren déi et gäre geséichen ofgeschloss ze ginn. Esou beim Volet „Reformen“. Hei gëllt et nach virum Enn vun der Legislaturperiod fäerdeg ze ginn.

Mat de Kierchefabricken, dem Spidolsplang, de Rettungsdéngschter an dem Prisong, ass sech vill virgeholl ginn. Mee och d‘Dossiere Prostitutioun a Scheedung géife gäre finaliséiert ginn. Dat bedeit fir Koalitiounsfraktiounen, datt ee sech muss tommelen a sech an de Kommissiounen zügeg sollt virukommen. Et gëtt deemno 2018 net méi einfach…

Elo dierf een awer behaapten, datt eng ganz Rei Dossieren um beschte Wee sinn. Et gëtt sécherlech och där anerer, do wou et schwiereg ass jidderengem Satisfaktioun ze ginn. Dat gëllt iwwregens och fir de Staatsrot, dee an de leschter Zäit mat sengen Avisen, net ëmmer den Toun vun der Regierung trëfft.

Zum Ofschloss muss bruecht ginn:

1) D‘Reform vun de Kierchefabricken

Dës Reform dierft eng vun den éischte Sinn, déi 2018 ofgeschloss gëtt. De Gesetzprojet iwwert d‘Gestioun vun de Gebaier an anere Gidder déi der kathoulescher Kierch gehéieren, kéint schonn am Januar zur Ofstëmmung stoen.

Vum Staatsrot hir gëtt et keng Awänn, vu datt weder den éischten, nach den zweeten Avis eng formell Oppositioun enthalen huet. Bei der „Kierch“ selwer ass de Projet net esou gutt ukomm. Do wäert e sech domatter mussen offannen, datt déi 285 Kierchefabricken an engem Gestiounsfong zesummegefouert ginn.

2) De Spidolsplang

An der Gesondheetskommissioun ass déi parlamentaresch Aarbecht zum Spidolsplang wuel ofgeschloss, mee en Awand vum administrative Geriicht huet den Zäitplang vun der Reform op d‘Kopp gestallt. Den Awand betrëfft d‘Monopolstellung vum nationale Laboratoire (LNS) am Bezuch op déi anatomesch pathologesch Analysen.

Hei mussen eis Deputéiert nobesseren, wëll se d‘Konkurrenz vun de vereenegte Laboratoire mussen zouloossen. Dobäi war et gutt geduecht. E Laboratoire dee sech ëm d‘Analyse vun der pathologescher Anatomie an der Genetik këmmert, war am LNS virgesinn.

Dësen Diagnostik-Zenter mat senger Monopolstellung ass dann och vun der Gesondheetsministesch virum administrative Geriicht verdeedegt ginn, iert d‘Regierung sech entscheet huet an Appell ze goen. Dat war am Juni. Leider huet d‘Geriicht Enn November d‘Uerteel aus éischter Instanz bestätegt. Wéi eng Auswierkungen dat elo op Spidolsplang huet gi mer 2018 gewuer.

3) Reform vun de Rettungsdéngschter

Dat ass eng vun de Reformen, déi bei de Betraffene kontrovers diskutéiert gëtt, woubäi et net d‘Iddi vum CGDIS (Groussherzogleche Brand- a Sauvetagedéngscht) ass déi per se a Fro gestallt gëtt. Mee mat enger Administratioun déi sech zukünfteg ëm d‘Belaanger vun „alle“ Pompjee an dem SAMU këmmert, ziilt de Minister Dan Kersch drop of, d‘Service méi professionell ze gestalten.

Wann de Rhythmus bäibehale ka ginn, dann, esou de Minister, sollt d‘Reform den 1. Juli 2018 a Kraaft trieden. Virdru muss awer nach ee wichtege Punkt gekläert ginn. Wéi integréiert een déi professionell Pompjeeën (där gëtt et der aktuell nëmmen an der Stad Lëtzebuerg), d‘Prise en Charge vun de Gebaier an de Gefierer – déi am Moment nach de Gemenge gehéieren – an de faméise CGDIS?

4) D‘Prisongsreform

Bei der Prisongsreform steet nach villes op der Lee. Dat läit dorunner, datt sech d‘Regierung hei mat zwee Gesetzprojete fir eng Reform muss ausenaner setzen. Do ass dann engersäits d‘Reform vun Administratioun an anersäits d‘Gesetz zur Exekutioun vun de Strofen.

An och wa béid Gesetzer dat selwecht Zil hunn, also zu enger gelongener Resozialiséierung vun de Brigange ze kommen, esou geet elo drëms, kohärent Gesetzestexter virzeleeën. De Justizminister Felix Braz ass hei allerdéngs zouversiichtlech. Hien ass iwwerzeegt datt déi Reform bis September 2018 duerchgesat ka ginn.

5) Prostitutioun a Proxenitismus

De Kampf géint d‘Prostitutioun an de Proxenitismus, grad ewéi de Mënschenhandel zu sexuellen Zwecker soll duerch e Gesetz gestëtzt ginn. Hei huet awer schonn de éischten Avis vum Staatsrot am Mee fir Amendementer gesuergt. Dee wollt Kloerheet zum Recht fir d‘Police sech Zougang zu allen ëffentleche Plazen ze ginn, wou méiglecherweis Prostitutioun besteet.

En Zougang deen dann awer och wichteg ass, fir Indizien ze fannen déi op Proxenitismus oder Mënschenhandel hiweisen. Eng Eestëmmegkeet huet et an der Kommissioun fir den Amendement net ginn, firwat de Staatsrot tranchéiert huet, a seng formell Oppositioun „gestrach“ huet. Dat zumindest ass dem komplementaren Avis vum 7. Dezember ze enthuelen.

Wann dann elo kee méi en Awand huet, och wann ee sech an der Chamber op eng hëtzeg Debatte sollt astellen, misst och dëst Gesetz a Kierzt zu Ofstëmmung stoen. Dat kann Enn Januar oder Mëtt Februar de Fall sinn.

6) D‘Reform vum Scheedungsrecht

Eng weider ganz wichteg Reform, betrëfft eist Scheedungsrecht. Et huet dann och net gutt ugefaangen, wëll schonn am Januar hat de Staatsrot kee positiven Avis kënnen ofginn. Zudeem hunn e sëllechen Acteuren och hiren Avis ofginn, an do sinn och Ännerunge verlaangt ginn.

Dem Justizminister war näischt iwwreg bliwwe wéi am November der zoustänneger Kommissioun, d‘Haaptausriichtung vum Gesetz an iwwer honnert Amendementer virzeleeën. Déi schéngen zumindest an der Kommissioun akzeptéiert ginn ze sinn. Elo sinn da beim Staatsrot fir en Avis complementaire.

Op deen elo mat den Amendementer averstanen ass, dat steet bis 2018 op engem anere Blat. Eng Äntwert vum Staatsrot sollt et dann och Ufank vum Joer ginn, esou datt een dierf unhuelen, datt d‘Gesetz nom Fréijoer an der Chamber ka gestëmmt ginn.

Ähnlech Sujeten Kierchefabricken, Prisong, Prostitutioun, Reformen, Rettungsdéngschter, Scheedung, Spidolsplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel